• De PLUS

    • erfrëschenden Design
    • vill Oflagen
    • gutt Veraarbechtung
  • De MINUS

    • Fuergeräischer
    • Plaz op der Réckbänk
    • vereelzte Banneraum

Mam Rav4 huet Toyota Mëtt der 90er Joren d’Segment vum Kompakt-SUV quasi erfonnt.

Relativ spéit spréngt de japanesche Constructeur mam Yaris Cross op den Zuch vum City-SUV op. Den Akim Schmit aus der Automag Ekipp mat den Detailer.

Automag: Toyota Yaris Cross

Deem een oder aneren ass den Toyota Urban Cruiser vläicht nach e Begrëff. Mat dësem hunn d’Japaner schonn 2009 hiren éischte Kompakt-SUV op d’Rieder gestallt. Ma den Erfolleg war net um Rendez-vous an zanter 2014 war Toyota an dësem Segment net méi vertrueden. Allerdéngs hu sech d’Zäite geännert. An elo wou Ford Puma, Renault Captur an VW T-Roc, fir just déi ze nennen, erfollegräich sinn, stellt Toyota mam Yaris Cross säin éischten City-SUV op Rieder.

Den Design

Zwar steet Yaris drop, mä mam klengen Stadauto huet de Yaris Cross net méi vill um Hutt. D’Japaner hunn et fäerdeg bruecht dem Yaris Cross en eegestännegen Design ze verpassen. Zwar erënnert dësen un de grousse Brudder Rav4, mee dat ännert näischt dorun, dass e mat senge breede Kotfligelen an 18 Zoll Rieder e staarken Optrëtt dohi leet. D’Buedemfräiheet gouf géigeniwwer dem Yaris ëm 3 Zentimeter ugehuewen, woumat ee minimal méi héich sëtzt. Ëmmerhin ass dat ee vun den Haaptgrënn sech fir en SUV ze entscheeden. A wou mer scho bei der Gréisst sinn: mat 4,18 Meter längt ass de Cross 24 Zentimeter méi laang wéi de Yaris. Richteg grouss ass dat awer net: e VW Golf ass 10 Zentimeter méi laang.

Bannendran

Zwar wierkt de Yaris Cross vu bausse grouss, bannendra kann Toyota dann awer net zauberen. Op de viischte Sëtzer hunn och grouss Persoune genuch Plaz, hannendra gëtt et awer séier enk. Dat läit un der Beefräiheet, déi et mir mat mengen Norm-1,80m scho schwéier mécht mech ze sortéieren, an där breeder C-Sail, déi d’Vue no baussen aschränkt. Punkte kann de Yaris Cross awer mat senger grousser Mall an déi 367 Liter passen.

Eng kleng Enttäuschung ass dogéint den Design vum Banneraum, deen ugestëbst wierkt an net mam modernen Design vun der Karosserie mathale kann. Iwwerraschungen gëtt et keng: hannert dem Steierrad ass en hallef-digitale Cockpit, d’Klimaanlag gëtt iwwer normal Knäppercher gesteiert an en optionalen Head-Up Display blend dem Chauffeur déi wichtegst Informatiounen an d’Siichtfeld an. Net gefall huet mer d’Positioun vun de Knäppercher fir d’Luuchten an d’Lenkradheizung déi lenks ënnert dem Steierrad verstoppt sinn a sech domat net gutt erreeche loossen. Opgefall sinn déi vill praktesch Oflagen, awer och den haarde Plastik dee plazeweis verschafft gouf.

Den Undriff

D’Kapitel vum Undriff fält kuerz aus: de Yaris Cross gëtt et Toyota-typesch just mat engem eenzegen Hybrid-Undriff. Ënnert de Capot kënnt en 1,5-Liter-Bensinner mat 3 Zylinder an 92 Päerd zum Asaz. A Kombinatioun mat engem 59 kW staarken Elektromotor un der viischter Achs läit d’Systemleeschtung bei 116 PS (85 kW). Domat soll e Verbrauch vun 4,4 Liter Bensinn op 100 Kilometer méiglech sinn.

A mengem Test waren et éischter 5,6 Liter. Dat läit dorun, dass de Yaris Cross kee Plug-In Hybrid ass, also net un der Steckdous opgeluede gëtt. D’Batterie huet grad emol eng Capacitéit fir bis Tempo 50 reng elektresch ze fueren, an dann och just iwwert eng Distanz vun 1 bis 2 Kilometer. Entspriechend heefeg muss de Bensinner sech bäischalten, wat däitlech ze héieren ass. An Zäiten wou déi meescht Hiersteller op Plug-In Hybriden setzen déi eng elektresch Reechwäit vu 40 bis 70 Kilometer hunn, huet dem Yaris Cross säin Undriff Plomme misse loossen. Wien vill op der Autobunn oder Landstrooss ënnerwee ass, kann d’Spuerpotential vum Hybrid-Undriff nëmme seelen notzen.

Op der Strooss ass de Yaris Cross en agreabele Begleeder, woubäi d’Ofstëmmung vum Fuerwierk an d’Steierung net mam sportlech dynameschen Optrëtt mathale kënnen. Ënnert dem Stréch geet et bei dësem Modell awer och net ëm Héchstleeschtungen - 11,2 Sekonnen vun Null op Tempo 100 an eng Héchstvitesse vun 170 km/h schwätzen eng kloer Sprooch – mee dorëms méiglechst spuersam vun A op B ze kommen. Net gefall huet mer awer déi schlecht Isolatioun: de Motor an d’Fuergeräischer si méi wéi däitlech ze héieren. Do ass un der falscher Plaz gespuert ginn.

De Präis

Mam Yaris Cross schéckt Toyota en interessanten City-SUV mat engem erfrëschenden Design an d’Rennen dee mat Sécherheet net fir jiddereen a Fro kënnt. Präislech beweegt e sech um Niveau vu sengen direkte Konkurrenten. Lass geet et bei 24.590 Euro. Mat Allrad-Undriff an der héchster Equipements-Linn stinn 36.800 Euro um Bon de Commande.