• De PLUS

    • 6-Zylinder-Sound
    • sportlech-elegant
    • Fuerd-Dynamik
  • De MINUS

    • Präis
    • Plaz an der hënneschter Rei
    • Gewiicht

D’Joer 2022 hat fir de Christian Schmit gutt ugefaangen. Als éischten Testauto mol gläich de 440i Xdrive Gran Coupé aus de bayeresche Motoren Werke.

Bei den Autoverkeef konnt d’Elektromobilitéit an der Statistik e grousse Sprong no vir maachen. Mee fir vill vun eis bedeit Spaass um Fuere jo nach ëmmer Zylinderen a ganz vill Cocoen ënnert dem Capot. Den Testauto am Automag ass esou een aus där Kategorie. De BMW M440i an der Versioun Gran Coupé. De Christian Schmit war mat him e Weekend ënnerwee.

D’Joer 2022 hat gutt ugefaangen. Als éischten Testauto mol gläich de 440i Xdrive Gran Coupé aus de bayeresche Motoren Werke.  Esou kann et viru goen.

Den Elektroauto an allen Éieren, mee de Sound vum 6-Zylinder lauschteren, nach ëmmer e Genoss. Zemools och do elo d’Chalone fir Nohaltegkeet ze erkenne sinn.

Den Undriff

D‘Freed um Fuere kritt elo Gesellschaft vun engem Mild-Hybrid--System. En 48 Volt System mat 11 PS Leeschtung, vun deem een awer am Alldag quasi näischt mat kritt. Wiem dat net ëmweltbewosst genuch ass, dee muss de Gran Coupé an der 100 % Elektroversioun wielen. Jo bei BMW fiert e bei deem heite Modell zweegleiseg.

Am Testauto war et den 3 Liter 6 Zylinder Turbo Bensinner mat 374 PS. Gekoppelt mat der Xdrive Traktioun, also op di 4 Rieder, an der harmonescher 8 Gang Steptronic ass de Sportswon mat Plaz fir 4, vläicht esouguer 5 Passagéier perfekt.

Sportlech a praktesch wëll BMW säi Gran Coupé gesinn. Beim Virgänger Modell ass dat jo schonn op eng ganz respektabel Akzeptanz gestouss.

500Nm Dréimoment gi gebueden, 250 km/h an du hues knapps bis 5 gezielt, da si mir schonn op 100.

Den Interieur

Bon do ass et um Tableau de bord de gewinnte Look aus dem aktuellen 3er BMW. Dezent, elegant an héichwäerteg ass alles verschafft. An d’A sprangen engem gläich d’M-Sportsëtzer mat super Säitenhalt an dach nach confortabel. Bemol, kaschten 835 Euro extra!

RTL

© Christian Schmit / RTL

De 4direge Coupé ass fir Passagéier iwwer 1m70 näischt méi. Fir d’Knéien hannen nach ok, mee de Kapp schautert dann um Daach Himmel. Mee fir d’Famill mat Kanner misst dat klappen. Zemools an d’Mall elo, jee no Konstellatioun, tëscht 470 a bal 1300 Liter erapassen. Hei mierkt een dass den neie 4er Gran Coupé 14 Zentimeter méi laang ginn ass.

Op der Strooss

Eng gëlleg Freed. Aus dem BMW M-Regal si nämlech de Performence Package, Allrad, Sport Chassis, Differential an di sportiv Lenkung u Bord.

An dat mierkt een. Op elo zimmlech brav am Confort Modus, oder mat Sport-Plus wou di präzis Lenkung a Fiederung da nach eng Kéier geschäerft gi fir den Top-Fuerleeschtunge gerecht ze ginn.

Mat de Paddelen hannert dem Steierrad kann ee mat bestëmmen, wéi rasant et op der Glécht oder em d’Kéiere viru soll goen.

Jo u Fuerdynamik feelt et dem Bavaria Gran Coupé 440i nu wierklech net.

Eppes iwwer 1,8 Tonne bréngt en op d’Wo, an déi si quasi fifty fifty op d’Karosserie verdeelt.

Nach e Wuert zum Verbrauch. Di annoncéiert 8.3 Liter si bal realistesch wann e ganz brav mat der Famill ënnerwee ass. Soss, wa kee niewendru seet, maach méi lues, an d’Verkéierssituatioun et erlaabt, dann 10 an driwwer.

RTL

© Christian Schmit / RTL

D’Präisser

Jo d’Kapitel Präis, dat dreift engem elo kee Smile an d’Gesiicht. 66.380 Euro sinn op d'mannst fälleg. Soll e genee esou an der Garage stoen, wéi mir en am Test haten, dann addéiere sech Optioune fir nobäi 19.000 Euro. Deemno 85.000 Euro.

Am Resumé

D’Produktmanager bei BMW louche virun 8 Joer genee richteg mat hirer Decisioun eng 4direg Coupé Limousin ze lancéieren. Déi Iddi huet bis elo eng 100.000 Clienten all Joer iwwerzeegt. A mat deem neie Gran Coupé dierft dat esou bleiwen. Et muss jo net onbedéngt den M440i X drive sinn.