Fir bis 2050 den Transportsecteur ze dekarboniséieren, solle „gréng" Kraaftstoffer am Kader vum europäesche Green Deal mat elektrescher Energie iwwer Waasserelektrolyse hiergestallt ginn. De Waasserstoff kann dobäi als gasfërmege Kraaftstoff direkt genotzt ginn, oder weiderverschafft ginn fir synthetesche Methan oder synthetesch Kraaftstoffer a flësseger Form hierzestellen. Wann een dat an enger adequater Quantitéit wirtschaftlech realiséiere kéint wier dat eng gutt Saach, well déi reng Elektromobilitéit vun engem gewësse Punkt un wéinst dem Gewiicht vun den Akkuen fir bestëmmten Transportmëttel manner interessant ass. Fir dat dës Kraaftstoffer esou CO2-fräi ewéi méiglech sinn, soll no der Strategie vum Green Deal de Stroum aus 100% regenerative Quellen, also Wand- a Solarenergie, geliwwert ginn.

D'Produktiounskäschte fir gréng Kraaftstoffer leien dobäi ronn fënnefmol − haut esouguer bis zu zéngmol − iwwer deene vu fossille Kraaftstoffer. Et geet een dovun aus, dat d'Käschte fir regenerativ Energien esou wéi an de leschte Jore nach weider erofginn, an dat dës Kraaftstoffer zukünfteg méi gënschteg ginn.

Dat kléngt jo gutt. An esou kann dann och nees e neit Kapitel am politesche Narrativ iwwer d'regenerativ Energie geschriwwe ginn. Mä et steet awer och vill um Spill : Europa wëll duerch dës Strategie klimaneutral ginn a brauch gläichzäiteg eng wirtschaftlech Relance no der Coronakris.

Do stelle sech awer eng ganz Rei vu fundamentale Froen, déi an der ëffentlecher Duerstellung gären emol ënner den Teppech gekiert ginn. Dofir ass et interessant fir vun Zäit zu Zäit ënner den Teppech ze kucken :

A wéi engem Mooss ass et iwwerhaapt plausibel, dat sech dës Strategie op der Basis vu regenerative Stroumquellen duerchsetzt, an dat d'Produktiounskäschten sech verbesseren, esou dat mer eng Chance hunn fir d'fossil Kraaftstoffer bis den uviséierten Horizont 2050 ze ersetzen ? Ënnerstëtze mer mat dëser Strategie net indirekt konventionell Kraaftwierker, déi mer am Fong jo ofschafe wëllen ? Wéi stinn d'Chance fir am Kader vun enger „grénger Relance" am Transportsecteur déi uviséiert Klimaziler ze erreechen ?

Fir heirop Äntwerten ze fannen, kucke mer emol - fir d'ëffentlech Diskussioun ganz onüblech - op rational Zuelen a Gréisstenuerdnungen : fir allgemeng 1 Millioun Tonnen fossille Kraaftstoff ze ersetzen, brauch ee vun der Gréisstenuerdnung hier ronn 30 Terawattstonne (TWh) Stroum fir d'Produktioun vu synthetesche Kraaftstoffer (Fraunhofer ISI, September 2019), oder ronn 11 TWh fir d'Waasserstoffmobilitéit, oder ronn 7 TWh fir d'Elektromobilitéit mat deem fir d'Netzstabilitéit noutwendege Power to Gas.

Wat heescht dat dann elo ganz konkret zum Beispill fir Lëtzebuerg ?

Op der Basis vun de genannten Zuele bräicht een am Lëtzebuerger Mix vun der Gréisstenuerdnung hier insgesamt iwwer 40 TWh zousätzleche Stroum. Eisen aktuelle Stroumverbrauch géif mat engem Facteur 7 multiplizéiert ginn. 40 TWh entsprécht ongeféier 100-mol der aktueller Wand- a Solarenergie, a wier och wäit iwwer 20-mol méi ewéi am Klimaplang 2030 fir d'Wand- a Solarenergie projezéiert gëtt.

Wat wier dann do eng konkret Ëmsetzung um Terrain fir d'Produktioun vun esouvill CO2-aarme Stroum ?

Reng technesch gesinn bräicht ee fir dës Quantitéit CO2-aarme Stroum ze produzéieren entweder eng Atomzentral an der Gréisstenuerdnung vu Cattenom, oder alternativ am Kader vum Green Deal ronn 8000 industriell Onshore-Wandanlagen respektiv ronn 60000 Hektar Fotovoltaikfräiflächenanlagen.

Oder alternativ eng landwirtschaftlech Fläch vun ongeféier 2 Milliounen Hektar fir „Bio"-Gas ze verstroumen ; am direkte Vergläich dozou wier de politesch gefërderte Biomass-to-Liquid, mat Biokraaftstoffer vun der zweeter Generatioun, vum Flächeverbrauch hier gekuckt och net wesentlech méi interessant (Gréisstenuerdnung tëschent 1 an 3 Milliounen Hektar). Et gëtt jo dacks gesot, mir bräichten fir eng Energietransitioun e „Mix" aus regenerativen Energien, mä wéi e Mix aus Wand- Solar- a Bioenergie wier dann elo sënnvoll bei dësem virprogramméierte Raubbau un der Natur ?

Fir mat dem produzéierte Stroum de Waasserstoff am Séisswaasser vum Sauerstoff ze trennen, brauch een Elektrolyseuren mat héijen Investitiounskäschten. Déi noutwendeg Kapazitéit fir dës Elektrolyseuren ass dovun ofhängeg ob de Stroum ewéi bei konventionelle Kraaftwierker mat enger pilotabeler Leeschtung geliwwert ka ginn, oder ewéi bei der Wand- a Solarenergie héije Schwankungen ausgesat ass. Par rapport zu enger pilotabeler Stroumproduktioun brauch een do jee no Wand- a Solarmix 3 bis 4-mol méi Elektrolyseuren fir déi volatil Leeschtungsspëtzten ofzebauen, an déi deier zousätzlech Elektrolyseure misste wärend den heefege Wandflauten awer nees op konventionelle Stroum zeréckgräifen fir op déi fir d'Rentabilitéit noutwendeg 4000 bis 5000 Betribsstonnen am Joer ze kommen.

Weider Aspekter sinn de Ressourcëverbrauch bei Baumaterialien, Bauzäiten an de potenzielle Klimaschutz:

D'Baugewiicht, dat fir déi diffus regenerativ Stroumquelle muss beweegt ginn, ass noweislech 1 bis 2 Gréisstenuerdnunge méi héich ewéi bei konventionelle Kraaftwierker. Wäert bei esou engem industriellen Effort de Kraaftstoffverbrauch net nach just weider wuessen, an ass dat net ewéi haut nëmmen op enger fossiller Energiebasis ze stemmen ? Wéi vill zousätzlechen CO2 gëtt dee Moment bei der Ëmsetzung vun der Energietransitioun fräigesat ?

Wa bei der Ëmsetzung déi wesentlech méi deier synthetesch Kraaftstoffer an den Asaz kommen, steigen d'Käschten fir d'Fërderung, de Recycling an d'Veraarbechtung vun de Rohstoffer, an och fir d'Produktioun, den Transport an d'Opriichte vu regenerativen Anlagen. Ass dat net e finanziellen Däiwelskrees ? Wéi kann een dann dovun ausgoen dat d'Käschte fir Wand- a Solarenergie wéi déi lescht Joren einfach weider erofginn, zemol dës Präisentwécklung bis elo duerch eng staark asiatesch Produktioun beaflosst gouf, wou mat gerénge Loun- an Ëmweltkäschten an op der Basis vu bëllegem Kuelestroum produzéiert gouf ?

Wéi séier kéint een dës Strategie ëmsetzen, a wat bedeit dat fir d'Ojektiver an der Klimapolitik ?

Fir de Lëtzebuerger Kraaftstoffverbrauch iwwer regenerative Stroum ze decken, missten all Joer rekurrent e puer honnert nei Wandanlagen opgeriicht ginn. Bis elo waren et op eisem eegenen Territoire duerchschnëttlech just e puer Unitéiten.

Mir stinn awer net eleng do virun dëser gewalteger Erausfuerderung, well fir aner europäesch Länner geséich et net vill besser aus.

Frankräich an Däitschland z.B. bräichten zesummen mat iwwer 100 Milliounen Tonne Kraaftstoffverbrauch iwwer 300.000 industriell Onshore-Wandanlagen (eng Offshore-Anlag kéint bei duebele Käschten och dat Duebelt liwweren) oder ongeféier 2 bis 3 Milliounen Hektar Fotovoltaikfräiflächenanlagen fir hiren Transportsecteur op dëser Basis ze dekarboniséieren.

Mat ronn 31.000 Wandanlagen hänkt awer haut schonn den Ausbau an Däitschland wéinst massive Widderstänn an der Bevëlkerung, wéinst Konflikter mam Natur- an Aarteschutz, a wéinst Problemer mat der Netzstabilitéit. A parallel dozou gëtt dann eng geséchert Leeschtung mat CO2-fräien Atomstroum bis 2022 aus politeschem Opportunismus ofgeschalt. Schonn haut feelt et awer u gesécherter Leeschtung am däitsche Netz.

D'Gréisstenuerdnung vum noutwendegen Ausbau gëtt bestätegt duerch d'Projektiounen vum Fraunhofer Institut, no deenen déi däitsch Wand- a Solarenergie potenziell mat engem Facteur 8 misst multiplizéiert ginn fir zesumme mat den anere regenerative Quellen net vill méi ewéi d'Hallschent vum Gesamtverbrauch ze bestreiden. Et geet een dovun aus dat nodeem Däitschland ënner anerem mat honnertdausende vun industrielle Wandanlagen zougestallt ass, de Rescht vun der Energie ëmmer nach a Form vu Kraaftstoffer muss importéiert ginn ; dat kann dann no hire Projektiounen effektiv importéierte fossille Kraaftstoff sinn, oder awer synthetesche Kraaftstoff. Kënnt de Stroum fir dës synthetesch Kraaftstoffer dann aus hypotheeteschen neokolonialistesche Solarparken a Nordafrika, oder awer aus asiatescher Kärenergie ?

D'Deutsche Energie-Agentur huet fir d'gesamt EU berechent, dat bei enger Ëmstellung vum europäesche Verkéierssecteur op grénge Kraaftstoff d'Nofro fir regenerative Stroum bis zu dräimol méi héich ass ewéi déi aktuell EU-Stroumproduktioun, déi zu iwwer 80% op konventionellem Stroum baséiert. Dat entsprécht vun der Gréisstenuerdnung hier enger Zuel vu wäit iwwer enger Millioun industriellen Onshore-Wandanlagen. Doriwwer eraus misst een dësen Ausbau jo och nach ëm e Villfaches multiplizéieren fir déi aner Secteuren ze dekarboniséieren, ewéi z.B. Uwennungen vum Waasserstoff a verschiddenen Industriesecteuren (Stolindustrie, Düngemëttelproduktioun,... etc.).

Mat dësen Zuelen gläicht dat Ganzt engem surrealisteschen Horrorzeenario, mä entsprécht awer enger reeller politescher Volontéit. Sinn d'politesch Decideuren sech dëse Gréisstenuerdnunge bewosst ?

Wat d'Ëmsetzungszäit ubelaangt läit Europa no 20 Joer Ausbau elo bei engem gesamte Verbrauchsundeel vu just ronn 3% Wandenergie an 1% Fotovoltaik. Wann technesch an ekonomesch iwwerhaapt realiséierbar, bräicht ee bei realisteschen Ausbauraten mat dëser Strategie also e puer honnert Joer fir Europa ze dekarboniséieren. Mir hu nom IPCC awer just 30 Joer Zäit fir d'2-Grad-Zil net ze iwwerschreiden an esou z.B. e relevant Usteige vum Mieresspigel a weltwäit geopolitesch Konflikter ze verhënneren.

A punkto Klimaschutz leien d'CO2 Emissiounen bei der Kärenergie ënner 5 Tonnen pro GWh (Frankräich), d.h. d'Wandenergie huet nom IPCC mat 12 Tonnen 2 bis 3-mol méi héich Emissiounen, an d'Fotovoltaik mat 48 Tonnen esouguer 10-mol méi. An dëse Berechnungen sinn all Prozesser bis zum Ofriichten an Entsuergen scho mat berücksichtegt. Och dat spillt mat bei der Vitesse fir d'Ziler an der Klimapolitik ze erreechen.

Egal wat d'Politik am Green Deal elo plangwirtschaftlech decidéiert : an enger normaler Ekonomie setzt sech ëmmer dat duerch wat technesch a wirtschaftlech och wierklech funktionéiert. An der Tëschenzäit investéiert Lëtzebuerg monter weider an déi deier an ineffizient volatil Energien, an hëlt domadder all zousätzlech ekologesch, ekonomesch a sozial Impakter a Kaf.

Am Klimaplang 2030 ka nëmmen duerch e grénggewäschenen Artifice, d.h. mat „Kooperatiounen" a mat „Bio"-Kraaftstoffimporter, an ënner der spekulativer Hypothees vun enger spektakulärer Verbrauchsreduzéierung den Undeel vu regenerativen Energien op marketingwierksam 25% schéigerechent ginn. Esou hu mer dann d'Impressioun mir wiere mat dëser Politik um gudde Wee.

Wéi gesäit awer d'Realitéit am Lëtzebuerger Klimaschutz aus ?

Säit Kyoto 1990 ass eise Lëtzebuerger Energieverbrauch duerchschnëttlech em knapp 1% pro Joer gewuess, a säit der COP21 vu Paräis 2015 bis 2018 esouguer ëm knapp 3% pro Joer. Entgéint alle politesche Lëpsebekenntnisser an der Klimapolitik bleiwe mer also awer an eiser Wuesstumsspiral gefaangen. D'Entwécklung vum PIB korreléiert eben zu quasi 100% mat dem Energieverbrauch, op der Basis vu bëllege konventionellen Energiequellen.

Mat der Lëtzebuerger regenerativer Energieproduktioun - ouni déi grénggewäschen Energieimporter - kënnt ee no de Projektioune vum Klimaplang 2030 insgesamt awer just nëmme méi nach op 9% Undeel par rapport zu eisem aktuelle Verbrauch deen hoffentlech net nach weider wiisst.

Zu dëse 9% dréit dann d'Lëtzebuerger Wandenergie nom Klimaplang en Undeel bäi vu just 1,3%.

An dat kréie mer elo scho säit Joren als „Energie vun der Zukunft" verkaf.

Dofir stelle sech also folgend vläicht onbequem, mä rational Froen :

Läit d'realistesch Alternativ zu der aktueller Strategie - och wann et eis net gefält - an enger Kombinatioun vu Waasserstoff an der Kärenergie, mat engem Brochdeel vum Präis, vum Ressourcëverbrauch, vum Flächeverbrauch, vun den CO2 Emissiounen, a vun der Ëmsetzungszäit fir de Klimaschutz ? China läit z.B. mat senge neien Hualong-Kraaftwierker bei engem Brochdeel vun der Bauzäit an de Baukäschten vun europäeschen EPR-Kraaftwierker. Huet de Waasserstoff eng „stralend" Zukunft viru sech, a geréit Europa domat net nees a nei Ofhängegkeete well et seng Kompetenzen bei der Kärenergie opginn huet ?

D'Fro ass ob mer dee beschriwwene Prozess begleeden oder just nokucken, an ob mer nach fäeg sinn fir rational ofweien ze kënnen tëschent engersäits de potenzielle Nodeeler bei enger konventioneller Energieproduktioun fir déi een technesch Léisungen ausschaffe kann, an op der anerer Säit de weltwäiten irreversibele Folgen déi mer der Wëssenschaft no an de nächste Joerzéngte ze spiere kréien ; Folgen op déi mer awer mat 100% Warscheinlechkeet riicht drop lasssteieren duerch déi aktuell ineffizient Energiepolitik bei hirem aussiichtslose Versuch fir physikalesch Gesetzer an ekonomesch Reegelen elo plangwirtschaftlech ze ëmgoen.

Leider huet d'Energiepolitik zu Lëtzebuerg vill ze vireileg all realistesch Alternativen ausgeschloss, a baséiert hir ganz Strategie nëmme nach op Visiounen vun engem amerikanesche Futurolog. A well se elo rational gesi keng Alternative méi huet a sech jo och net selwer a Fro stelle kann, musse mer alleguer an de saueren Apel bäissen, an dausende komesch iwwer 200 Meter héich Probelleren an eis Landschaften opriichten, déi elo schonn eis Naturraim ëmmer méi an Industriezonen ëmwandelen. An dat bei engem erwisenermoossen energetesch vernoléissegbare Resultat (haitegen Verbrauchsundeel 0,5% an am Klimaplang 2030 : 1,3% !).

Mat den aktuelle Gesetzer a Prozeduren kritt d'Ökoindustrie e gréngen Teppech ausgerullt, de Naturschutz ass dobäi zweetrangeg. D'Bierger kréien am gudde Glawen dës Strategie op eng ideologesch an ondemokratesch Weis opgezwongen, a si no jorelaanger Gehierwäsch och kaum nach an der Lag fir se ze hannerfroen : „Mir brauchen e gréngen Energiemix !" kréie mer jo permanent agehummert - mä wat heescht dat elo konkret, a wat sinn déi technesch, ekologesch, ekonomesch a sozial Konsequenzen bei dem Versuch fir et ëmzesetzen?

Äntwerten op déi hei opgeworfe Froen fënnt ee bis elo kaum an eise Medien, an et kritt ee se och net bei de Responsabelen vun der Klima- an Energiepolitik. Géif et net héich Zäit, dass dat am Kader vun enger ëffentlecher Diskussioun an e puer Questions parlementaires nogeholl gëtt, ier nach méi irreversibele Schued entsteet ?