En français, s'il vous plaît?

Firwat ass d'Franséisch nach ëmmer esou wichteg am Lycée? A wat genau soll een haut an der Schoul léieren?
An engem décke Joer, vun der Schoulrentrée 2026/27 un, gëtt am ganze Land d’Alphabetiséierung op Franséisch ugebueden. Dat heescht, et kann een net wéi bis ewell nëmmen op Däitsch liesen a schreiwe léieren, mä och op Franséisch.
D’Carine Lemmer dréit a sengem Commentaire de Spiiss ëm a freet, wéini dann am Lycée méi Chancëgläichheet kënnt a Franséisch manner wichteg gëtt. A stellt d’Fro, wat een haut nach soll an der Schoul léieren?
De Lycée classique bleift klassesch an zanter Joerzéngten ännert sech wéineg. D’Gebaier kruten zwar méi Autonomie a kënne méi innovativ sinn. Mä eng wierklech Lycéesreform gouf et net. D’Fächer bleiwe klassesch, och wa VIESO oder Digital Sciences bäikomm sinn. An – sou war et nach ëmmer a sou soll et anscheinend och bleiwen – d’Niewefächer si vu 4e un op Franséisch an d’Mathé souwisou scho vu 7e un. Firwat ee Mathé net op Däitsch kann enseignéieren oder datt et keng uerdentlech däitsch Mathésbicher soll ginn, hunn ech nach ni verstanen. Fazit: Wien e Problem mam Franséischen huet, huet et schwéier am klassesche Lycée.
Ëmmer méi Schüler a Schülerinnen an och Erwuessener kënnen awer manner gutt Franséisch. Däitsch ass vill méi no um Lëtzebuergeschen. An d’Englescht kritt ëmmer méi eng grouss Wichtegkeet, och am Beruffsliewen. Mä beim Staat mëss de keng Carrière, wann s de net e gewëssen Niveau am Franséischen hues. Och beim Staat gi vill Leit gesicht. Wéi laang muss oder kann een nach dorunner festhalen? Ass dat Franséisch esou wichteg, wéi mir et maachen? Kéint Englesch net och eng Kéier eng Amtssprooch ginn? A firwat kënnen déi Niewefächer am Lycée net och op Däitsch sinn?
Europaschoulen ëmmer méi Alternativ zum Lycée
Dat Meescht dovunner ass den Ament onvirstellbar. De klassesche Lycée bleift klassesch. Am General huet ee reagéiert mat engem méi niddrege Franséisch-Niveau an déi ëffentlech Europaschoule setzen op d’Sproochen-Ënnerscheeder. An hunn domat enorme Succès. Wat u sech fir d’Auslänner geduecht ass, kënnt och bei de Lëtzebuerger gutt un. Franséisch däerf net den Haaptkrittär si fir eng akademesch Carrière.
D’Europaschoule boomen, och well se aner Promotiounskrittären hunn an deels d’Fächer anescht uginn. Manner auswenneg Gebéchs, mä méi verstoen an interpretéieren. A si setzen op Walfächer amplaz op Sektiounen. Dat steet u sech als Pilotprojet och am Regierungsprogramm dran, mä ob et jee kënnt, bleift ofzewaarden. An der Tëschenzäit kommen am Lycée weider nei Sektioune bäi.
Wat soll een haut nach an der Schoul léieren?
Reformen an der Schoul si sou schwiereg wéi all näischt Gutts, voire heiansdo onméiglech. D’Mëttegstonn vun zwou Stonnen an der Grondschoul bleift, och wa kee méi doheem ass, fir de Kanner ze kachen. D’Summervakanz dauert zwee Méint, och wann dat pedagogesch ze laang ass a vill Elteren net wëssen, wéi se hir Kanner betreit kréien. An am Lycée gëtt klassesch un de Fächer festgehalen an un de Programmer. Wat do haut nach alles Sënn mécht, och mat ChatGPT, ass eng aner Fro, mä et schéngt mer, wéi wann op ville Plazen, a ville Gebaier a bei ville Proffe wéineg geännert huet am Verglach mat virun 30, 40 Joer.
Natierlech brauch ee Wëssen a Bildung. Mä et muss een och léieren, wéi een eens gëtt am Liewen a selbststänneg weess, Problemer ze léisen. Dat muss een och an der Schoul léieren. An et brauch een eng mental Stäerkt, fir allgemeng mat Erausfuerderungen a mat Drock eens ze ginn. A fir zefridden am Liewen ze ginn.