
Déi franséisch konservativ EU-Deputéiert Céline Imart - selwer Bauer - huet d‘Initiativ lancéiert. Si gesäit nämlech e “richtege Verwiesselungsrisiko”, well planzebaséiert Ersatzproduiten net déi selwecht Närwäerter hätte wéi d’Originaler vun den Déieren. De Konsument bräicht Kloerheet. Hien dierft net getäuscht ginn an d’Aarbecht vun de Bauere misst och unerkannt ginn.
Sécher ass, datt d’Baueren an d’Landwirtschaft eng grouss Lobby am Europaparlament hunn, soss hätt sech déi Initiativ net duerchgesat. Datt de Konsument getäuscht gëtt oder eppes verwiesselt, ass awer kaum ze fäerten. Et wär och net auszedenken. Mä wie “Burger” oder “Schnitzel” ka liesen, versteet och “Tofu” oder “vegetaresch”. D’Lëscht mat den Ingredienten, déi bei den Ersatzproduite gäre kritiséiert gëtt, ass och ganz kloer.
Datt de Verbraucher net soll getäuscht ginn, ass wichteg. Mä da wannechgelift och keng frou Kou op der Mëllech, wann d’Kou ni eng Wiss gesinn huet. An da wannechgelift och de Konsument däitlech warnen, datt ze vill rout Fleesch oder verschaffte Fleeschproduite wéi Ham oder Wurscht kriibserreegend an net gesond sinn. Vum Klima oder vum Déierewuel schwätze mer lo mol net.
Zanter 2013 däerfen engem EU-Reglement no planzlech Liewensmëttel net “Mëllech”, “Jughurt”, “Kéis” oder “Botter” genannt ginn. Hafer- oder Sojamëllech däerf offiziell net sou heeschen, mä et muss “Hafer- oder Sojadrink” dropstoen. Am Sproochgebrauch huet dat sech awer net duerchgesat.
D’Argument mam Verbraucherschutz beim Veggie-Burger oder der Tofu-Wurscht ass Quatsch. Et geet u sech ëm d’Muecht iwwer d’Sprooch an iwwer d’Marchéen. Schnitzel kënnt vun “ofgeschniddent Stéck” an eng Wurscht muss dem Duden no net onbedéngt aus Fleesch sinn, mä de Begrëff steet och fir déi längelzeg Form, also eppes, wat ausgesäit wéi eng Wurscht.
Dat ass dem Europaparlament awer alles wurscht. Betriber, déi réng Fleeschproduite verkafen, hunn an de leschte Jore Parts de marché un d’Veggie-Ersatzproduite verluer. Déi Intressevertrieder maache Lobbyaarbecht fir Gesetzer, déi hir Produiten ervirhiewen an déi vun der planzlecher Konkurrenz ofwäerten.
D’Europaparlament huet sech mat dësem Vott kee Gefale gemaach, mä ass éischter nees als Verbuets- a Reguléierungspoliss opgefall. “Hu mer soss keng Suergen?”, gëtt och gäre kritiséiert, bei Problemer wéi Wirtschaft, Migratioun an Defense. D’Parlament hätt net misse virun der Fleeschlobby aknécken, mä hätt kënnen de Wandel zu manner Fleesch a méi Planze positiv begleeden. De Vott vum Europaparlament ass elo nach kee Gesetz a gëtt och villäicht keent. Déi eenzel Länner mussen elo nach ëm d’Wurscht verhandelen.