• De PLUS

    • nohalteg Produktioun a Matièren
    • geraimegen an attraktiv gemaachte Banneraum
    • trotz héijem Gewiicht BMW-typescht Fuerverhalen
  • De MINUS

    • Design muss engem gefalen
    • Baussemoossen
    • héich Präisser an deier Optiounen

Mir dréinen d’Zäit ëm 7, respektiv 8 Joer zeréck: BMW revolutionéiert mat 2 Modeller aus senger neier i-Gamme d’Autoswelt.

Aussergewéinlechen Design, eng Carrosserie aus mat Carbonfaser verstäerktem Plastik an ënnert der Hauf een Elektromotor – ass dat d’Zukunft? Elo si mer 2021 a BMW schléit mam neien iX dat nächst Kapitel op. De Paul Origer war fir eis op der Presentatioun zu Ischpelt dobäi.

Automag: BMW iX

Eng kleng Iwwerleedung gouf et an der Tëschenzäit allerdéngs och. Mam iX3 huet BMW gewisen, datt d’Rees vun der Elektromobilitéit a Richtung SUV geet, den iX gouf awer komplett als Elektroauto konzipéiert, mat Akzent op Luxus, Polyvalenz a virun allem Nohaltegkeet. Recycléiert Matièren, Notze vun 100 % erneierbarer Energie bei der Produktioun an Transparenz bei de Matière fir d’Batterie sollen hien, wéi deemools och den i3, a punkto Ëmwelt zum Streber maachen.

Den Design

D’Designer schwätze vun enger neier Interpretatioun vum Sports Activity Vehicle. Den iX laut eng nei Plattform an, op hir sollen an Zukunft vill nei Modeller opbauen. Mat knapp 5 Meter Längt an 2 Meter Breet ass den iX mam X5 identesch, dobäi esou héich wéi en X6 an imposant wéi en X7. Wierklech opfälleg ass direkt déi massiv Nues mat der iwwerdimensionaler BMW-Nier esouwéi deenen zougepëtzte Luuchten, am grousse ganze bleift den iX awer zimmlech minimalistesch.

Den Interieur

Hei gëllt de Credo "vu bannen no baussen entwéckelt". Nieft dem ganz niichter gehalenen Tableau mat groussem Schierm, gebéit an am Querformat stiechen déi nohalteg Matièren an d’A. Recycléierten Aluminium a Plastik kommen an den Asaz, op Chrom gëtt verzicht, d’Holz ass FSC-zertifizéiert an d’Teppecher ware mol eng Kéier Fëschernetzer. 3 Meter Radstand an ee komplett glate Buedem ouni Tunnel heescht dann och vill Plaz bannenan, quasi eng Lounge op Rieder. Dofir suergen och déi nei Sëtzer mat integréierte Kappstützen an ee risege Panoramadaach.

Den Undriff

Zwou Motorisatioune maachen den Ufank; den xDrive50 mat 500 PS esouwéi den xDrive40 mat 300, allebéid mat elektreschem Allradundriff equipéiert. 600 respektiv 400 km Autonomie gi vu BMW versprach, dofir sollen déi relativ grouss Batterie vun 100 oder 70 kW-Stonne suergen. Si sinn zesumme mat der Boîte an den Elektromotoren an engem gemeinsame Gehais verbaut, dëst fir Plaz an, duerch eng besser Aerodynamik, Stroum ze spueren. Enner 21 Kilowattstonnen op 100 km si kee schlechte Wäert, allerdéngs muss sech dat herno an der Praxis mol nach beweisen. Lueden ass natierlech och een Thema; den xDrive40 zitt bis zu 150 kW, de grousse Brudder maximal 200 – an 10 Minutten léisst sech beschtefalls d’Autonomie ëm 90 oder 120 Kilometer pimpen.

Op der Strooss

Eng knapp Stënnchen konnte mer mam neien iX fueren – net immens laang mee wat direkt opfällt, dat ass dem Topmodell seng Liichtegkeet mat deier seng 500 PS déi 2,6 Tonne vun der Plaz beweegen. Et ass awer och dat typesch direkt a knackegt Fuerverhalen wat een sech vun de Münchener erwaart. Den iX verkierpert allerdéngs nach méi d’Oase op 4 Rieder; nët nëmmen dat bekannt Fueren ouni Geräischer, mee och dat neit Bedéngkonzept an d’Fuerhëllefe wéi déi intelligent Rekuperatioun maachen d’Reesen am iX zum Wellness.

D’Präisser

Déi aktuell Basis a Form vum XDrive40 start bei ronn 78.500 Euro. Fir 200 Päerd méi si knapp 95.000 Euro néideg. Dank attraktiven Optioune wéi Panoramadaach oder Bowers & Wilkins-Soundanlag ass d’100.000er-Schallmauer och séier duerchbrach.