Grad wéi de Gesondheetssecteur, steet och d'Schoul den Ament virun engem Haaptproblem. Genuch Personal ze fannen fir de Schüler a Schülerinnen den Unterrecht garantéieren ze kënnen. Dobäi dierfen déi Responsabel awer kloer een Zil net aus den An verléieren, mengt d'Claude Zeimetz haut a sengem Commentaire, an zwar d´Kanner an déi Jonk sou laang an d´Schoul schécken wéi et nëmme geet.

De Commentaire vum Claude Zeimetz

"An der Reegel stécht ee sech net an der Schoul un", et ass dee Saz vum Claude Meisch, deen dem Minister den Ament besonnesch ëm d’Ouere flitt. E Saz, deen an den Ae vu ville besuergten  a skepteschen Elteren an Enseignanten net mat der Realitéit um Terrain iwwertenee stëmmt.

En Terrain, deen den Ament, ewéi sou dacks zanter dem Ausbroch vum Virus, mat groussen organisatoreschen Erausfuerderunge konfrontéiert ass. Quarantänen, Isolatiounen, partiellen Homeschooling, Informatiounsdefizitter, Personalausfäll, déi nëmme ganz schwéier opzefänke sinn. Jo de Virus ass kloer an de Schoule present, grad wéi am Rescht vun der Gesellschaft. D'Schoule sinn awer, an dat ass och international beluecht, net de Motor vun der Pandemie.
De Präsensunterrecht dowéinst zu dësem Ament duerch e generaliséierten Homeschooling oder den A-a B-Modell queesch duerch d'Land z'ersetzen, wier definitiv déi falsch Äntwert.

Hunn all des Leit iere vergiess, wat de Lockdown mat ville Kanner a Jonke gemaach huet? Kanner a Jonker deenen net nëmmen de Kontakt zu Gläichalteregen a kloer Strukturen, mä ganz einfach och déi technesch Moyenen an de Support vum Enseignant fir ze léiere gefeelt hunn. Familljen, an deenen et kee Laptop, kee Computer fir jiddereen, kee Printer gëtt, gëtt et och hei am Land. Wann een d'Schwaachstellen an der éischter Well detektéiert huet, Kanner, déi carrement ganz vun der Bildfläch verschwonne sinn, wier et souguer fahrlässeg nees op dee Wee zréckzegoen. An engem Land, an deem et scho viru Corona schlecht ëm d'Bildungschancëgläichheet gestallt war.

Schoulen, grad wéi d'Veräinsliewen och, leeschten nämlech en duerchaus pedagogesch wäertvolle Bäitrag am Ëmgang mam Covid, bidden e gereegelt Ëmfeld an d'Méiglechkeet ze sensibiliséieren.  Souguer an engem méi generelle Lockdown, dee wuel och hei am Land komme muss a komme wäert, musse Schoul a Betreiungsstrukturen assuréiert bleiwen. Duerfir muss den Educatiounsministère awer garantéieren, datt an de Gebaier sécher Schoul ka gehale ginn. Fir de Wanter, wann d'Lëfte bei Temperaturen ëm de Gefréierpunkt nach méi schwiereg gëtt, mussen alternativ Weeër elo scho gesicht ginn. Elo schonn, fir datt et net an engem Kuddelmuddel endegt, wéi  mam neie Covid-Gesetz.

Wouropper de Claude Meisch bis ewell kloer eng Äntwert schëlleg bleift, dat ass op de volle Schülertransport. Dobäi kéint ee sech op d'mannst erwaarden, datt sech an de Ministèrë Gedanke gemaach ginn, ob a wéi d'Passagéierzuele gedréckt kéinte ginn. Wann net driwwer communiquéiert gëtt, muss een dovunner ausgoen, datt dat net geschitt. Jo et schléit een och keng Busser einfach esou aus dem Steen, an Horairen änneren geet och net sou einfach. Mä op d'mannst kucke wat mat decaléierte Schoulhorairen z'erreeche wier, wier e Message. Amplaz ëmmer nëmmen ze widderhuelen, et géif keng Beweiser, datt ee sech am ëffentlechen Transport ustécht. Wéi soll et dat och ginn? Et gëtt och keng Beweiser, datt et net de Fall ass.

Ängscht a Suerge seriö huelen, op d'Leit lauschteren, dat ass dat op dat et elo ukënnt. Transparent informéieren an den Informatiounsfloss an d'Zesummenaarbecht verbesseren. Och am ugespaante Verhältnis tëscht Educatioun a Santé. No de rosene Communiquéen schéngt de Minister och elo endlech verstanen ze hunn, wat gelaut huet. Ëmmerhi geet et ëm net méi an net manner wéi seng eegen an der Regierung hir Kredibilitéit. D'Vertrauen ass all Zäit ellen ugekraazt.

Dat wat jidderee vun eis maache kann ass, sou wäit et geet doheem bleiwen, Kontakter reduzéieren. Net nëmmen am Interessi vun de Vulnerabelen an dem Gesondheetssecteur, mä och, fir datt d'Kanner weider an d'Schoul goe kënnen. Et ass dat wat se brauchen.