• De PLUS

    • Design
    • Veraarbechtung
    • Fuergefill
  • De MINUS

    • Wischerautomatik mécht wat se wëll
    • Gewiicht

Am Automag widme mer eis engem Fransous, deen ëmmer nees mam Titel “Golf-Konkurrent” ze kämpfen huet. Rieds ass vum Peugeot 308.

Den Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun ass den neien 308 als Hybrid-Variant gefuer. 

Automag: Peugeot 308 GT Hybrid

Jo et ass wouer, dass den 308 grad, grad ewéi e sëllegen aner Modeller an der selwechter Klass, sech ëmmer nees musse mam Golf vergläiche loossen. Ech probéiere mech dann awer an dësem Reportage reng op den 308 ze fokusséieren an net d’Vergläicher ze zéien.

Den Design 

Fänke mer mol mam Design un... do fält virun allem d’Front direkt an d’Aen. De Luuchtendesign wierkt aggressiv a vermëttelt e sportleche Look, de grousse Külergrill dominéiert eendeiteg d’Front-Partie, begleet vu weidere markante Loftaläss. D’Karosserie huet schaarf gezeechent Linnen.. Dat geet vum Capot iwwer bei d’Kotfligelen mat direkt e puer Knécksen dran, bis eriwwer hannen op d’C-Säil, déi de selwechen Effekt opgräift. Eisen Testauto war an Olive-Gréng metallic gehalen... definitiv eng opfälleg, awer net opdränglech Faarf, déi dem Auto gutt steet. Wärend eisem Test war d’Wieder leider net sou besonnesch, ma an der Sonn wierkt d’Faarf bestëmmt nach besser.

Den 308 gouf rezent och mat Auszeechnunge priméiert, sou krut en elo am Mäerz z.B. de renomméierte “Red Dot Award”, dëst fir den Design vum Auto. Ma domat net genuch... Am Februar scho gouf et direkt 2 mol Grond ze feieren. 56 weiblech Journalisten hunn den 308 zum Kompaktwon vum Joer 2022 gewielt, an uschléissend souguer nach zum “Women’s World Car of the Year”.

Banneraum 

Am Banneraum geet et weider mat der dynamescher Linneféierung. Zimmlech vill Kanten a kleng Detailer, wéi den Table de Bord opgebaut ass. Do huet d’Aen vill ze kucken, a wat et gesäit... gefält... mir op alle Fall. Grad ewéi schonn am 208, ass och am 308 nees dat zimmlech klengt an duebel ofgeflaachte Steierrad verbaut, wat zimmlech niddreg am Cockpit positionéiert ass. Et muss een et déif astellen, fir dass een op d’digital Instrumenter virun engem gesäit. Dat suergt dofir, dass een d’Steierrad alt emol zimmlech no u senge Been erlaanscht manövréiert. Net einfach do eng optimal Positioun ze fannen. D’Veraarbechtung vun de Materialien, Knäppercher a Sëtzer zum Beispill ass tiptop an et gouf näischt ze meckeren. Um zentralen Ecran gëtt et vill an de Menüen ze entdecken an ze swipen asw.. Wat wärend dem Fuere scho mol zimmlech oflenke kann. Verschidde Funktioune kann een zum Gléck nach mat engem normale Knäppche bedéngen... ma net vill.

Op der Strooss 

Mir haten den 308 wéi gesot an der GT Hybrid-Variant. Den 181-PS staarke 1600er Turbo-Bensinner huet 250 Nm Dréimoment... dobäi kommen dann nach emol 110 PS vum Elektromotor, woumat eng Systemleeschtung vun 225 PS an en Dréimoment vun 360 NM resultéiert. Eng Autonomie vun 59km reng elektresch gëtt versprach... wat ënnert ideale Bedingungen och méiglech ass, wann ee ganz spuersam fiert. Ass den Akku awer mol bis eidel, dann huet de Verbrenner awer nawell ze kämpfe mat de ronn 1,7 Tonne Gewiicht, déi e beweege muss.

D’Fuerwierk ass ganz angenehm an harmonesch ofgestëmmt. Souwuel gemittlech cruisen, wéi och op der Landstrooss hannerloossen e gudden Androck.

Dat nervt 

D’Wischerautomatik... et huet quasi ëmmer nees gereent, wärend ech den Auto hat an d’Wischerautomatik ass einfach net eens ginn. Entweder si ass guer net ugesprongen, obwuel et riicht era gereent huet a se och aktivéiert war, oder ech sinn de kompletten Tunnel Grouft duerchgefuer, an d’Wischeren hunn op der fuerzdréchener Fënster no Erléisung gequiitscht. Deemno war ee stänneg am gaangen un deem Hiewel ze piddelen... do muss nogebessert ginn!

Präis 

Wann een den 308 als Hybrid fuere wëll, geet et lass bei 35.600 Euro fir de klenge Motor. An der 225 PS-Variant mat GT Pack si mer dann awer scho bei 43.500 Euro