• De PLUS

    • gutt gelonge Motor-Boîte-Kombi
    • extreme Fuerspaass
    • de Chauffer bestëmmt alles
  • De MINUS

    • ze héich Sëtzpositioun
    • Traktiounsproblemer
    • vill triste schwaarze Plastik bannenan

Et ass just ee Buschtaf, mä dee mécht de groussen Ënnerscheed. Bei Hyundai steet den N net nëmme fir d’Heemecht Namyang, mä och fir den Nürburgring.

Do, wou déi sportlech Varianten ofgestëmmt ginn. Ob dat beim neie Kona N gelongen ass an ob en d’Blutt vun engem Petrolhead un d’Kache brénge kann, dat seet eis de Paul Origer no sengem Test.

Automag: Hyundai Kona N

Et gëtt se nach – Mënschen déi sech en Auto kafen, fir net nëmme vun A op B ze fueren, mä fir dobäi och nach Spaass ze hunn. Kloer generéiere modern Elektrogefierer Leeschtungen, déi soss just een décke V8 oder ee groussen Turbo fäerdegbruecht hunn. Mä dat eleng geet awer net duer. D’Faszinatioun, de Sound an d’Technik vun engem Verbrennermotor, dat ganzt passend gekoppelt mat Fuerwierk a Steierung, déi dierf am N-Rayon vu Hyundai nach viruliewen!

Den Design

Et ass schonn e bësse paradox... engersäits muss et een SUV si fir héich ze sëtzen, anerersäits gëtt en nees déifgeluecht fir besser op der Strooss ze leien. Op de Kona engem gefält ass natierlech affaire de goût. Hyundai huet en awer mat dem typeschen N-Ornat wéi Spoiler, grousse Felgen, roude Sträifen an aarmdécken Auspiffréier gewierzt.

Bannendra bleift de Kona N méi diskret. D’Sportsëtzer falen nach am meeschten op, eventuell nach déi kleng Plackett mat der Nummer – nëmmen 120 gi pro Joer fir de Belux-Marché gebaut, soss dominéiert leider vill haarden a schwaarze Plastik. Zum Gléck tréischten déi flott gemaachten digital Instrumenter, dat grëffegt Steierrad an e Koup elektronesch Gimmicks iwwert déi monochrom Tristesse ewech.

Den Undriff

Wat fir eng Freed fir mol nees vun Zylinder a richtege PS ze schwätzen. 4 Kollwe mat am ganzen 2 Liter ginn am Kona N op an of, den Turbo suergt fir 280 PS an 392 Nm – de Motor kënnt vum populäre Brudder i30N, genee wéi och déi elo nei DCT-Boîte. An déi Kombi passt gutt. Den immens dréifreedege a feierege Bensinner suergt quasi ouni Turbolach dofir, dass et virugeet, déi nei 8-Gang-Boîte mat Duebelkupplung geheit dozou mat Schmackes ëmmer dee richtege Gang an, an dat erstaunlechlecherweis esou gutt wéi ëmmer am richtege Moment.

Op der Strooss

Am Kona ass de Chauffer de Chef. Alles, Motor, Boîte, Sound, Fiederung a Steierung léisst sech nämlech am Infotainment upassen an iwwert déi schéi blo N-Knäppercher um Steier ofruffen. Fir den Tour an d’Éislek gouf awer mam N-Modus de volle Programm aktivéiert. An esou huet den Hot SUV sech richteg wuelgefillt. Säi Revéier sinn nämlech schaarf Kéieren. De Kona N läit extrem gutt, krut fir minimal Karosserie-Beweegungen de leschte Fiederwee ausgedriwwen a vermëttelt mat senger Steierung beschte Stroossekontakt. Dozou passen och d’Sportsëtzer, déi ee gutt halen, d’Boîte déi op all Paddeluerder blëtzséier reagéiert an den Turbobensinner, dee mat richteg flottem Sound dem roude Beräich entgéingt jubiléiert. Esouguer kleng Driftmomenter mat Sécherheetsreserve huet den ESC zougelooss.

E klenge “Mä” gëtt et awer och, an dee muss d’Traktioun sech gefale loossen. Dréckt een op dee rouden NGS-Knäppchen um Steier, da gëtt déi maximal Leeschtung vun 280 PS op déi viischt Rieder lassgelooss. An déi hunn trotz Spärdifferenzial an 19-Zoll-Walze genuch Aarbecht, de Kona an der Riicht ze halen. Wat sech awer iergendwéi widdersprécht, dat ass ëmmer erëm déi héich Sëtzpositioun: wa Sportsmaschinn, da w.e.g. méi no um Makadamm, am Kona N huet dem Popometer awer iergendwéi eng Äerdung gefeelt.

D’Präisser

Eppes iwwer 39.000 Euro si fir esouvill Fuerspaass, Ingenieur-Knowhow an Equipementer net ze vill, am Verglach mam i30 ass de Kona esouguer knapp 2.000 Euro méi gënschteg. Just a punkto Bensinn kéint et méi deier ginn, ënner 10 Liter leeft beim Kona N net ganz vill.