• De PLUS

      Vill Plaz a clever Sëtzer
    • Elektresch fueren ouni Gekabels
    • Verbrauch
  • De MINUS

    • CVT Automatik
    • Fuerleeschtungen
    • Vill Dezibel bei Acceleratiounen

Knapps am Showroom a schonn an der Automag-Redaktioun gelant. Dee neien Honda HR-V e.

Wéi schléit sech de fusch neie Japaner am Test? De Christian Schmit huet e probéiert, an et gëtt e just an der Hybrid Versioun?

Automag: Honda HR-V e

Jo genee bei Honda huet e sech dofir entscheet den HR-V a senger 3. Generatioun just nach als Hybrid ze lancéieren. HR-V Modeller hu bei Honda eng laang Traditioun.

1998 koum di éischt Versioun, gebaut bis 2006. Do war Paus bis 2015, an di zweet Generatioun gouf just bis 2018 produzéiert. An elo no engem weideren Intervall dann e lo eng nei Oplag.

Den Design

En typeschen SUV, Sport Utility Vehicle, wéi dat heescht. Bon Sport manner Utility ganz sécher. Mee dozou spéider méi. Op 4m34 Meter steet e gutt proportionéiere praktesche Gesell vrun engem. Den Design weess duerchaus ze gefalen, am direkte Verglach mat sengem Virgänger mierkt en, dass den neien HR-V dach gewuess ass.

Den Interieur

Och bannena kann den HR-V sech weise loossen. Alles wat en upaakt ass vu gudder Qualitéit, an vun Haus aus ass e gutt ekipéiert.

LED-Luuchten, gehëtzte Sëtzer a Volant. Navi an 18 Zoll-Felgen, genee wéi di üblech Sécherheets- an Assistenzsystemer sinn u Bord. Dat Digitaalt hält sech a Grenzen, an et muss net a Menue gescrollt ginn, fir Temperatur a Klimaanlag anzestellen.

Vill Plaz op de viischten an och den hënneschte Sëtzer. Souwuel d’Knéien oder de Kapp stoussen néirens widder. Typesch Honda, Magic seats. Dat ass schonn eppes Kamoudes, well wann di hënnescht Sëtzrei ëmgeluecht gëtt entsteet eng komplett flaach Fläch. A wéi am Kino, kënnen di Sëtzer och eropgeklappt ginn. Bravo.

335 bis 1300 Liter si méiglech an der Mall. Fir d’Batterië muss keng Plaz an der Mall geaffert ginn, déi leie ganz praktesch ënnert de Setzer.

Den Undriff

En Zesummespill tëscht engem 1500er Bensinner mat 107 PS, an zwee Elektro Motoren, woubäi deen een 131 PS bäisteiert, an deen aneren als Generator assistéiert.

E-HEV heescht dat dann, wéi aus dem Modell Jazz, mee gouf un den HRV adaptéiert.

D’Automatik ass als CVT ausgeluecht, eng Variomatic mat enger eenzeger Stuf. Bon dorunner muss ee sech gewinnen. Et heescht de Fouss um Gas brav doséieren, well soss gëtt et just vill Gedäisch a wéineg Acceleratioun. En dynamesche Vertrieder ass den HR-V definitiv net. Bal 11 Sekonne bis Tachonol bei 100 steet, a bei 170 ass Schluss.

Am Alldag wiesselt den Honda tëscht 3 verschiddenen Undriffsversiounen. Am E-Modus suckelt den Elektromotor déi am Akku gespäichert Energie fir virun ze kommen. Geet dat net duer, dann dreift de 4-Zylinder am Hybridmodus den zweeten E-Motor un, deen a senger Funktioun als Generator Energie fir den Akku produzéiert.

Bei méi sportlecher Fuerweis, a beim Iwwerhuele ka via „Engine Drive“ d’Kraaft vum Bensinner op di viischt Rieder gekoppelt ginn.

Vun all deem kritt de Chauffeur eigentlech näischt mat, kann awer um Display genee suivéieren a wéi engem Modus e grad ënnerwee ass.

De bal 1500kg schwéieren Honda HR-V soll sech mat 5,4 Liter zefridde ginn. Abbé mat 5,6 louche mir net wäit dovun, mä eng 6 vrum Komma ass awer am Alldag méi realistesch. Wien iwwer dem Fuere vun Drive op Brake wiesselt, recuperéiert Energie a fëllt den Akku.

Am Resumé

Den Honda HR-V Hybrid Auto Recharge kann elektresch fueren, ouni mussen un d’Steckdous oder eng Borne. Wie gär gemächlech ënnerwee ass a keng dynamesch oder sportiv Uspréch stellt, kënnt gutt mam Japaner zuwee.

Op den éischte Bléck sinn 31.500 Euro bestëmmt vill Geld, mä dofir ginn et e geraimege SUV mat wéineg Optiounen, an di extravagant Faarf Sand Khaki Paerl kascht kee Cent extra.