E Méindeg huet den Autofestival ugefaangen. De Serge Pauly ass iwwerzeegt, dass et vill gutt Grënn fir en Elektroauto gëtt. Mä hie stéiert sech drun, dass an der Klimaschutzdebatt eenzeg an eleng de Motor den Ausschlag gëtt, op en neien Auto och politesch korrekt ass. E Commentaire.

De Commentaire vum Serge Pauly

Et wär en historeschen Dag, esou de Claude Turmes virun enger knapper Woch op enger Pressekonferenz. Zu Washington wär de President Trump definitiv Geschicht an um Kierchbierg géifen déi éischt super séier Luedborne fir Elektroautoen ageweit ginn. Et war ee vun deene Momenter, wou een als Journalist do sëtzt a sech freet: „Wär dat elo net och eng hallef Nummer méi kleng gaangen?“. Op der anerer Säit: dee Verglach ass Ausdrock vun der dacks verkläerter ideologescher Vue, déi d’Politik, net nëmmen, awer och zu Lëtzebuerg, op den Elektroauto huet.

Dass d’Politik d’Autosindustrie un déi kuerz Lénkt geholl huet, fir dass déi klimaschiedlech Emissioune zeréckginn, war sécher néideg. Ambitiéis CO2-Limitten, méi streng Euro-Ofgas-Normen, milliouneschwéier Strofe wann e Constructeur säi Flotteverbrauch net genuch dréckt, dat alles huet d’Autosindustrie virun déi warscheinlech gréissten Erausfuerderungen an hirer Geschicht gestallt. Séier hunn d’Ingenieuren erausfonnt, dass d’Elektrifizéierung vun de Gefierer, trotz allen technesche Schwieregkeeten, nach déi einfachst Léisung wär, fir dës Ziler z’erreechen. An hir Kolleege vum Marketing hu parallel déi passend Geschicht vun den „null Emissiounen“ geschriwwen.

Mam Resultat, dass den Elektroauto mëttlerweil Synonym ass fir de propperen, nohaltegen, ekologeschen… kuerz: gréngen Auto. Si sinn effektiv emissiounsfräi, oder op d’mannst lokal emissiounsfräi wéi verschidde Constructeuren am Klenggedréckte vun hire Prospekter präziséieren, a wäerten e groussen Deel zu enger besserer Loftqualitéit an de Metropole vun dëser Welt bäidroen.

An awer ass d‘Euphorie vu ville grénge Politiker a Klimaaktivisten net nozevollzéien. En Elektroauto bleift en Auto. Et muss ee keng vill zitéiert schwedesch Etüd aus dem Tirang zéien, fir erauszefannen, dass ee mam Elektroauto weder eis Ressourcen- nach eis Mobilitéitsproblemer an de Grëff kritt. D’Batterië si sécher net dat ëmweltfrëndlechst, wat d’Autosindustrie bis ewell erfonnt huet. A mam Elektroauto steet ee grad esou am Stau wéi mat jiddwer anerem Auto och.

Den Elektromotor mécht net automatesch aus engem Auto en nohaltegen Auto. Eng Sportslimousine mat knapp 700 Päerd ass net nohalteg. E SUV mat 2 Komma eppes Tonnen ass net nohalteg. Dat ass eng Ressourceverschwendung, egal op een elo Bensin, Diesel oder Stroum tankt.

Et geet net drëms, fir d‘Elektroautoen alleguer ze verdäiwelen. Mä Autosconstructeuren a -vendeure sollen ophalen, och onverstänneg Autoen gréng unzepinselen. D’Proprietäre vun esou Ween sollen ophalen hirem Noper ze verzielen, si wären elo besonnesch klimabewosst. An d’Politik soll ophalen, staatlech Subventioune fir esou Autoen als Deel vun iergendenger Klimastrategie ze verkafen. 8.000 Euro Primm fir jiddwer Elektroauto, ouni weider Nohaltegkeetskrittären, domadder rett ee kee Klima, mee wann iwwerhaapt nëmme Garagisten.

Den Elektroauto wär klimafrëndlech, widderhuelen d’Ministere Bausch an Turmes bei jiddwer Geleeënheet. Et ass, wéi wa se sech hannert dem Elektroauto verstoppe géifen, fir den eigentleche Problem net uschwätzen ze mussen. Nämlech, dass mir nach ëmmer ze vill Auto fueren, dass d’Autoen ëmmer méi grouss a méi schwéier ginn an dass mir eis einfach ze dacks en neien Auto kafen. Do ass en déifgräifende Mentalitéitswiessel néideg, deen nëmme méiglech gëtt, wa Politik, Industrie a Konsumenten ophalen, den Elektroauto als eenzege Klimaretter ze glorifizéieren.