Volvo C40 Recharge
-
De PLUS
- sobere schwedeschen Design
- Motorleeschtung & Traktioun
- knackeg Stroosselag & kommunikativ Steierung
-
De MINUS
- Iwwersiicht a Raumgefill hannen
- Infotainment nach ëmmer komplizéiert ze bedéngen
- kéint méi séier lueden
Mam C40 start net nëmmen deen éischte Modell, deen et nach just elektresch gëtt, mä och deen éischten SUV-Coupé vu Volvo.
Wéi dee sech fiert a wat d’Ënnerscheeder zum SUV-Brudder sinn, huet de Paul Origer fir eis erausfonnt.
Mam V40 huet sech Volvo virun 3 Joer aus der Kompaktklass zeréckgezunn, elo solle mam C40 besonnesch déi Clienten ugesprach ginn, deenen den XC40 dann awer ze vill SUV ass.
Den Design
Am Fong ass et einfach: vu vir a bis bei d’Fënsteren ass den C40 quasi mat sengem X-Brudder identesch, déi Coupé-méisseg Daachlinn léisst en awer en hallwe Meter an der Héicht schrumpfen a gëtt em, an dat ass de But, eng nawell elegant Silhouette. Den Hënneschten ass am Verglach total eegestänneg, mat engem wuchtege Mallendeckel a speziellem Luuchtendesign a setzt mam Daachspoiler och méi op Sportlechkeet. De flotten Design geet wéi erwaart awer och e bëssen op d’Käschte vum Banneraum. Mat iwwer 40 Liter manner Mall an och e bësse manner Kappfräiheet léisst et sech awer liewen. Allerdéngs ass d’Iwwersiicht net esou evident. De Bléck an de Réckspigel ass wéi duerch ee Bréifboiteschlitz a beim hannerzeg Aparke muss ee sech vollkommen op Spigelen a Kamera verloossen.
Den Interieur
Hei ginn et keng Ënnerscheeder zum XC40; optesch genee esou flott gemaach, och wann de bloe Buedemteppech Affaire de Gôut ass, dozou vill praktesch Oflagen an immens confortabel Sëtzer. Allerdéngs iwwerhëlt den C40 och d’Schrullegkeete vum Infotainment. Musek vum USB-Stick spillen oder den Handy permanent connectéiert loossen, huet och am chice SUV-Coupé net geklappt. Ausserdeem si verschidde Schaltflächen einfach ze kleng, fir se wärend dem Fueren ze geroden. Wéinstens ass den Navi per Google Maps stänneg connectéiert a léisst sech gutt bedéngen.
Op der Strooss
408 PS generéieren déi 2 Motore vun der Twin Engine-Versioun. Datt et domat, an natierlech mam Allradundriff onheemlech gutt viru geet, kënne verschidde Porsche-Taycan-Chauffere bei der rouder Luucht bezeien. Och d’Stroosselaach hält gutt mat dëser Leeschtung mat. Den C40 läit genee esou sat a knackeg wéi säi SUV-Brudder, d’Steierung ass en plus matdeelsam an net ze liichtgängeg. Esouguer de Confort geet mat der relativ sportlecher Ofstëmmung an deene grousse Rieder net komplett fleeten, déi komplett Isolatioun vu sämtleche Fuergeräischer dréit dann och hiren Deel dozou bäi. Déi grouss Rees kann een also ouni Problem ugoen, allerdéngs ass d’Autonomie mat beschtefalls 400 km an d’Vitesse beim Oplueden an der Realitéit net terribel héich. Um CCS-Lueder huet e grad emol eppes ënner 100 kW gezunn. Och de Verbrauch brécht mat 25 – 35 kW-Stonne keng Rekorder, och net bei rouegem Gas- Pardon, Elektreschfouss.
D’Präisser
Wee schéi wëll sinn, muss leiden a wien ee schéine Volvo wëll, muss bezuelen. Eis Testversioun mat allem wat flott a praktesch ass, kascht mindestens 63.000 Euro. Den C40 Recharge start als Single Engine awer scho bei 48.000. Am Verglach mam XC40 ass dat ee Plus vu ronn 1.300 Euro.