• De PLUS

    • Fuerconfort a Wellness-Programm
    • Autonomie vun der Plug-In Batterie
    • Fiert sech erstaunlech liicht bei deem Gewiicht an deenen Dimensiounen
  • De MINUS

    • Präis
    • Plaz an der Mall wéinst de Kabele fir opzelueden

Kann een aus engem Auto méi entspaant erausklamme wéi virum Depart? Dat ass d’Fro, déi haut am Automag opgeworf gëtt.

De Christian Schmit huet d’Äntwert parat um Volant vun der Mercedes S-Klass 580e.

Automag: Mercedes-Benz S-Klass 580e

Ouni elo virop ze vill ze verroden, d’Äntwert ass hei jo. Eng S-Klass vu Mercedes ze beweegen, dat war schonn ëmmer Fuerconfort op héchstem Niveau. Esou och bei därer, déi mir elo am Test haten. Als Mercedes S580 e ass et déi Versioun, wou dat gutt Gewësse mat fiert.

Den Undriff

Am S580e ass et elo di 4. Generatioun vun enger Hybrid-Versioun. De Plug-In Hybrid huet eng Leeschtung vun 150 PS, an domat komme bis zu 100km Autonomie zesummen.

Dat am Zesummespill mat dem bekannten 3 Liter 6 Zylinder aus dem MB Regal, deen 367 Päerd Leeschtung huet.

Mécht eng System Leeschtung vun 510 PS a bis zu 750Nm Dréimoment. Dat ass den Entwécklungsingenieure mat vill Know-How gelongen.

Ouni Dezibel setzt sech de Luxusliner mat Stär um Küler a Beweegung. Reng elektresch si mir zwar keng 100km komm, mee eng 70 waren dran. Um Ecran an der Mëttelconsole kann een och ëmmer kucken, wéi a wou den Energiefloss grad drun ass.

Bis maximum 140 à l’heure kann ee mat der S-Klass Plug-In Hybrid als Elektroauto ënnerwee sinn. De Verbrauch annoncéieren di Stuttgarter mat 1,5 Liter. Wéi si dat ronn kruten weess ech net, mee mir ware bei verhalener Fuerweis och schonn houfreg op d'5 virum Komma op 100km. De Stroumverbrauch tëscht 20 an 22kw d’Stonn.

D’Batterie konnt besser wéi beim Virgänger ënnerbruecht ginn. De Podest an der Mall fält ewech, a laang Géigestänn wéi d’Schi kéinten duerchgereecht ginn. Mee déi zwou Sakosche mat de Kabelsystemer huelen awer och Plaz an.

A wa mir da scho beim Luede sinn. De Stécker fir di 11kw ass serieméisseg. Ganz schëtzeg luede mat 60kw ass awer och méiglech. Esouguer wann d’Batterie ganz eidel wier, géif et dann erëm di ganz Autonomie no enger ½ Stonn.

Virausgesat déi Borne sinn dann och fräi a fonctionéiere korrekt.

Eis ass et esou ergaangen. Déi eng huet just 5 kw ofginn, deemno grad emol 30 Kilometer no 5 Stonnen, anerer ware besat an hunn duerno och net de Maximum u Leeschtung bruecht. Do war e frou dass een d’Hybrid-Technik hat.

Den Interieur

Baussen am Rubelli rout fir 1.100 Euro Oppräis, a bannenan Nappalieder am Macchiato beige, dat gesäit ganz nobel aus. Dacks goufe mir op den Testauto ugeschwat, a vill wären der gäre matgefuer. Jo mat der S-Klass fält een op. Et brauch ee schonn eng Zäitchen, fir sech duerch Menüen ze wullen an de Genoss vu villen Confort-Featuren ze kommen.

Déi hunn et a sech an de Relax-Programm, heescht iwwregens „Energizing Control“ animéiert een och zu enger entspaanter Fuerweis.

A Kombinatioun mam E Active Body Control + Road Surface Scan an dem top isoléierte Benz, kritt ee vu baussen net vill mat. Wien nach e puer Dausender drop leet, kann da Maybach-Feeling erliewen.

Esou léisst et sech op Top-Niveau reesen, a jo et klëmmt ee méi entspaant eraus wéi eran. Och wann emol méi op der Strooss lass ass. Dat well d'S-Klass jo deelweis autonom fiert (Level 2).

D’Präisser

Dir kennt iech et denken, spéitstens elo ass et fir vill vun eis mam „entspanen“ eriwwer.Bei 123.000 Euro geet et lass, mee de Car Configurator léisst nach vill Kräizercher zou. Eisen Testauto, de Mercedes S580e koum dann och op 155.000 Euro.