• De PLUS

    • Motor
    • Design
    • Bremsanlag
  • De MINUS

    • Tankunzeig spréngt no 20km Rest-Reichweite einfach op 0
    • Wandgeräischer un de Fënstere bei 130 km/h

Elo gi mer eppes méi gewuer, iwwert e rassegen Italiener, dee mer a méi enger braver Variant virun net all ze laanger Zäit schonn emol am Test haten.

Wéi een dat ass, verréit eis den Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun. Wat een awer scho mol verrode kann, et handelt sech ëm e "Quadrifoglio".

Automag: Alfa Romeo Giulia Quadrifoglio

Et geet ëm den Alfa Romeo Giulia. Deen hat ech iech am Mee schonn emol presentéiert, dat allerdéngs an enger 136 PS Diesel Motoriséierung, déi et sou mol net zu Lëtzebuerg ze bestelle gëtt. Dee Motor deen elo an eisem Testauto war, dee kann ee bestellen, an et ass och definitiv derwäert.

De Motor

Rieds ass vun engem 2,9 Liter V6 Bi-Turbo-Bensinner. Et ass de stäerkste Motor, deen Alfa jee fir e Stroossenauto entwéckelt huet. En ass komplett aus Aluminium a bréngt et op net manner wéi 510 PS, bei engem Dréimoment vun 600 NM tëscht 2.500 an 5.000 Ëmdréiungen. Geschalt gëtt iwwert eng 8-Gang Automatik, bei där een och iwwert schéi-geformten Aluminiums-Schaltwippen um Steierrad d'Gäng wiessele kann. Am Race-Modus geet dee Gangwiessel an nëmmen 150 Millisekonnen. Do kënnt definitiv Race-Feeling op.

Op der Strooss

Déi Leeschtung op d'Strooss ze bréngen, ass allerdéngs net sou einfach. Dat hunn ech leider musse feststellen, well wärend mengem Test huet et quasi stänneg gereent. Sollt een dann dee Feeler maachen, an an de Fuermodien op "Race" wiesselen, wat heescht, dass d'Fuerassistenz-Systemer all ausgeschalt sinn, kann ech iech versécheren, dann ass et net méiglech d'Giulia ouni Dréier duerch e Rond-Point ze beweegen, wann een d'Gaspedal och just liicht unhaucht. Bleift een awer an engem vun den aneren dräi Modien "d - n – oder a", da reegelt d'Elektronik dat immens feinfühleg an d'Leeschtung gëtt eréischt fräi ginn, wann een d'Rieder op der viischter Achs nees riicht stoen huet. Doduerch huet een eng immens gutt Traktioun an ëmmer genuch, ma net ze vill Leeschtung, fir propper a séier ëm den Eck ze kommen. Dobäi hëlleft och d'mechanescht Spärdifferential mat "Alfa-Active Torque Vectoring".

Eppes wat mer net sou gutt gefall huet, waren déi dach däitlech Wandgeräischer bei de Fënsteren op béide Säiten, dat bei enger Vitess vun ongeféier 130 km/h op der Autobunn.

Design

Baussen erkennt een de Quadrifoglio natierlech u sengem Emblem, dem Kléiblat mat ebe 4 Blieder. Dann ass awer och vill Carbon verbaut, däers dat ee gesäit, sou wéi den Daach, ma och um Front- an Heckspoiler, grad ewéi um Sous-Bassement. Ma et ass och däers verbaut, dat een net direkt gesäit, nämlech de komplette Capot ass aus Carbon... an deemno wéi d'Sonn op de Capot schéint, gesäit een d'Carbonmuster vu bannen, wann ee Richtung Wischere kuckt... dat ass schonn zimmlech besonnesch.

Wa mer scho banne sinn, do ass och d'Carbon-Party ausgebrach. Ugefaange bei de wonnerschéine Sparco-Sëtzer am Lieder-Alcantara-Mix, wou de komplette Réck hannen awer am Sichtcarbon ass, e Bijou! Och um Tableau de Bord an un den Dierpanneaue si Carbon-Elementer, grad ewéi un der Mëttelkonsol an um Steierrad. Et ass alles zimmlech eedel, mat schwaarzem Lieder a gréng-wäisser Nout. Gréng sinn och d'Sécherheetsgurter.

Fazit

Leider kann ech net vill driwwer zielen, wéi den Auto sech beweege léisst, wann een d'Leeschtung esou richteg erauskëddele wëll, dofir war d'Kombinatioun vum Reen, kalen Temperaturen an de Sportspneuen definitiv déi falsch. Ma alles an allem ass et menger Meenung no definitiv eng Konkurrenz fir Autoe wéi de BMW M3. Präislech geet et lass bei knapp 83.500 Euro. Eise Modell mam Carbondaach, mat Carbon-Bremsanlag, Akrapovic-Auspuff an der grénger Metallic-Faarf "Verde Montreal" koum op 100.974 Euro. En M3 mat 510 PS gëtt änlech equipéiert net méi bëlleg.