• De PLUS

    • emotionalen Design, keen Eenheetsbräi
    • Präis-Leeschtung
    • Fuerleeschtungen a Fuerverhalen
  • De MINUS

    • Autonomie a Verbrauch wäit ënnert der Wierksdonnée
    • Spuerassistent net ze gebrauchen
    • Mall ze kleng

D’Thema Elektroauto gëtt bei Ford e bëssen anescht ugepak wéi bei der Konkurrenz.

Hire Bäitrag a Form vum Mustang Mach-E soll mat engem legendären Numm an aussergewéinlechem Design besonnesch op Emotiounen zilen. A mat der neier Topversioun Mach-E GT sollen dann och d’Frënn vun héijer Leeschtung op hir Käschte kommen. De Paul Origer huet déi nei Elektro-Topversioun am Alldag getest.

Automag: Ford Mustang Mach-E GT

Soss huet et vill Gehierschmalz an Ingenieurskonscht gebraucht fir aus engem Verbrenner Héchstleeschtungen ze këddelen. Haut schéngt et éischter ee Kanner-, oder villméi, e Computerspill ze sinn, fir en Elektroauto op 300 an nach méi Kilowatt eropzeziichten. Fir d’Geheimnis direkt ze lëften, beim neie Mustang Mach-E Topmodell GT sinn et der 358 oder, fir bei de gudden ale Päerd ze bleiwen, 487.

Den Design

Loosse mer eis de GT mol fir d’éischt vu baussen ukucken. Do wieren direkt emol 2 exklusiv Faarwen, déi aus dem gro a schwaarzen Autosalldag erausstiechen: Grabber Blue a Cyber Orange stéingen als éischt op menger Menüskaart, si passen exzellent bei de potenten E-Mustang. Dobäi kommen nach speziell 20 Zoll-Rieder mat extravagante Felgen, esou wéi eng Rëtsch opteschen Elementer un der Karosserie.

Den Interieur

Do geet et am selwechte Sënn virun. Aus den Hänn vu Ford Performance kommen d’Sportsëtzer, déi zwar weesentlech méi Säitenhalt bidden, am Schëllerberäich awer och e bësse méi haart ofstäipen. Soss ass den Interieur bekannt. Matièren, déi sech agreabel ugesinn an upaken, eng Hellewull un Oflagen an net ze vergiessen, deen dominanten Zentralschierm, esouwéi dee prakteschen, wann och minimalisteschen Ecran fir de Chauffer. Et fillt ee sech wuel bannenan, Plaz ass esouguer fir 5 Passagéier genuch, just d’Mall ass mat 400 Liter fir esou ee groussen Auto awer relativ knapp. Dofir verwinnt de Mach-E mat komplettem Equipement. Optioune ginn et der bis op zwee Technik-Packs am Fong keng.

Op der Strooss

Elo gëtt et spannend: 478 Päerd sinn der vill, fir genee ze sinn 39 méi wéi de Verbrenner-Brudder. Beim Dréimoment huet definitiv de Mach-E GT gewonnen. 860 Nm bréngen déi 2 Elektromotoren op déi 4 Rieder. A brénge se, besonnesch am Naassen, och alt emol un d’Duerchdréinen. Awer egal wéi ass et gewalteg a geet duer, fir an der Acceleratioun meng Hall of Fame duercherneen ze bréngen. Mat 3,7 Sekonne kënnt de Mach-E menger Nummer 1, dem Porsche 911 Turbo geféierlech no. Virun allem wann een eent net vergëss... am Fall vum Elektro-Mustang gëllt et, ganzer 2300 Kilo ze beweegen. An dat, esouguer iwwer 200 km pro Stonn séier. Allerdéngs soll een déi Leeschtung net ze vill genéissen. Ofgesi vun der Gefor fir de Bong, freet sech engersäits de Pneuenhändler a leit anerersäits d’Autonomie. Déi versprache 500 km goufen ni ugewisen, éischter 360 an op laange Strecke sinn ech strikt 120 gefuer an hunn d’Gaspedal geheemelt, fir de Verbrauch ënner 30 Kilowatt-Stonne ze drécken. Leider en Tribut un d’Gewiicht an den SUV-Opbau.

A punkto Stroosselaach hu se bei Ford eng gutt Hand an dat ass och beim Mach-E GT gelongen. Direkt Steierung, dank adaptiven Dämpfer am Untamed-Modus eng straff, mä net onconfortabel Fiederung, a fir de Spaass eng liicht Drift-Erlabnis vum ESP – dat ass schonn impressionnant. Allerdéngs wëllt de Sportswon-Feeling net opkommen. Dofir ass de Speck op de Rëpper dann awer ze déck an d’Sëtzpositioun ze héich. Talent huet de Mach-E effektiv op der laanger Streck. Null Geräisch am Banneraum, genuch Jus ënnert der Fuerpedal an eng exzellent Soundanlag – perfekt fir vill Km um Stéck. Just bei den Assistenzsystemer ass Feinschliff néideg. Besonnesch d’Hëllef beim Spuerhalen léisst ee wéi ee Vollert vun engem Stréch zum aneren tierkelen – sorry Ford, mä dat kënnen aner Marken definitiv besser.

D’Präisser

Wa mer eis op 500 Päerd duer beweegen, da fanne mer virun allem Modeller vun Audi, Mercedes a Porsche an domat Tariffer ab 90.000 Euro. De Mustang Mach-E ass hei mat 70.000 scho bal e Schnäppchen. Mä d’Konkurrenz schléift net a kënnt vu Kia: den EV6 leet als GT nach emol 100 Päerd drop a kascht 12 mof Schäiner manner.