• De PLUS

    • nach ëmmer attraktiven Design
    • typesch italienesch Léift zum Detail
    • brauchbar Assistenzsystemer
  • De MINUS

    • kee Sound
    • héije Verbrauch
    • haart gefiedert an onbequem Récksëtzer

Mat nëmmen nach zwee Modeller ass d’Palett vun Alfa Romeo zimmlech iwwersiichtlech an d’Hoffnung op nei Lancementer éischter kleng.

Ëmsou méi freet een sech iwwert ee Liewenszeeche vun der Traditiounsmark, wéi elo viru kuerzem, mat enger neier Versioun vum Alfa Stelvio, déi de Paul Origer fir eis getest huet.

Automag: Alfa Romeo Stelvio Veloce Ti

Mir schreiwen d’Joer 2016 – Alfa Romeo, d’Mark mam Cuore sportivo presentéiert hiren éischten SUV – de Stelvio! An der Tëschenzäit si 5 Joer an deen een oder anere Facelift vergaangen ouni de Crossover grouss ze veränneren. No engem klengen Update am Januar stoung elo mam Veloce Ti eng nei Versioun an der Testgarage.

Den Design
Schonn dacks hunn ech et gesot: de Stelvio ass ee vun deene schéinsten SUV um Marché, gefält mir perséinlech esouguer besser wéi de Plattformbrudder vu Maserati. Fir d’Modelljoer 2021 huet sech um Design awer näischt geännert – et bleift bei enger Silhouette no Coupé-Virbild an deem typesche Gesiicht mam grousse Scudetto. De Veloce Ti garnéiert sech zousätzlech awer nach mat opfällegen Emblemen a gefillt risegen 21-Zoll Rieder.

Den Intérieur
Hei gesäit een nees, dat an Italien vill Léift an den Detail investéiert gëtt. Kleng Akzenter wéi déi Italienesch Flagg un der Mëttelkonsol oder d’Bitzereien um Tableau an den Nationalfaarwen si sympathesch. Déi grouss a massiv Schaltpaddel um Steier, den echte Carbon-Dekor oder d’Alcantara-Sëtzer mat Schrauwstack-Säitenhalt maachen déi sportlech Séil vum Veloce däitlech. Mat e puer Schrullegkeeten, déi een iergendwéi a Kaf hellt... sief et de Wischerschalter, deen ze no um Schaltpaddel sëtzt, dee relativ klengen Navi-Display oder d’Sëtzer, déi fir mech definitiv ze enk sinn. An à propos ze enk: fir e groussen SUV ass d’Plazoffer an de Confort dann awer éischter mau. An der zweeter Rei gouf sech iwwer ze knapp Beefräiheet an ze haart Kappstütze beklot. En Affer, wat ee wuel fir de schéinen Design brénge muss, genee wéi d’Mall, déi zwar 525 Liter faasst, wéinst dem schifen Deckel awer vill Tetris-Talent erfuerdert.

Den Undriff
De Choix bei de Motoren ass beim Veloce Ti mat zwee Undriffer séier gemaach. Nom Diesel stoung elo de Bensinner um Programm. 2 Liter, Turbo an 280 PS – dat héiert sech net schlecht un. Allerdéngs stinn deem e Minimum vu 1700 Kilo an eng typesch SUV-Aerodynamik géigeniwwer. Den opgeluedene Bensinner geet trotzdeem gutt vun der Plaz, just säi Sound ass manner opreegend wéi déi aarmdéck Auspuffréier verspriechen. An e geneemegt sech eng gutt Schlupp aus dem Tank. Enner 10 Liter ass näischt ze maachen, éischter 11 oder 12 si bei zügegem Fuerstil d’Reegel. Dat kann den Diesel mat gutt 4 Liter manner weesentlech besser.

Op der Strooss
Léisst een den Duuscht mol aus dem Spill, dann ass de Stelvio ee ganz agreable Laangstreckecruiser, mat deem een och emol zackeg Kéiere fuere kann. Déi um Testauto montéiert 21-Zoll-Pneue brauchen allerdéngs Temperatur, anerefalls rumpelt a versetzt de Stelvio an enke Kéieren. Och soss huelen déi bombastesch Rieder dem groussen Italo-SUV e gutt Stéck vu sengem Confort. Confortabel a sportlech kann d’Automatik, déi gutt reagéiert an, fir Sprit ze spueren, relativ dacks an de Seegelmodus geet. Nei zënter dem Facelift sinn och elo Assistenzsystemer, déi den Niveau 2 vum autonome Fueren erlaben. Dofir, datt de Stelvio net mat deene Systemer entwéckelt gouf, fonctionéiere se erstaunlech gutt. Esouguer deen dacks nervegen aktive Spuerhaleassistent, esouwéi den adaptiven Tempomat maachen hiren Job gutt.

D’Präisser
Bei ronn 66.000 Euro start de Veloce Ti - mat de flotten Optioune vun eisem Testauto, sief et de Soundsystem, de Carbonpack oder déi grouss Felgen sti séier 77.000 Euro a méi op der Rechnung.