• De PLUS

    • Design
    • Motor
    • Stroosselag
  • De MINUS

    • Diere brauchen Nodrock beim zoumaachen

Am Automag vun dësem Samschdeg huele mer e sportleche Coupé ënnert d'Lupp, deen net just duerch säi Sound iwwerzeege kann.

Rieds ass vum AMG GT, dee mat engem 4 Liter V8 Biturbo ausgeliwwert gëtt, dee mer och aus aneren AMG-Modeller kennen. An dësem Fall leescht en 530 PS bei 6750 Ëmdréiunge pro Minutt, wat duergeet fir den 1665kg schwéiere Coupé bis op eng Maximalvitess vun 312 km/h ze beschleunegen. Sou steet et zumindest an de Pabeiere vum Auto... getest hunn ech et selwer net.

Fir déi Kraaft op de Buedem ze kréien, sinn um GT op der viischter Achs 19 Zoll Felge verbaut, mat Michelin-Pneuen an der Dimensioun 265/35/19. Op der hënneschter Achs, déi jo ugedriwwe gëtt, muss e bësse méi Gummi an den Asaz kommen... hei sinn et Reefer an der Gréiss 295/30/20. Déi hunn nawell vill ze dinn, fir déi 670Nm ënner Kontroll ze halen, ma dat klappt awer ganz gutt, soulaang een net op d'Iddi kënnt d'Traktiounskontroll an den ESP auszeschalten. Da kann et och mol gär geschéien, dass een ongewollt (oder gewollt) deen een oder anere schwaarze Stréch um Asphalt hannerléisst.

Wa mer scho beim Thema "Kraaft op de Buedem kréien" sinn, kommen ech net derlaanscht d'AMG Ride Control-Fuerwierk ze erwähnen, wat eng exzellent Aarbecht mécht, dëst a Verbindung mat der Spär op der hënneschter Achs. Den Auto léisst sech souwuel ganz gemittlech a bequem fir ze cruisen asetzen, grad ewéi och a méi enger sportlech-knackeger Ofstëmmung, wann een emol op enger schéiner Landstrooss ënnerwee ass.

Ech muss zouginn, dass ech am Ufank nawell Respekt virun der Leeschtung an den Dimensioune vum Auto hat. De Respekt hunn ech net verluer, ma ech hu mech awer dann dach séier un den Auto gewinnt, a konnt mech nom 1. Dag dann dach normal vu A op B mam Auto beweegen, ouni stänneg Angscht ze hunn, dass ech vläicht iergendwou widder kommen. Et sief heibäi ze erwäänen, dass den Auto ganzer 4,587 Meter laang ass, an dovunner si gefillt 4 Meter eleng de Capot, ënnert deem sech de V8 Biturbo verstoppt.

RTL

© Andy Brücker / RTL

Wann een den Zuele vu Mercedes gleeft, verbraucht ee mam AMG GT am Mix ronn 13 Liter op 100 Kilometer. Ech loung um Enn vu mengem Test éischter bei 16 Liter, ma do ginn ech awer ganz eleng mir d'Schold, well dee V8-Sound verleet een dann dach dacks dozou, eventuell en Tick méi Gas ze ginn, wéi néideg, just fir den immense Sound vu Motor an Auspuffanlag ze héieren. Wann ee méi laang mam Auto fiert, vergeet deen Drang dozou villäicht, och wann ech mer et schwéier virstelle kann.

Mir kruten als Testauto net en normalen AMG GT, ma eng Sondereditioun zur Verfügung gestallt, déi ënnert dem Numm "Night Edition" ka bestallt ginn. Night steet an dësem Fall fir däischter. Ween eppes fir d'Faarf schwaarz iwwreg huet, ass hei definitiv op der gewonnener Säit. Eise Won war an "Obsidianschwaarz-Metallic" lackéiert, wat einfach nëmmen immens gutt augesinn huet, och wann een ëmmer seet, schwaarz géif d'Form vum Auto schlécken. Den Daach war aus Carbon, mat engem däischtere Kloerlack iwwerzunn... d'Felgen am Y-Design och komplett schwaarz... d'Bremssuedele schwaarz an d'AMG-Kühlerverkleedung am dark-chrome.

RTL

© Andy Brücker / RTL

Am Banneraum geet et weider mam Thema "schwaarz", dëst mat den AMG Performance-Sëtzer am schwaarzen Nappa-Lieder mat engem Rautemuster, Pianolack a Carbon, wou och ëmmer d'Aen higekuckt huet, an e schéint déckt AMG Steierrad am schwaarzen Alcantara. Souguer d'Schaltwippe ware schwaarz. Weem dat ze vill däers gudden ass, ka sech natierlech och en "normale" GT a senger Wonschfaarf konfiguréiere, ma ech muss soen d'Night Edition huet mir perséinlech ganz gutt gefall.

RTL

© Andy Brücker / RTL

Wat mer net sou gutt gefall huet, an dat besonnesch an där Präisklass wou mer do ënnerwee sinn, dat war wéi d'Dieren op an zouginn. Et muss een déi nämlech richteg kräfteg zouklaken, fir dass se wierklech zou sinn, a wann ee se opmécht, héiert een en zimmlecht haart "knacken", sou wéi wann d'Dier ënner Spannung géif stoen. Ob elo just beim Testauto d'Dieren eventuell net 100% agestallt waren, oder ob dat bei all AMG GT de Fall ass, dat misst ech da bei engem anere Modell nach erausfannen.

Komme mer dann elo bei de Präis. Lass geet et bei 132.000 Euro fir de Basis AMG GT. Iwwer 10.000 Euro kommen dann nach emol dobäi, wann ee sech fir d'Night Edition decidéiert. Wann een dann nach deen een oder aneren Extra ukräizt, wéi z.B. bei eisem Modell déi aktiv Lenkung un der hënneschter Achs oder d'Metallic-Lackéierung, dann ass ee séier bei knapp 150.000 Euro.

Den AMG GT C mat 557 PS kritt ee vun 159.000 Euro un, a weem dat nach net duergeet, dee ka sech och nach am AMG-Regal beim GT R zerwéieren, wou een da scho bei engem Basispräis vu bal 177.000 Euro läit. Net ze vergiessen dann nach de Black Series, dee ronn 350.000 Euro kascht.