De 24. Januar ass et nees esou wäit: zu Lëtzebuerg ass Autosfestival!

A genee esou eng Traditioun ass an der Tëschenzäit och schonn den Online-Special, deen der iech op rtl.lu ukucke kënnt. Wat do derhannert stécht, dat verréit eis de Paul Origer am Gespréich mam Bob Konsbrück.

Automag: Presentatioun Autofestival-Dossier 2022

Eent ass op jidder Fall sécher, den Autofestival ka stattfannen!

Richteg, doriwwer sinn d’Autofans natierlech frou. Zemools et dëst Joer esou ass, datt de Bréisseler Salon, dee jo traditionell ëmmer virum Festival stattfënnt, ofgeblosen ass. Obwuel ofgeblosen ass falsch, d’FEBIAC huet decidéiert eist Konzept vum Autofestival ze kopéieren an hir 99. Editioun vum Bréisseler Salon och an d’Showrooms vun de Concessionnairen ze verleeën.

Mänees zeréck bei de Lëtzebuerger Festival – du këmmers dech jo schonn eng Zäitchen ëm de Festivalsdossier, deen ee vun haut un op rtl.lu fënnt – erklär eis mol nach eng Kéier wat do gebuede gëtt.

D’Iddi derhannert ass, fir den Autobegeeschterten esou gutt wéi och deene Leit, déi einfach geplangt hunn en neien Auto ze kafen, eng kleng Iwwersiicht ze ginn, wat et dann Neies gëtt. Et fënnt een op eisem online Special eng Grille mat all de Markelogoen; wann een dorop klickt, da kritt een e kuerzen Text, wéi eng nei Autoe vum leschte Festival un bei dëser Mark presentéiert goufen a wat eis och villäicht als Première oder Iwwerraschung an deenen eenzele Showrooms erwaart. Bei deenen Donnéeën hunn ech mech op d’Informatioune vun eise jeeweilege Marke-PR’en, wéi awer och op Concessionnairen am Land verlooss, déi Texter ginn awer och stänneg aktualiséiert.
Da fënnt een natierlech eng Billergalerie vun den ernimmte Modeller, de Link bei d’Säit vun der Mark esou wéi och deen op eis Online-Präislëschten déi, wéi de Festivalsdossier, och scho bal eng Traditioun sinn. Last but not least interesséiert et deen een oder aneren villäicht och, ob mer déi Autoe schonn am Test haten? Dat fannt der dann och passend zur Mark.

Mir spiere jo alleguer eng gewëssen Entwécklung an der Welt vum Automobil – hues du dat och beim Zesummestelle vum Festivalsdossier gemierkt?

Ech muss soen, no iwwer 10 Joer dobäi falen engem déi Trends natierlech däitlech op. Ech ka mech nach gutt un déi Eenzel erënneren. Zum Beispill wien huet dee gréisste Motor; V8, V10, V12 – et konnt net genuch Hubraum an Zylinder sinn. Esouguer e Golf hat emol ee V6 ënnert der Hauf. Do koum d’CO2-Prime an den Diesel-Boom, all Marken hunn ëmgesuedelt an de Choix bei de Bensinner gouf drastesch reduzéiert. Bis op emol den Diesel awer net esou propper war an d’Bensinner nees Iwwerhand kruten. Tjo, an elo? Ech hat wierklech Krämpes fir Iwwerschrëften ze fannen, well bal all d’Autosmarken an der Tëschenzäit Hybrid- oder Elektroundriffer an der Programm geholl hunn.

A wéi ass dann d’Tendenz bei de Kategorien – ass den SUV nach ëmmer um Podium?

Eigentlech schonn, woubäi awer och opfält dat et méi a Richtung Crossover geet, spréch net grad esou héich awer ëmmer nach deen Ech-kann-iwwerall-hinn-Look. Um Stierwe leien definitiv d’Spaassautoen, sief et Cabrioen oder Coupéën – nach just d’Premium-Marken hale se am Programm. An no de Vans sinn och d'Limousinnen an d'Kombien um Ausstierwen – z.B. ass de Ford Mondeo um Auslafen a Mercedes huet ugekënnegt no 2030 keng Kombie méi unzebidden.

Da gëff eis zum Schluss awer nach e puer Tipps, wat dierfe mer eis um Festival erwaarden?

Ze vill verrode wëll ech natierlech net. Mee esouvill elo schonn; déi eng oder aner Première dierfe mer zu Lëtzebuerg nees feieren, ausserdeem hu vill Marke sech besonnesch Iwwerraschunge wéi exklusiv Modeller oder Rennversiounen, déi se am Showroom ausstellen, afale gelooss.

Fotogalerie - 1. Deel