• De PLUS

    • Plaz bannen
    • Fuerverhalen
    • modernen Design
  • De MINUS

    • Präis
    • vill Optioune kaschten extra
    • keng Hybrid-Versiounen

De Fabia vu Skoda, en Erfollegsmodell fir di tschechesch Mark. Permanent evoluéiert steet elo schonn di 4. Generatioun beim Concessionnaire.

De Christian Schmit war fir den Automag domat ënnerwee.

Automag: Skoda Fabia

Aus Kanner gi Leit, heescht et am Spréchwuert. Dat passt och fir den neie Skoda Fabia. E wiisst iwwer sech eraus, fir elo bis op 4m11 ze kommen. Awer och de Radstand huet zougeluecht, an och d’Breet.

Als 1.0 TSI 110 PS, mat 7 Gang DSG Boîte am Phoenix Orange a Style Versioun stoung e vrun eis. E sollt eis gläich op 2 Reportage begleeden. Dowéinst goung et op Clierf an op Voeren, eng 25 Kilometer hanner Léck op eng aner Auto Presentatioun.

Den Design

Méi modern an ebe méi erwuesse wéi de Virgänger. Vu vir, vun der Säit oder och vun hanne gekuckt, ganz an der aktueller Skoda Design Linn.

Dee modernen Design fënnt een och bannenan erëm. Do kënnt engem scho bal Golf-Klass iwwer d’Lëps. De virtuelle Cockpit ass elo u Bord, an och den Infotainment Monitor an enger grousser Dimensioun. Velours um Tableau de bord an net grad esou haarde Plastik, oh la la. Mä komescherweis widderhëlt dat sech leider net fir déi, di an der zweeter Rei matfueren. Dofir dierf awer elo jidderee méi mat op d’Rees huelen. 50 Liter méi gi spendéiert. Elo dann 380 Liter Volume, oder bis zu 1.200 Liter wann hanne kee sëtzt.

Mir notéieren och, dass de Fabia Joergang 2022 a Saachen Assistenzsystemer an Infotainment + Kommunikatioun up to date ass. LED-Luuchten, adaptiven Ofstandswarner, Travelassist, vill Airbagen, a mam Front Radar och de City Noutbrems Assistent.

Den Undriff

Do falen emol gläich zwou Saachen op. Et ka keen Diesel méi bestallt ginn, an op all Form vun Hybrid-Versiounen, wéi bei der Konkurrenz, gëtt och verzicht.

Bon esou starte mir dann den 1000er 3 Zylinder. Deen hat an eiser Versioun 110 PS, an déi gi méi wéi duer, fir monter virunzekommen. 200Nm Dréimoment, 10 Sekonne fir Tachonol op 100 ze kréien an 200 Spëtzt, do muss e sech net beschwéieren.

A wann dach, deem sief gesot, dass de 1.5 TSI mat 150 PS geschwënn nogereecht gëtt.

Déi 110 PS an di 7 Gang DSG-Bôite, dat harmonéiert gutt. Lenkung a Fiederung sinn och fir di dote Kategorie Auto an der Rei. Veraarbechtung och, mä do gouf et bei Skoda jo scho laang näischt méi ze meckeren.

Eppes iwwer 700 Kilometer ware mir zesummen ënnerwee, 6,2 Liter Verbrauch ginn um Bordcomputer affichéiert, dat bei engem gudde Mix aus Autobunn, Landstrooss a Stadverkéier. 1 Liter méi wéi vu Skoda versprach.

D’Präisser

Skoda simply clever jo, mä Low Budget dat gëllt scho laang net méi. Deen neie Skoda Fabia an der 4. Generatioun kascht an der vun eis gefuerener Style-Versioun mat 110 PS op d'mannst 21.870 Euro. Mä mat villen Optiounen, déi een ukräize kann, déi den Alldag u Bord méi agreabel maachen, dreiwen de Präis dann no un di 30.000 Euro.

Mä dofir huet ee jo da mam Skoda Fabia e klengen Auto an der Garage, dee richteg erwuesse ginn ass, a säi Wee wäert maachen. Wéi ugangs gesot, aus Kanner gi Leit.