• De PLUS

    • Veraarbechtung
    • Plaz kombinéiert mat PKW-Fuergefill
    • Vill Sécherheetsassistenten
  • De MINUS

    • Diesel en tick ze schwaach
    • schaarf Kant um Grëff vun der Mall

Haut kucke mer net ob en SUV, e Kompaktsportler oder eng Reeslimousinn, nee et geet haut ëm e «praktescht» Gefier, dat aus dem Haus Mercedes-Benz kënnt.

Den Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun weess méi ze zielen.

Automag: Mercedes-Benz Citan Tourer

Rieds ass vum Mercedes Benz Citan Tourer… oder sollt ech awer Renault Kangoo soen? Béid Marken hu bei dësem Modell nämlech, wéi scho beim Virgänger, enk zesummegeschafft an notzen déi selwecht Basis. Dës Kéier huet een awer bei wäitem méi Energie an d’Entwécklung a Verbesserunge gestach. Bei Mercedes selwer hu se mer gesot, et wéilt ee mam neie Citan de VW Caddy als Platzhirsch ofléisen. Ob dat geléngt, muss d’Zukunft weisen. Bei der Wiel zum «International Van of the Year 2022», huet de Citan zu Lyon op alle Fall scho mol déi 1. Plaz kritt.

Design

Markant ass d’Front, wou een d’Mercedes Designsprooch kloer erëmerkennt, mam Kühlergrill mam grousse Mercedes-Stär an der Mëtt an déi duebel Lamellen, wéi ee se och vum Sprinter kennt. Grousszügeg ausgeluecht sinn och d’Loftaläss iwwert bal déi ganz breet vum Parechoc. Dat gëtt dem «Small-Van» eng gewëssen dynamesch Linn.

Et goufen zwar nei Luuchte verbaut, ma an der Basis ginn déi nach ëmmer als Halogen-Versioun ausgeliwwert. Optional kritt een awer och LED-Luuchten.

RTL

© Andy Brücker / RTL

Am Banneraum

Hei mierkt een, dass Mercedes definitiv eng Schëpp drop geluecht huet. Ech erënneren drun, dass mer an der Kategorie vu klengen Notzgefierer ënnerwee sinn. An dofir wierkt z.B. den Tableau de Bord an déi verschaffte Materialien dann dach schonn zimmlech héichwäerteg. Et ass ëmmer nach Plastik, ma Veraarbechtung an Haptik sinn definitiv an där Kategorie vu Gefier ganz vir mat bäi.

RTL

© Andy Brücker / RTL

Och den MBUX, also Mercedes-Benz User Experience Multimedia-System kann een am Citan mat u Bord hunn, an do dann z.B. vun der ganz gudder Mercedes Sproocherkennung profitéieren. Et kritt een d’Steierrad och mat den «Touch-gesteierte» Knäppercher, wéi ee se aus anere Mercedes-Modeller aus dem PKW-Segment kennt, mat deenen ee sech d'Menüen am Kombiinstrument navigéiere kann. Et fillt ee sech deemno éischter wéi an engem PKW, a manner wéi an enger klenger Camionnette.

Ergonomie

Wann ee sech e Citan zouleet, da geet et engem virun allem drëm vill Plaz ze hunn, et muss praktesch sinn, an et soll een awer och nach e gewësse Fuerconfort gebuede kréien. Ech denken hei ass Mercedes a gudde Kompromëss gelongen. Praktesch sinn z.B. d’Schiebedieren, déi een op béide Säite kritt, wouduerch eran- an erausklamme vill méi einfach gëtt, och wann et mol méi enk ass. Et gëtt e sëllegen Oflagflächen, virun allem vir am Auto. An d’Mall kritt ee 517 Liter, an och héich a grouss Géigestänn kritt een ënner… Wann een d’Réckbänk dann nach ëmleet, klëmmt de Volummen op 2.390 Liter. Déi maximal Zouluedung läit bei knapp 540kg an och eng Attache-Remorque steet am Optiounskatalog.

Bei eiser Variant ass d’Mall no uewen opgaangen, an huet do dann duerch déi grouss Fläch deementspriechend vill Plaz no hanne gebraucht. Doru sollt een denken, wann een z.B. doheem hannerzeg virun der Garage parkt, an d’Mall eventuell net ganz opkritt, well een ze no steet… Et kritt een d’Mall awer och als zweegedeelte Variant, déi net no uewen, mä säitlech opgeet. Bei eiser Variant ass mer de Grëff negativ opgefall, deen hat nämlech eng zimmlech schaarf Kannt, a bei kalen Temperaturen huet dat dach zimmlech wéi gedoen, wann een un deem Grëff gezunn huet.

RTL

© Andy Brücker / RTL

Motoriséierung

Ech hat den 110 CDI, dat heescht en 95 PS staarken Turbodiesel, dee fir mäi Goût allerdéngs en Tick ze schwaach op der Broscht war. Et kritt een en och als 131 PS Bensinner, deen eventuell de bessere Choix wier, deemno woufir een de Citan notze wëll. Mam Diesel hat ech wärend de knapp 580 Testkilometer um Enn e Verbrauch vu 6,3 Liter op 100km. Ugi ware 5,5 Liter.

Präisser

De Basispräis vum Citan läit bei 20.350 Euro. Ma et kritt een e sëllege Optiounen, virun allem wat Sécherheetsassistenzsystemer ugeet, oder MBUX, wou een dann awer séier a Richtung 30.000 Euro kënnt.