Volvo XC60 Recharge R-Design AWD Plug-In Hybrid
-
De PLUS
- Design
- 8-Gang Automatik
- Google Infotainment
-
De MINUS
- Hektesch Luuchtenautomatik
- Net sou spuersam wéi erhofft
Am Automag huele mer de Bestseller aus dem Haus Volvo e bësse méi genee ënnert d'Lupp.
Rieds ass vum XC60, a wéi et sech hautdesdaags gehéiert, natierlech als Hybrid-Versioun. Den Andy Brücker aus der Automag-Ekipp huet sech de Won méi genee ugekuckt.
Wéi richteg ugedeit, ass den XC60 extrem beléift bei der Clientèle. Zanter 2009 ass et Joer fir Joer dee Modell bei Volvo, dee sech weltwäit am beschte verkeeft. Beim neie Modell gëtt et Baussen eng nei Calander, nei Pare-Chocen a bei de Faarwen ginn et elo nei Optioune, grad ewéi bei dem Felgen-Design. Déi gréissten Ännerung gëtt et awer en zwou anescht.
Den Interieur
Do mécht Volvo déi lescht Jore ganz vill ganz richteg. De schwedeschen Design verspreet eng kloer Linn an och déi ausgewielte Materialien spiere sech gutt un. D’Sportsëtzer am Lieder/Stoff-Mix, déi ganz bequem waren, och op laange Strecken, hunn dobäi awer och genuch Säitenhalt gebueden a vill Astellméiglechkeeten.
Och un den Dierpanneaue war Stoff verschafft, wat de ganzen Ambiente gemittlech, awer net onmodern wierke léisst. De grousse Panorama-Dag léisst vill Luucht an den Auto, ma wann et mol ze hell ass, kann een och nach e Rideau virdrun zou maachen.
Optesch dominéiert de groussen Ecran am Tableau de Bord, dee sech awer gutt afüügt an och liicht ugewénkelt a Richtung Chauffer positionéiert ass. Vill Knäppercher fënnt een net … de Gros geschitt iwwert Touch-Befeeler.
Navi an Infotainment
Besonnesch houfreg ass ee bei Volvo op déi nei Integratioun vu Google-Servicer am neien XC60. Dorënner Google-Assistant, Google Maps oder soss nach e sëllegen Applikatiounen, déi ee sech via Google Play kann eroflueden. Wee Google seet, seet och Android, deemno fillt ee sech als Android-User och direkt heemesch, wann ee sech duerch den Infotainment-System klickt.
Op der Strooss
Den 2 Liter 4-Zylinder mat 253 PS gëtt ënnerstëtzt vun engem Elektromotor, deen nach emol 87 PS liwwert. Déi Kombinatioun geet an alle Liewenslage gutt duer, woubäi een net vergiessen däerf, dass den Testauto net manner wéi 2.236kg gewien huet, wann dat stëmmt, wat am Certificat de Conformité stoung. Dat Gewiicht mierkt een natierlech och wann ee méi sportlech ënnerwee ass. Ma den XC60 ass souwisou net fir ze rennen ausgeluecht, zumindest net op däitschen Autobunnen, well seng Maximalgeschwindegkeet ass bei 180 km/h ofgerigelt.
Déi nei XC60 Hybrid-Modeller, déi een elo bestelle kann, solle bis zu 79 Kilometer reng elektresch fuere kënnen. Eisen Testmodell hat deen Update nach net, hei waren et just 48km. Bei der Kalkulatioun vun der Autonomie reagéiert den XC60 nawell zimmlech markant op d’Fuerweis. Wéi ech den Auto kritt hunn, huet e mer 35km elektresch Autonomie ugewisen, an 450km mam Verbrenner.
Nodeems ech 48km domat bis heem gefuer sinn, hat ech nach 4km Autonomie op der Batterie, dofir awer 830km mam Verbrenner. Do hat de Chauffer viru muer wuel e verdammt schwéiere Gasfous. Ech sinn op alle Fall wärend mengem Test iwwer ronn 550km mat engem Duerchschnëttsverbrauch vu 7,6 Liter op 100km gefuer a reng elektresch ronn 40km, wann d’Batterie voll geluede war. Am Tank war um Enn nach Sprit fir 180km.
Dat nervt
D’Matrix-LED-Luuchten sinn eigentlech e Genoss, wat d’Hellegkeet ugeet, déi se owes liwweren. Ma d’Luuchtenautomatik wierkt dann dach deels iwwerfuerdert, respektiv extrem hektesch. Stänneg ass se um regléieren an ajustéieren... an nees déi grouss Luuchten un an nees aus... an nees e bëssen u lénks ma net riets asw. Dat geet bei aneren Autosmarken besser. Hoffentlech ass mam Update vun der Autonomie och d’Luuchtenautomatik nach emol nogebessert ginn.
Präisser
Lass geet et bei ronn 58.700 Euro an der klengster Ausstattung. Eisen Testauto am R-Design mat 8-Gang-Automatik a Business-Pack koum op 67.161 Euro. Do ass awer nach vill Loft no uewen, wann een amplaz vum T6 z.B. den T8 hëlt an dobäi och nach d’Polestar-Variant... da si mer direkt scho mol iwwer 80.000 Euro.