Vum 12. Februar bis de 29. Mäerz ass de nationale Klima- an Energieplang fir de Public zougänglech gemaach ginn. Et sollt eigentlech eng grouss Diskussioun a Consultatioun stattfannen, mä iergendwéi ass de Klimaschutz am Laf vum Mäerz wéinst aneren Ereegnisser ganz onerwaart aus de Schlagzeile geroden.

Aktuell kaum virstellbar, huet ufangs Mäerz déi politkonform „Kommunikatioun“ zum Thema „Klima- an Energieplang“ awer nach ganz normal an de Lëtzebuerger Medien funktionéiert, a war en dominante Sujet.

Dat hei ass dofir e „nostalgesche“ Flashback zeréck op den drëtte Mäerz. Mä wéisou grad deen Dag ?

Effektiv gouf deen Dag de gréisste Lëtzebuerger Wandpark am Norde vum Land mat héijer politescher Presenz ageweit. Zu dësem freedegen Ulass gouf de „Leit dobaussen“ owes am RTL Journal d'Wandenergie am Allgemengen an de Projet vum Wandpark am Besonneschen an deene schéinste Faarwen a mat de schéinsten Zuele schmackhaft gemaach.

Dat d'Realitéit vun der Wandenergie sech duerch eng ganz Rei vu negativen Impakter a Punkto Versuergungssécherheet, Ëmweltverdréiglechkeet a Bezuelbarkeet auszeechent, gouf op dëser Plattform schonn an e puer Bäiträg op der Basis vu konkreten Donnéeë gewisen (Merci un rtl.lu !).

Dës konkret Aspekter sinn zu Lëtzebuerg an der offizieller journalistescher Aarbecht awer ëmmer nach en Tabusujet, a wieren den Dag vun der Aweiung vum Wandpark natierlech just eng Spaassbrems gewiescht.

Wann ee weess, dat den Undeel vun der Wandenergie zu Lëtzebuerg − an och weltwäit − am Schnëtt just e puer Promill vum gesamten Energieverbrauch duerstellt, da sollte mer eis vläicht ganz kuerz an Erënnerung ruffen, firwat zu esou Instrumenter ewéi der Wandenergie gegraff gëtt, a wat dat globaalt Zil vun deene ganzen Ustrengungen ass. De Wee zu dem globalen iwwergeuerdenten Zil kéint ee gedanklech a folgend véier Schrëtt opdeelen :

· Fir unzefänke gëtt et politesch Ziler, déi de konkreten Ausbau vun der Wandenergie betreffen. Esou solle mer fir den Horizont 2030 op järlech 674 Gigawattstonne Lëtzebuerger Wandstroum kommen.

· D'Wandenergie gëtt gefërdert als Instrument am Kontext vun den Ziler déi sech gesat ginn fir d'CO2 Emissiounen ze reduzéieren.

· D'CO2 Emissioune solle reduzéiert ginn mat dem groussen Zil fir de mënschegemaachte Klimaverännerungen entgéint ze wierken.

· Klimaschutz ass awer och kee Selbstzweck. Dat iewescht Zil beim Klimaschutz ass de Naturschutz : de Schutz vun de Liewensbedingungen fir Mënsch, Fauna a Flora, den Erhalt vun der Biodiversitéit.

Wann een an der Praxis awer gesäit, op wéi eng rücksichtslos Aart a Weis ëmmer méi gigantesch Industrieanlagen an d'Gréngzonen opgeriicht ginn, ouni dat e konkrete Noweis muss erbruecht ginn wat hir tatsächlech Klimawierksamkeet ass, da muss ee sech awer froen, ob dat iewescht Zil nach ëmmer de Naturschutz ass, oder ob et net awer elo nach just ëm den Ausbau vu bestëmmten Öko-Industrië geet, an ëm den Erhalt vun engem subventionéierte Geschäft.

An deem Sënn kruten d'Leit den drëtte Mäerz e komplett eesäitege Storytelling gebueden, an dat gëtt engem awer dach esou lues ze denken, datt d'Medien an deem Kontext entgéint all rational Argumenter ëmmer nach fir en ideologesche Message an en industrielle Lobbyismus agespaant ginn.

Am Folgenden soll op der Basis vu konkrete Beispiller de gebuedene Storytelling mat der Realitéit konfrontéiert ginn.

Beispill 1 : Storytelling zum Thema „Stroumproduktioun“

Zu der gesamter Lëtzebuerger Wandstroumproduktioun gouf Folgendes gesot : „Iwwer d'Wandrieder ginn dëst Joer hei am Land ronn 314 Gigawattstonnen Elektresch produzéiert. Dat geet duer fir eng 170.000 Persounen mat Stroum ze versuergen". Wat de neie Wandpark ubelaangt, sollen déi siwen Anlage vu jeeweils 3,3 Megawatt eng järlech Produktioun bis zu 63 Gigawattstonnen hunn, wat nom Bedreiwer theoretesch dem Verbrauch vu bis zu 36.000 Persounen entsprécht.

Dës Aussoe sinn op alle Fall scho mol héchsterstaunlech wann ee bedenkt, datt d’Joer zu deem Zäitpunkt grad just zwee Méint al ass, an hei elo scho kloer Prognose gemaach ginn iwwer eng wiederofhängeg an zoufälleg Stroumproduktioun bis zum Enn vum Joer.

Bei der Stroumproduktioun sinn ëmmer zwee Aspekter ze betruechten : den Aspekt vun der QUALITÉIT, grad ewéi dee vun der QUANTITÉIT vun dem Wandstroum.

Hei elo d’Realitéit wat d'QUALITÉIT vun der Stroumproduktioun ubelaangt : d'Wandenergie huet NOWEISLECH KENG VERSUERGUNGSSÉCHERHEET an hir Leeschtung ass zu kengem Zäitpunkt ugepasst (cf. Analys vum Fachverband VGB : „Windenergie in Deutschland und Europa" aus de Joren 2017 an 2018).

Et ginn also guer keng 170.000 Leit dëst Joer mat Wandstroum VERSUERGT. Ouni Versuergungssécherheet an ouni ugepasste Leeschtung ginn an der Realitéit iwwerhaapt keng Leit mat dësem Stroum VERSUERGT.

Dës Täuschung huet grave Konsequenzen : Stroum dee mat enger willkürlecher Leeschtung zu engem willkürleche Moment an d’Netz agespeist gëtt, d.h. Stroum dee net am Gläichgewiicht ass mat dem Verbrauch vun den „170.000 Leit“, deen dréit dozou bäi d’Stroumnetzer ze destabiliséieren an d‘kuerzfristeg Grousshandelspräisser op de Stroumbourssen ze deregléieren. Mat dem Resultat, dat konventionell Kraaftwierker bei all neier Wandanlag déi dobäi kënnt et ëmmer méi schwéier kréie fir den Ausgläich ze schafen an d’Netz stabil ze halen, an dat de Stroum fir déi „170.000 Leit“ ëmmer méi deier gëtt.

An elo d‘Realitéit wat d'QUANTITÉIT vun der Stroumproduktioun ubelaangt : hei gëtt nach ëmmer de fiktive Vergläichswäert „Haushaltsstroum pro Joer" beméit fir eng marginal Quantitéit grouss wierken ze loossen. Dëst ass eng bewosst Täuschung, an dat gëtt engem am Folgenden och séier bewosst.

Setze mer dat Ganzt emol an e globale Kontext : Mir striewe bis d'Joer 2050 eng Dekarboniséierung un, a wëllen esouwuel fossil Energien ewéi d'Atomenergie ofschafen. D’Energiestrategie baséiert also op 100% erneierbaren Energien. Haaptpilieren vun der aktueller Energiestrategie si Wandenergie, Fotovoltaik a Biomass (Geothermie, Waasserkraaft an divers aner Stroumproduktioune sinn an de meeschte Länner relativ begrenzt).

Zu de konkreten Zuelen déi hei genannt ginn : déi 36.000 Leit, déi als Vergläichswäert fir d’Stroumproduktioun vum neie Wandpark erugezu ginn, stelle knapps 6% vun eiser gesamter Bevëlkerung duer. De gesamten Haushaltsstroum mat ronn 0,9 Terawattstonnen mécht ongeféier 1,8% (!) vun eisem gesamten Endenergieverbrauch aus, dee laut STATEC tëschent 2015 an 2018 vun 47,2 Terawattstonnen op 51,4 TWh gewuess ass, natierlech ganz am Sënn vun eiser ambitiéiser Energieeffizienzpolitik.

Dat heescht mat anere Wieder, dat de Bäitrag vun dësem gréisste Lëtzebuerger Wandpark grad emol 6% mol 1,8% ass gläich 0,1% bedréit. Also e Bäitrag vu just engem eenzege klenge Promill ! Dat kléngt natierlech manner spektakulär ewéi „36.000 Leit“, a weist dat et hei net ëm Klimaschutz geet, mä ëm e ganz banale Business, dee leider riskéiert op d'Käschte vun der Natur ze goen, ewéi mer elo am weidere Verlaf gesinn.

Et muss ee sech och froen ewéi realistesch d'Prognose vum Wandpark sinn. Déi annoncéiert 63 Gigawattstonne Joresproduktioun, bei enger installéierter Leeschtung vu ronn 23 Megawatt, géinge scho bal der Auslaaschtung vun engem OFFSHORE Wandpark entspriechen. D'Moyenne an Europa läit éischter bei ronn zwee Drëttel vun dëser erhoffter Auslaaschtung.

Fir an engem Gedankenexperiment elo op déi noutwendeg 100% vun eisem Energieverbrauch ze kommen (deen hoffentlech net nach weider wiisst), bräicht ee bei enger méi realistescher Auslaaschtung ronn 16.000 där Megawandanlagen wéi se hei opgeriicht goufen (Verloschter bei der Späicherung mat aberechent), oder als Alternativ zu der Wandenergie wieren et Fotovoltaikparke mat enger Gesamtfläch vu ronn 160.000 Hektar, oder Felder mat Energieplanzen mat ongeféier der aachtfacher Gréisst vu eisem Landesterritoire.

Elo däerf jiddereen sech en „effizienten“ an „ëmweltfrëndleche“ Mix aus dësen dräi „grénge“ Komponenten eraussichen, fir op déi uviséiert 100% ze kommen !

Um Mikro seet eisen Energieminister dat seng „bewosst Politik“ déi wier, fir „wéineg Anlagen ze bauen“.

Mä wat soll dann elo schlussendlech bei där Politik mat dësem „Haaptpilier“ erauskommen ? Fir den Horizont 2030 huet de Klimaplang en Zil, nämlech 674 Gigawattstonne Wandstroum, dat sinn dann sage und schreibe 1,4% vun eisem Energieverbrauch. Wéi ee gesäit geet et also net ëm en effiziente Klimaschutz, dat kann d'Wandenergie vum Potenzial hier guer net, et geet manifestement just nach ëm de Business.

A wa mer scho beim Ausbauzil fir 2030 sinn : fir eng Akzeptanz ze schafen, gëtt eis e relativ héijen Ausbau vun den erneierbaren Energien mat engem Undeel vun ëmmerhin 25% um gesamten Energieverbrauch versprach. Rechent een awer déi „grénggewäschen“ Energie eraus, d.h. déi Energie déi mer eis iwwer „Kooperatiounen“ an iwwer importéierten „Bio“-Sprit (deen op anere Kontinenter d’Natur an d’Biodiversitéit zerstéiert) dobäi kafen, a wa mer déi aus eegener Kraaft op eisem Territoire produzéiert Energie net op en zukünftegen „Wishful-Thinking-Verbrauch“ bezéien, mä op den haitege Verbrauch deen hoffentlech mat der ganzer Croissance net nach ze vill wäert wuessen, da kéime mer rechneresch nach just op ronn 9%. Dovunner ewéi gesot 1,4% Wandenergie.

Wat kënnt vun dëse puer Prozent nach KONKRET beim weltwäite Klimaschutz un, wann een un all déi global Verlagerungseffekter vun den CO2 Emissiounen denkt, z.B. duerch den Handel mat Emissiounszertifikater, duerch Carbon leakage, oder och nach duerch de weltwäiten Handel mat fossille Brennstoffer ?

Wann een dës marginal Potenzialer vun der Wandenergie gesäit, ouni dat et och nëmmen een eenzege konkrete Noweis vun hirer Klimawierksamkeet gëtt, da muss ee sech d'Fro stellen ob et akzeptabel ass, dat fir esou een higerechenten Energieplang a fir e banale Subventiounsbusiness elo flächendeckend Natur, Landschaft, Biodiversitéit a Liewensqualitéit zerstéiert solle ginn.

Eisen Energieminister ass eis ëmmer nach d’Äntwert schëlleg, wéi e wëll VERSUERGUNGSSÉCHER op 100% erneierbar Energië kommen. Wéi vill Wandzonen, Fotovoltaikparken a Maisfelder ugeluecht musse ginn, an op wéi enge Plazen dat soll stattfannen. Wéi de volatile Stroum an d'Stroumnetzer integréiert gëtt. Wéi de volatile Stroum an de Stroummaart integréiert gëtt. A wat dës Energiestrategie eis konkret kaschte wäert. A wéi e wëll sécherstellen, dat heiduerch weltwäit och wierklech CO2 agespuert gëtt.

Et geet net duer vun eppes „iwwerzeegt“ ze sinn, d’Leit wëlle WËSSEN wéi dat Ganzt um Terrain konkret soll ëmgesat ginn, a wat konkret op se duer kënnt.

Bei all den Interviewen déi eisen Energieminister gëtt, wier et jo vläicht méiglech eng Kéier op dës Froen anzegoen, a nozehaken wa keng kloer Äntwert kënnt. Wat awer leider ze befierchten ass : et gëtt warscheinlech guer kee konkrete Plang, well et manifestement guer keng technesch Léisungen gëtt fir dës Energiewend versuergungssécher, ëmweltverdréiglech a wirtschaftlech ëmzesetzen.

An dofir wäert et och ni eng konkret Äntwert ginn. Hei gi mat ale Rezepter einfach wildwuchsaarteg Industrieanlagen an d’Landschaft gestallt BIS DAT NÄISCHT MÉI GEET. Dat ass d' „Strategie“ !

Beispill 2 : Storytelling iwwer de Vulleschutz

Ausso vun eisem Energieminister um Mikro : „Mir hu ganz streng Oplage wat de Vulleschutz ubelaangt.“

Dat erkläert a senger Logik da warscheinlech datt zu Wëntger elo grad just déi zwee gréisst Wandparken am Land stinn, déi ronn een Drëttel vun der gesamter nationaler Wandstroumproduktioun duerstellen, woubäi gläichzäiteg zu Wëntger och ee mat de gréisste Bruttgebidder vum roude Milan läit. Déi lescht Joren huet natur&ëmwelt reegelméisseg op futtigeschloe Rout Milanen zu Wëntger missen opmierksam maachen a gefuerdert, datt Wandanlage nieft Bruttplazen tëschent Mäerz an August ausgeschalt ginn. Dat féiert all déi Wandanlagen ad absurdum wann d'Hallschent vum Joer misst ausgeschalt ginn.

Dat gëtt natierlech och net gemaach !

Dofir gëtt et dann awer e ganz spezielle Storytelling, wou ee misst laache wann et net fir ze kräische wier. Dës Geschicht ginn d'Promoteuren op hire Virstellungen dacks zum Beschten, an déi geet esou :

De Bauer vum Terrain wou d'Anlag dropsteet soll dem Bedreiwer vun der Anlag Bescheed soen, wann en um Feld schafft, fir dass dann d'Anlag ausgeschalt gëtt, well d'Vulle vun de Mais an anerem Gedéiesch ugezu ginn. Ënnerstelle mer emol dass en dat och wierklech mécht. Mä wann dem Bauer säi Noper op der Parzell niewendru schafft, da brauch deen dem Bedreiwer awer net Bescheed ze soen, an d’Anlag dréit weider. Fro un de Bedreiwer : wou weess de Vull dann, datt en op där Plaz niewendrun déi erausgeploute Mais net däerf friessen, well e fir dohin ze kommen duerch de Rotor flitt a futtigeschloe gëtt ???

De Storytelling geet awer nach weider : de Bedreiwer amenagéiert ofgeleeë vun den Anlagen speziell „Fudderplazen“, fir d'Vulle vu sengen Anlagen ewechzelackelen. Wansinn !

Dës „Moossname“ gi mat eisem strengste Vulleschutzgesetz dann awer duer, fir direkt nieft enger Natura2000 Vulleschutzzon an engem vun de gréisste Bruttgebidder eng Autorisatioun ze kréien. Dass d'Wandindustriezon selwer zu enger „Fudderplaz“ gëtt, läit op der Hand, well Vullen déi hei vun de Rotore futtigeschloe ginn, falen ënner d'Anlagen, an zéien de roude Milan, deen en Aasfréisser ass, direkt un.

Mä nediert, esou schlëmm ass dat Ganzt dach awer net : schliisslech stierwe jo och masseg Vullen un den Héichspannungsleitungen, an Onmassen vu Rout Milanen, Zugvigel, Uhuen, a Schwaarz Storche gi vun eise Kaze gefriess oder fléien eis Dag fir Dag masseweis an d’Stuffefënster...

RTL

E Montage vum Auteur vum Bréif.

Fir den Öko-Business ass d’RENTABILITÉIT a net de Naturschutz eng Prioritéit, an déi ambitiéis gréng Energiepolitik mécht et méiglech.

Beispill 3 : Storytelling iwwer de Kaméidi

Ausso vun eisem Energieminister : „Mir hunn déi strengste Kaméidivirschrëften a ganz Europa“.

Eng industriell Wandanlag produzéiert iwwer 100 Dezibel. Duerch déi enorm Héicht vun den Anlagen gëtt et kaum nach eng Buedemdämpfung vun dem weidergedroene Schall.

An dëse natierleche Raim a Kulturlandschaften, déi elo progressiv a Wandindustriezonen ëmgewandelt ginn, ginn d‘Mënschen déi Erhuelung sichen, an Déieren déi Réckzuchsgebidder sichen, elo ëmmer méi verdrängt.

Wat hëlleft et do wann een op enger Presentatioun vun engem Wandzoneprojet vum Promoteur déi obligatoresch Grafik gewise kritt, wou engem vermëttelt gëtt, dat bei der Bebauung de Schallpegel ënner deem vun engem Frigo (!) läit. Géing de Promoteur fir gutt ze schlofen sech éieren e puer Frigoen, bei deenen de Motor dréit, och nieft säin eege Bett stellen?

Froen un eisen Energieminister :

Sinn d’Schallausbreedungsmodeller nach ëmmer fir déi haiteg Megawandanlagen mat iwwer zweehonnert Meter Héicht adaptéiert ?

Wat ass mat dem déiffrequente Schall, deen aus de berechente Schallpegelen erausgefiltert gëtt ?

Wéi wierkt sech dat aus, wa bis flächendeckend all puer honnert Meter eng Megawandanlag op de verfügbare Fräifläche steet ?

Wéi wierkt sech dat aus, wann ewéi elo an Däitschland d’Fräifläche net méi duerginn, a méi no un d’Bebauung muss erugeréckelt ginn, an och massiv an d’Bëscher muss gebaut ginn ?

Laut Reportage kommen déi nei Anlage vu Wëntger bis op 600m un d’Bebauung erun.

An engem fréieren Interview op RTL Radio huet eisen Energieminister behaapt, dat Lëtzebuerg déi strengste Reegele bei den Ofstänn zur Bebauung huet. Menges Wëssens gëtt et guer keng Ofstandsreegelen zu Lëtzebuerg. Wou bleift do nach d’Liewensqualitéit, wann een e puer honnert Meter nieft Industrieanlage muss liewen, déi potenziell iwwer 200m héich sinn ? An dat gëtt net fir eppes gemaach wat en Interêt general hätt, mä just fir e banale Subventiounsbusiness ze bedreiwen. Ass dat net mënscheveruechtend? Mä, wann een eisem Energieminister gleeft, da gesäit een dat no e puer Glieser Ricard jo anescht.

Beispill 4 : Storytelling iwwer de Recycling vun den Anlagen

Am Reportage war sënngeméiss ze héieren : „De Rotor gëtt recycléiert, den Tuerm gëtt geschreddert, d'Fundament gëtt geschreddert, an d'Eise gëtt erëm ageschmolt".

Bei de glasfaserverstäerkte Rotoren huet nach keen eng sënnvoll Method fonnt, wéi een d'Material propper verschafft kritt. Déi landen dann emol op iergend engem Dreckstipp am Ausland wou méiglechst kee se méi gesäit.

Wat ee wuel ënner dem „Schredderen an Aschmëlze“ vum Stolbëtongssockel versteet ? Op déi ronn dräidausend Tonne Stolbëtong pro Wandanlag aus dem Buedem geholl ginn, ass nach laang net esou kloer. Dacks gëtt e klenge Meter erausgekraazt, an de Rescht ka weider de Buedem versigelen. Do gi mer vu Fall zu Fall schonn eens !

Dobäi hätt een all Interêt fir d’Material ze recycléiere wann ee weess, datt op déi tatsächlech geliwwert Energie bezunn, d’Gewiicht vun de Baumaterialien – haaptsächlech Bëtong a Stol – bei den ineffiziente Wandanlagen eng bis zwou Gréisstenuerdnungen iwwer dem Baugewiicht vu konventionelle Kraaftwierker läit. Dat ass eng enorm Differenz am Ressourcëverbrauch, mat engem direkte negativen Impakt op Biodiversitéit, Energieverbrauch an CO2 Emissiounen bei der Hierstellung !

Fazit :

Alles an Allem also eng gelongen Aweiung, mat engem iwwerzeegten Energieminister, a mat engem opschlossräiche Reportage.

Mir kënnen eis elo scho moralesch drop preparéieren, dat mer dëse Menü deemnächst nach méi dacks zerwéiert kréien. Mir alleguer kënnen dofir awer elo op alle Fall mat engem rouege Gewësse schlofe goen, well schliisslech „hu mer jo eppes gemaach“.

De Promoteuren soll hei awer guer kee Reproche gemaach ginn. Si maache jo just dat wat eist ambitiéist Naturschutzgesetz erlaabt, an dat wouzou eis ambitiéis Energiepolitik se ausdrécklech invitéiert.

A wéi seet een esou schéin : „Wann et Bräi reent, da soll een de Läffel eraushalen !“

Et ass also nëmmen all ze verständlech dat vill Leit elo op de Goût kommen.

Der Gemeng versprécht ee Gewerbesteier, an déi lokal NIMBYen hëlt ee „mat an d’Boot“ andeem se e puer „Leckerlien“ proposéiert kréien. Fric géint Naturschutz a Liewensqualitéit, dat schéngt nach ëmmer gutt ze funktionéieren.

Eppes muss ee sech bewosst sinn : kaum een ass schrecklech frou mat den haitege Kuelen- an Atomkraaftwierker. Mä fir déi konventionell Kraaftwierker ass dës alternativ Energiestrategie déi beschte Garantie fir nach laang kënnen esou weiderzedréien, well se duerch esou ineffizient a kontraproduktiv „Alternativen“ nimools kënnen ersat ginn.

All déi opgezielten Impakter kommen also bei déi elo scho bestoend Impakter dobäi.

Vläicht ass dat hei jo en Ustouss fir sech e wéineg méi am Detail mat dësem Sujet ze befaassen. Mat der aktueller „Bleif doheem“-Situatioun huet ee vläicht och méi Zäit dofir, an et ass och eng Ofwiesslung vun dem virale Sujet, deen an e puer Méint nees méi oder manner aus de Medie wäert verschwannen, a wou dann de Klimaschutz, deen elo am Standby-Modus war, nees an de mediale Mëttelpunkt réckelt.

Informatiounen a genuch Stéchwierder fir sech weider ze informéiere fënnt een hei : "Integratioun vun erneierbaren Energien"

Dat eenzegt wat eis wierklech ka weiderbréngen, ass d’Fuerschung an d’Innovatioun, déi duerch e plangwirtschaftleche System ewéi de Green Deal awer total behënnert ginn, well et ass jo esou einfach fir nëmme Probelleren dréien ze loossen, a bei all Ëmdréiung et an der Keess rabbelen ze héieren.

Déi lescht natierlech Tabuzonen mussen ënner enger hypokritescher Energiepolitik eben elo fir de Business notzbar gemaach ginn. A schliisslech musse mer jo och déi däitsch Wandindustrie, déi um leschte Lach päift, mat hëllefe retten.

De negativen Impakt op d'Credibilitéit vun der gesamter Klima- an Ëmweltpolitik schéngt dësem irrationalen Energieprojet awer grad esou egal ze sinn, ewéi de konkrete negativen Impakt op d'Natur.