• De PLUS

    • uspriechenden Design
    • gutt Raumgefill
    • iwwersiichtlech
  • De MINUS

    • Ergonomie vum Cockpit
    • kee Cupra-Fuerspaass
    • Präis

Net Seat, mä déi sportlech Duechter Cupra mécht beim spueneschen Autohiersteller aus dem VW-Grupp den Optakt a Saachen Elektromobilitéit.

Wéi sech „Auto Emocion“ ënner Stroum ufillt, huet den Akim Schmit aus der Automag-Ekipp probéiert erauszefannen.

Automag: Cupra Born

E bësse verwonnert et schonn, dass Seat der Duechter Cupra de Virtrëtt a Saachen Elektromobilitéit léisst. Cupra-Modeller stinn an der Reegel fir Leeschtung, Fuerspaass a spuenescht Temperament. Elektroautoe passen do net an d'Weltbild. Ma dach!, soe se bei Cupra: d’Leeschtung, déi direkt uläit an de sportlechen Design sollen den Ënnerscheed zum Technik-Brudder VW ID3 ausmaachen.
 
Den Design
 
Et kann een et dréinen a Kéiere wéi ee wëll: den Design vum ID3 rappt een net vum Hocker. Deemno war et fir d’Designer wuel net all ze schwéier fir de spueneschen Zwilling méi uspriechend ze verpaken. Fir de sportlechen Optrëtt suerge virun allem méi kompakt Ofmiessungen. De Born ass méi kuerz a méi flaach wéi seng Plattform-Bridder.

Dat kascht zwar Kapp a Beefräiheet, besonnesch an der zweeter Rei, allerdéngs net esouvill, dass ee vun engem Nodeel schwätze kéint. Besonnesch gelongen ass d’Frontpartie mat hire schmuelen LED-Pharen an der zwee gedeelter Motorhauw.

Den Interieur
 
Och bannendra wierkt de Cupra frësch an opgeraumt, awer net onbedéngt duerchduecht. Vill Knäppercher goufen agespuert, esou dass de Chauffeur am Born vill ze touchen, ze swipen, ze sliden an ze scrollen huet … Dat gëllt och fir déi beréierungsempfindlech Héichglanz-Knäppercher um Steierrad, déi kee Feedback ginn a bei sportlecher Fuerweis en interessant Eegeliewen entwéckelen.
 
Net gefall huet mer och de winzegen Display fir de Chauffeur, d’Positioun vum Gangwielhiewel, deen hannert dem Steierrad verstoppt läit an de Plastik, dee plazeweis bëlleg wierkt. Et bleift awer ze soen, dass den Infotainment seng Saach gutt mécht an den Head-Up Display mat Augmented-Reality am Stad-Verkéier vu Barcelona e Komfortgewënn war.
 
Wéi bei Elektroautoen üblech, léisst keen Hiersteller d’Nohaltegkeet aus den Aen – oder aus dem Marketing. De Born kënnt ouni Lieder aus: d’Sëtzer si mat „Seaqual“ bespaant, enger Matière déi aus Plastik hiergestallt gëtt, deen aus dem Mier gefëscht ginn ass.
 
Op der Strooss
 
Zäit fir en Tour ze dréien. An do spréngt net de „Start“-Knäppchen an t'Aen, mä de “Boost” mat deem d’Leeschtung fir e kuerze Moment vun 150 kW (204 PS) op 170 kW (231 PS) ugehuewe gëtt. Dat ännert zwar näischt um Dréimoment (310 Nm), mä wou Cupra drop steet, muss och Cupra dra sinn.
 
6,6 Sekonne gi fir de Sprint op Tempo 100 duer, ma bei 160 km/h ass Feierowend. Mä wien un d’Reechwäit denkt, ass seelen esou séier ënnerwee. Dobäi ass d’Stroosselaach duerch déi déif Batterie gutt, allerdéngs kënnt d’Fuerwierk bei sportlecher Fuerweis a schmuele Kéieren séier u seng Grenzen. Richtege Fuerspaass, wéi bei anere Cupra-Modeller kënnt mam Born net op. Dat läit och un der Sëtzpositioun, déi entgéint dem sportlechen Design ze héich ass, an dorun, dass den Elektro-Cupra ouni Sportauspuff auskomme muss.  
 
Den Undriff
 
Cupra lancéiert de Born a senger stäerkster a bis elo eenzeger Versioun mat 150 kW (204 PS) an der  Kombinatioun mat enger 58 kWh-Batterie, déi fir 424 km Reechwäit duergoe soll. Batterie mat 45 a 77 kWh si geplangt. Domat léisst sech de Präis drécken oder d’Reechwäit op iwwer 500 Kilometer unhiewen. Ob dat klappt a wat dat kascht ass ofzewaarden, soss heescht et méi heefeg lueden. 125 kW verdréit d’Lued-Elektronik, domat fléisst a 7 Minutte Stroum fir 100 Kilometer an d’Batterie.

De Cupra Born steet mat 38.600 Euro an der Präislëscht.