2021 ass erduerch, 2022 fänkt un mat Glëckwensch a gudde Virsätz.

Och esou bei där Persoun déi de Christian Schmit dëser Deeg fir den Automag Neijoerschinterview besiche war? E Réckbléck, an en Ausbléck op dat, wat e sech fir 2022 virgeholl huet. Déi Kéier mat der Directrice vun der AVR, der Association des Victimes de la route, dem Joëlle Golinski.

Automag: Neijoerschinterview mat der Directrice vun der AVR

D’AVR gouf viru bal 30 Joer an d’Liewe geruff. Dagdeeglech hu si mat Trauer a Schicksalsschléi ze dinn. Hir Missioun, Verkéiersaffer ze begleeden. Wat erlieft een do alles?

Joëlle Golinski: Eis Missioun gesi mir ganz kloer doranner, dass mir d'Leit, déi iergendwéi op der Strooss, am ëffentleche Verkéier zu Schued komm sinn, an den Alldag begleeden, dee si duerno erëmfannen. Egal mat wéi engem Gefier si ënnerwee sinn. Op si selwer concernéiert sinn, et ass egal, ob si Zeie waren, vläicht op d'Plaz geruff si gi fir 1. Hëllef ze leeschten, oder wéi och ëmmer. Mir jugéieren net, a mir si fir jiddereen do, deen Hëllef brauch. Et muss e bedenken, dass deen deen en Accident hat, fir deen ass näischt méi wéi virdrun.

2021, am Réckspigel gekuckt. E Joer mat dach en etlech Verkéiersdoudegen, awer och schwéier Blesséierten. Kann een aus deem Joer nawell eppes Positives zeréck behalen?

Joëlle Golinski: Dat ass eppes wat ganz schwéier ass. Wann een elo di dréchen Zuele kuckt, Statistike weisen, dass mir manner Verkéiersdoudeger hunn, glécklecherweis. Mee fir eng Persoun, déi eventuell och nach e léiwe Mënsch verluer huet doduerch, fir déi zielt hiert Accident zu 100%. Do ass et ganz egal wat Statistike soen. Natierlech sinn d'Autoe vill méi sécher ginn, dofir hu mir manner Doudeger, mee di Zuel u schwéier Blesséierten bleift awer nach ëmmer héich, an dofir ass dat ëmmer nuancéiert ze gesinn.

Elo kucke mir da no vir, 2022 wat huet e sech do virgeholl a wat wënscht e sech?

Joëlle Golinski: Wat ech mir perséinlech wënschen, an och fir den AVR, dat ass, dass mir virun allem méi tolerant, nosiichteg a virsiichteg ënnerwee sinn. Alleguerten ee mat deem aneren, egal op der Strooss oder soss. Eleng d'lescht Joer hu mir 110 Dossieren opgemaach, dat war gezielt bis Ufank Dezember. Dat sinn der ganz vill, an et muss e bedenken, dass do Schicksalsschléi hannendru stinn, dat si net einfach Zuelen.

Traditionell léiere mir eisen Invité och méi perséinlech kennen, dierfe Plaz huelen um Bäifuerersëtz. Wéi een Typ Chauffer ass d’Joëlle Golinski dann esou hannert dem Volant?

Joëlle Golinski: Also ech fuere virun allem schrecklech gären Auto, ech fueren och immens vill. Am Fong sinn ech och gäre mam ëffentlechen Transport ënnerwee, mee leider, obschonns ech no bei der Stad wunnen, ass dat mir elo wou den Tram fiert net, méi esou einfach méiglech wéi virdrun. Probéieren och ganz virsiichteg ze sinn, mee ech muss awer soen, do wou et erlaabt ass, fueren ech awer och gär Vitess.

Gëtt och emol op den Auto verzicht?

Joëlle Golinski: Ze Fouss sinn ech relativ vill ënnerwee, also ech huele net den Auto, fir ganz kuerz Strecken, an och soss loossen ech mech gär féieren.

Och e Faible fir Oldtimer oder ëmmer di neisten Modeller an Technologien?

Joëlle Golinski: Also ob wuel ech mech elo fir di nei Technolgien interesséieren, an ech mengen et ass engem jo och bewosst, wann een en neien Auto keeft, dass ee gären ob di nei Sécherheetsméiglechkeete setzt déi een nëmme kréie kann, mee perséinlech hunn ech eigentlech léiwer Oldtimer.

Och vläicht e Fervent vu Motorieder?

Joëlle Golinski: Do fueren ech ganz gär mat!

An, Hand op d’Häerz, de Punktekonto ass e nach „vierge“, Joëlle Golinski?

Joëlle Golinski: Ech hu bis haut nach kee Punkt verluer.

Di beschte Gléckwënsch un eis Nolauschterer, ginn et natierlech och?

Joëlle Golinski: Natierlech jidderengem wënschen ech bonne route, an och soss alles dat wat e sech wënscht a wat e sech virgeholl huet fir dat neit Joer.

 

„Bonne route fir 2022“ e Message, deem mir eis gären uschléissen, egal mat wéi engem Verkéiersmëttel dir och ënnerwee sidd.