• De PLUS

    • Geräischconfort
    • Navi an Infotainment
  • De MINUS

    • Autonomie
    • Veraarbechtung
    • Synthetesch Fuergefill

Zu Stuttgart sti se ënner Stroum. Nom EQA bréngt Mercedes den nächste kompakten Elektro-SUV op d’Strooss: den EQB.

Wéi sech den elektresche Siwe-Sëtzer op der Strooss mécht konnt den Akim Schmit aus der Automag-Ekipp ronderëm Sindelfingen probéieren.

Automag: Mercedes-Benz EQB

Nieft der Luxus-Limousin EQS an der elektrescher V-Klass (EQV) hunn d’Stuttgarter elo hiren drëtten Elektro-SUV op d’Rieder gestallt deen d’Lach tëscht EQA an EQC fëllt. EQB oder international „i ku bi“ huet Mercedes déi elektresch Versioun vum GLB gedeeft. Technesch baséiert den EQB dann och op sengem Verbrenner-Brudder an deelt sech Akku an Undriff mam EQA. Mee alles der Rei no.

Den Design

Grouss Iwwerraschungen huet den EQB net ze bidden. Wien den GLB schon eng Kéier gesinn huet, erkennt vill vun den Design-Elementer erëm. D’Elektro-Versioun EQB kënnt dogéint mat engem zouene Killergrill dee Mercedes als „Black-Panel-Grill“ bezeechent a mat engem  LED-Band wat vir d’Dagfuer-Luuchten an un der Mall d’Réckluchte matenee verbënnt. Duerch dësen Design-Agrëff sinn d’Plakk an d’Modell-Bezeechnung e gutt Stéck no ënne gerutscht, wat ongewinnt ausgesäit. Den Design vun der Mall wäert dann och polariséieren. Fir den EQB huet Mercedes dann nach bis zu 20 Zoll grouss Alufelgen mat Fuerw-Accent’en a Blo oder Rosé-Gold am Programm. Les goûts et les couleurs…

Interieur

Keng Iwwerraschungen gëtt et beim Cockpit, wat dem GLB entsprécht. Verschidden Dekor-Elementer un de Lüftungsdüsen, de Sëtzer an dem Autosschlëssel gräifen d’Thema vun der Elektromobilitéit op. D’Sëtzer an der éischter Rei si bequeem an et gëtt näischt ze reklaméieren.

Anescht gesäit et awer op der Réckbänk aus: déi ass nämlech ze niddereg verbaut, bitt domat net genuch Oplag fir d’Been a keng Plaz fir d’Féiss ënnert de viischte Sëtzer. Wat fir Kanner nach ok ass, suergt bei Erwuessenen op laangen Etappen fir Onzefriddenheet. Zemools Mercedes den EQB als Familljenauto mat siwe Sëtzer ubitt. Déi zwou zousätzlech Plaze sinn an der Mall verstoppt. Mir hu se aus Zäitgrënn awer net konnte probéieren.

Navi an Infotainment

De volldigitalen Widescreen-Cockpit baséiert op der aktueller Versioun vum MBUX (Mercedes-Benz User eXperience). Experience ass richteg gewielt: et brauch een e bëssen Zäit bis een de System versteet well net alles intuitiv funktionéiert. Gutt gefall huet mir d’Augmented Reality vum Navisystem, deen d’Uweisungen an Echtzäit iwwert d’Kamerabild vun der Frontkamera leet.

Besonnesch houfreg si se zu Stuttgart op d’Entwécklung vun der „Electric Intelligence“-Funktioun. D’Erweiderung vun der Navigatioun berechent de Wee unhand vun den néidegen Pause fir ze lueden a berécksiichtegt dobäi d’Wieder an d’Topographie. Doriwwer eraus gëtt d’Batterie am Virfeld vum Lueden schonn op déi ideal Temperatur bruecht fir e Maximum u Stroum a kierzester Zäit lueden ze kënnen.

Undriff

Beim Undriff setzt Mercedes op déi selwecht Formule wéi am EQA. Deemno gëtt et den EQB an zwou Leeschtungs-Stufen. Lass geet et mat 168 kW (228 PS). Fir eisen Test hate mir déi virleefeg Topversioun, den EQB 350 mat 215 kW (292 PS) Systemleeschtung, engem maximalen Dréihmoment vun 520 Nm an Allradundriff. De Spint packt de baal 2,2 Tonne schwéieren Elektro-SUV an 6,2 Sekonnen, woubäi bei 160 km/h Feierowend ass. Dat gëllt iwwregens och fir de en EQB 300 mat 168 kW.

D’Batterie-Kapazitéit gëtt Mercedes mat 66,5 kWh un wat fir eng Reechwäit vu 419 Kilometer duergoe soll. Wéi bei Elektroautoen üblech, ass déi Saach mat der Reechwäit ëmmer eng gerued: Mercedes gëtt de Verbrauch mat 18,1 kWh/100 km un. An eisem Test lounge mer Zäitweis drënner (17,3 kWh) awer och mol wäit driwwer (25 kWh/100). Esou muss an der Regel méi heefeg geluede ginn, wéi just all 400 km.

U Glaichstroum-Schnelllueder ka mat enger Vitesse vu bis zu 100 kW geluede ginn, domat léisst sech d’Batterie am beschte Fall an 30 Minutte vun 10 op 80 Prozent fëllen. Dat ass net schlecht, mee net „state of the art“. E Porsche Taycan lued mat 270 kW, e Hyundai Ioniq 5 oder e Kia EV6 mat 225 kW ëmmer nach duebel esou séier.

Op der Strooss

Mee Zuelen eleng sinn net alles. Op der Strooss kann de Mercedes EQB iwwerzeegen. Mat senger Leeschtung fiert e sech méi dynamesch wéi een et vun engem SUV erwaart. Allerdéngs ass d’Steierung neutral an ouni Feedback, woubäi d’Fuerwierk eng Grëtz méi Confort verdroe géif. Mat Schaltpaddelen hannert dem Steierrad léisst sech d’Recuperatioun manuell astellen: vum One-Pedal-Feeling bis zum gemittleche Segel-Modus ass alles méiglech.

De Präis

D’Präisser fir Lëtzebuerg stinn nach net fest. De belsche Basispräis fir den EQB 300 läit bei 60.100 Euro, den Topmodell EQB 350 start bei 63.700 Euro, virun Optiounen.