Sportlech Modeller hu bei VW en „R“ am Numm. Gläich zwee vun de stäerkste Vertrieder hu mer dës Kéier am Automag.

Den Akim Schmit aus der Automag-Ekipp iwwer de VW Golf Variant R an den Arteon R Shooting Brake.

Automag: VW Golf R Variant an Arteon R Shooting Brake

Et kéint net just iergendeen Automag mat masseg Päerd sinn, mä vläicht ass dëst esouguer déi familljefrëndlechst Editioun déi 2022 ze bidden huet. Gläich zwee Kombi’en – oder wéi se bei VW heeschen: « Variant » respektiv „Shooting Brake“ – stinn an dësem Automag am Mëttelpunkt.

Fänke mer mam Golf R Variant un. Mat deem huet VW net just säi séierste VW-Kombi op d'Rieder gestallt, mee och e Modell am Programm, dee scho bal ze Schued ass fir just am Stop-and-Go Verkéier matzeschwammen. Bei der Virstellung dierft de Golf R Variant seng Leeschtung op engem Circuit ënner Beweis stellen.

RTL

© Akim Schmit / RTL

Nieft senge sportlechen Talenter hunn d‘Ingenieure bei VW den Alldagsnotzen net aus den Aen verluer. Bei engem Kombi ass dat an éischter Linn d’Plaz fir Passagéier a Gepäck: 611 Liter passen an d’Mall, dat ass trotz méi opwänneger Fuerwierks-Technik ëmmer nach d’selwecht vill wéi ouni R.

D’Fuerwierk léisst op Wonsch d’Bandscheiwen all der Rei no, a mat enger Hellewull un Komfort- an Assistenzsystemer gëtt aus dem Golf R Variant en agreabele Begleeder fir laang Strecken. Eventuell esouguer mat enger Roulotte hannendrun: well fir déi éischte Kéier ass den Golf R Variant mat enger Unhänger-Kupplung ze kréien. Bis zu 1,9 Tonnen (gebremst) dierf d’Remorque weien.

Et kann een awer dovun ausgoen, dass d’Majoritéit vun de Keefer de Variant R net keeft, fir eemol am Joer eng Roulotte un d’Costa Brava zéien, mee wéinst senger Leeschtung.

Ënnert dem Capot stécht en 2.0 Liter Véierzylinder TSI-Bensinner mat 320 Päerd a 420 Nm Dréihmoment déi – wéi et sech fir en R-Modell gehéiert – iwwer alle 4 Rieder op de Makadamm bruecht ginn. Ënner ideale Konditiounen geléngt de Sprint op Tempo 100 a knackege 4,9 Sekonnen, bei 250 km/h reegelt d’Elektronik of.

Mam R-Performance Pack dee mat 2.000 Euro an der Präislëscht steet, gëtt den Topspeed op 270 km/h ugehuewen. Fir dee Präis gëtt et doriwwer eraus och 19 Zoll Rieder an zwee zousätzlech Fuerprofiler: deen éischten heescht „Special“, ass um Nürburgring ofgestëmmt ginn a këddelt déi gréisstméiglech Fuerdynamik aus dem Variant R. Den zweeten heescht „Drift“ an erliichtert et och manner verséierte Chauffeuren de Pleséier vum driften op ofgespaarte Plazen ze entdecken. Méiglech gëtt dat eréischt duerch den 4Motion R-Performance Allrad-Undriff mat Torque Vectoring.

De VW Arteon R Shooting Brake

Eng aner Zilgrupp huet den Arteon R Shooting Brake. Deen ass nämlech net just méi grouss, mee och méi elegant wéi de Golf R Variant. Dass och dësen zur Famill vun de VW-Sportler gehéiert, fält an éischter Linn duerch déi typesch blo Faarf op. Déi béidsäiteg Endréier an déi 20 Zoll grouss Rieder sinn dann och dem R-Modell virbehalen.

RTL

© Akim Schmit / RTL

Seng Technik deelt sech den Arteon zu groussen Deeler mam Golf R (Variant). Ënnert der Motorhauw stécht de selwechten 2.0 Liter Véierzylinder TSI-Bensinner mat 320 Päerd a 420 Nm. A wéi am Golf Variant leien och d’Fuerleeschtungen um selwechten Niveau. 4,9 Sekonnen brauch den Arteon fir de Sprint aus dem Stand op Tempo 100. Alldag a Sport fannen och am Arteon beieneen. Déi elektronesch Fuerwierksregelung erlaabt et jee no Laun oder Streckeprofil tëscht Confort an „R“-Modus ze wiesselen, en Drift-Mode gëtt et dogéint net.

An nach eppes ënnerscheet den Arteon vu sengem Golf-Brudder: amplaz vu lästegen an onprezisen Touch-Slideren kommen am Arteon klassesch Knäppercher zum Asaz, déi maache wat se sollen an dobäi manner vum Verkéier oflenken. Wien en zeréckhalenden Optrëtt a Kombinatioun mat Leeschtung am Iwwerfloss sicht, ass mam Arteon R Shooting Brake gutt zerwéiert.

Präisser

An et gëtt nach eppes wat sech Golf R Variant an Arteon R Shooting Brake deelen: se sinn allebéid net gënschteg. Fir de stäerkste Golf Kombi wiesselen op d'mannst 46.000 Euro de Besëtzer, fir den Arteon stinn 60.300 Euro op der Rechnung. An dat wéi ëmmer virun all den Optiounen déi d’Liewen méi agreabel maachen.