• De PLUS

    • Plaz bannenan
    • attraktive Präis fir en Elektroauto
  • De MINUS

    • Autonomie
    • vereelzt Technik fir opzelueden

Un Autoen aus Südkorea hu mir eis ewell laang gewinnt. Mee et gëtt eng Mark vun do, déi nach ëmmer zimmlech onbekannt ass: Ssang Yong.

Déi hu sech fir 2022 vill virgeholl, an hunn Enn vum leschte Joer hiren 1. Elektroauto lancéiert. De Christian Schmit war fir eis mat op der Presentatioun dobäi.

Automag: Ssang Yong Korando E-Motion

Op hollänneschen a belsche Stroossen am südlimburgesche ware mir ënnerwee. 2019 koum de Modell Korando eraus, elo dann och an enger 100 % elektrescher Versioun ze kréien. Den Optakt vun enger Partie Nouveautéite wéi de Bart Hendrickx vu Ssang Yong eis verroden huet. Mëttelfristeg ass een och bei Ssang Yong beméit, d'Modell-Palette op "Zero Emission" ëmzestellen.

Den Design

An do fält op, datt engem eigentlech net vill opfält. En SUV mat bal 4m50. Kaum vun deenen anere Korando ze ënnerscheeden. De Külergrill fält ewech, en E-Motion Emblème, a blo metaliséiert Baussespigelen, dat war et och schonn.

Den Interieur

Och bannenan ginn et kaum Differenzen zu den anere Korando-Versiounen. Vill Plaz a keng Abousse wéinst der Batterie. Déi läit ënnert der hënneschter Sëtzrei, an esou bleift och de Volume vun der Mall generéis.

Alles wierkt gutt verschafft, d’Lieder-Sessele si bequem an d'Topversioun huet e sëllege Sécherheets- a Confort-Feature mat u Bord.

Mir starten den E-Motion Korando a kréie bei voller 61,5 kw Batterieleeschtung 321 km Autonomie affichéiert. Déi E-Power Motrice ënnert dem Capot huet 190 PS Leeschtung. Maximal Vitesse läit bei 156 km/h. Bon dat geet an deene meeschte Fäll och bestëmmt duer. Éischtens wéinst de Limitatiounen a Radaren, an zweetens well Autobunn-Passagen d’Autonomie schmëlzen deet wéi de Botter an der Sonn.

Op der Strooss

An esou setze mir eis dann ouni Dezibel a Beweegung. D’Roadbook huet bewosst all Ausflug op eng Autobunn ausgeklammert. Just brav iwwer Land goung et. De Korando ass vir gedriwwen an huet heiansdo Traktiounsproblemer gehat, wann aus enke Kéieren acceleréiert gouf.

D'Fiederung ass confortabel an d’Lenkung zimmlech präzis. Séier mierke mir, dat mat deenen 320km ouni nozelueden géif näischt. Bon no 150km ware mir nees um Point de départ, an de Bordcomputer weist bal 22 kw/h Verbrauch un. Domat kann e sech net bretzen.

Och net beim Kapitel Recharge, well de Südkoreaner ass net um neiste Stand vun der Technik.

De Lithiumione-Pak brauch Zäit fir erëm fit ze sinn. Doheem un der Steckdous, 32 Ampère virausgesat, sinn et 10 Stonnen.

An och do wou de Jus ganz séier aus der Borne kënnt, si just 50kw fir de Korando méiglech. Bon tëscht 20 an 80% vun der Batterie stéingen dann awer an enger hallwer Stonn nees zur Dispositioun.

Och un der Wallbox mat 11kw, suckelt de Korando der just 6,6 an der Stonn.

Wie sech just am urbane Raum beweegt dee kann de Verbrauch sécher drécken an d’Autonomie eropschrauwen. An eng Wärmepompel fir d’Klimatisatioun huet de Korando serieméisseg u Bord.

Am Resumé

De Ssang Yong Korando E-Motion ass sécher net dee modernsten Elektroauto. Mee mat engem Präis vu 37.700 Euro un zimmlech abordabel.

Just schued, dass ee mam grousse Won net all ze wäit kënnt, an en anere Bemol ass, dass et bal keng Concessionnaire gëtt. Oder anescht ausgedréckt, stellt iech vir dir kaaft en neien Auto, an äre Noper weess guer net dass et di Mark gëtt.