An den News vun haut geet et ëm eng ganz Rëtsch Marken an hir neiste Lancementer.

Den Importateur Astara hat fir d’Nouvellë vu Hyundai, MG, Suzuki a SsangYong op Mënsbech agelueden. De Paul Origer war fir eis bei dëser Presentatioun dobäi.

Automag: News vun Hyundai, MG, Suzuki a SsangYong

Aus Alcomotive gëtt Astara a si bekëmmere sech dorëms, datt Autoe vu Marke wéi Isuzu, Hyundai, MG, Suzuki a SsangYong de Wee op Lëtzebuerg fannen. Natierlech haten dës fir de Festival vill Nouvellen ze bidden, wéi zum Beispill Hyundai. Bannent 2 Joer gouf déi ganz Gamme erneiert. Op Mënsbech matbruecht hate si hiren neiste Worf aus der N-Gamm: de Kona N. An dat dee Buschtaf fir Leeschtung a Fuerspaass steet, wësse mer spéitstens zanter dem i30N. Vun deem kënnt dann och den Turbobensinner mat 280 PS deen aus dem kompakte SUV e richtege Sportler mécht. Amateure sollen sech awer bäimaachen, de Kona N ass op 120 Exemplaire pro Joer limitéiert. An e bëssen eng aner Richtung geet den Ioniq 5, deen éischten als rengen Elektroauto konzipéierte Hyundai. Säin Design polariséiert, seng Technik ass mat 800 Volt-System a maximal 450 km Autonomie um neiste Stand.

RTL

© Paul Origer / RTL

MG, dat war dach – richteg! An de 50er a 60er Joere stoung Morris Garage fir kleng a bezuelbar Roadster aus England, elo pecht de Logo op SUV aus China. An deen éischte Worf, den ZS EV wor schonn zeideg fir ee Facelift. Déi ënnert anerem lackéiert Kalander an den iwwerschaffte Banneraum loossen den ZS weesentlech méi frësch optrieden, och beim Fuere mécht e säi Match gutt. An enger Liga driwwer spillt deen neie Marvel R. Net eleng den Design baussen, mee och de Banneraum an d’Motorleeschtung zilen a Richtung Premium. Maximal 288 PS sinn dann och eng Uso, genee wéi 400 km Autonomie. Un deen iwwerdimensionale Bildschierm an der Mëttelkonsol an déi zackeg Präisser muss een sech allerdéngs gewinnen. Iwwerraschung zu Mënsbech, awer leider net fir ze fuere war d’Avant-Première vum MG5, engem Elektro-Kombi am Format vun Toyota Corolla a Ford Focus. D’Batterie solle fir 400 km duergoen ouni dat praktesch Wäerter leiden; op senge 4m60 soll Plaz fir 5 Passagéier a 479 Liter Gepäck sinn. Ab Mäerz steet de vollelektresche Kombi fir ronn 34.000 Euro beim Concessionnaire.

RTL

© Paul Origer/ RTL

Suzuki hat virun allem SUV am Gepäck; ugefaange mat engem neien ëmgebadgten Toyota; den Across. Domat start de RAV4-Zwilling bei Suzuki als éischte Plugin-Hybrid a soll Clienten, deenen de Vitara an den S-Cross ze kleng sinn, uspriechen. A propos S-Cross; do gouf et d’Generatioun Nummer 2 ze probéieren. Den Nofolger vum SUV-Pionéier SX4 ass elo virun allem méi erwuessen a besser verschafft. Optesch krut hien e verstäerkten Offroad-Look a bannenan ass méi Plaz. De Motor ass dogéngt bekannt, Suzuki vertraut weider op de bekannte 1400er Boosterjet mat Mildhybrid-Technik.

RTL

© Paul Origer/ RTL

Vu Mahindra eriwwer bei Edison: SsangYong krut een neit Mammenhaus a start och mat hirem éischten Elektroauto. De Korando e-Motion baséiert um bekannten Kompakt-SUV a versprécht 339 km Autonomie. Domat awer net genuch, den Elektro-Korando ka bis zu 1500 Kilo un de Krop huelen a knéckt, trotz dem interessante Präis vu knapp 39.000 Euro, net mat Sécherheetssystemer. Am Laf vum Joer soll SsangYong dann nach 3 nei Modeller lancéieren, duerno versprécht den neie Propriétaire Edison weider nei Autoen an e komplett neie Styling.

RTL

© Paul Origer/ RTL