• De PLUS

    • Plazverhältnisser
    • Allrad
  • De MINUS

    • Leeschtung
    • Elektro-Label just fir d'Gewëssen
    • Unuerdnung vun de Knäppercher

Am Automag op dësem Ouschterméindeg gëtt de Subaru XV e-Boxer ënnert d'Lupp geholl.

De "e" steet natierlech fir elektresch, allerdéngs liwwert deen net all ze vill Stroum fir de Bensinner ze ënnerstëtzen. De Rich Simon huet fir eis de robuste Japaner getest.

Automag: Subaru XV e-Boxer

Subaru ass bekannt fir robust Auto ze bauen. Fir den 10. Gebuertsdag vum XV gëtt et elo ee Facelift, deen dat Robust nach eng Kéier méi soll ënnersträichen. Den XV hieft sech dann och am Design vu senge Crossover Konkurrenten of. Net esou ronn wéi 99 Prozent vun den Autoen déi um Marché sinn, dofir awer mat Ecken a Kanten virun allem  ronderëm de Kühlergrill. Där Ecken a Kanten hunn och déi richteg flott 18 Zoll Felgen, déi dem Subaru XV och ee gewëssene sportleche Charakter ginn.

Undriff

Eng sportlech Optik ass do, awer ënnert der Hauf feelt et u Leeschtung. Den 2 Liter huet 150 Päerd an dobäi kommen der nach 16 aus dem 13,5 Kilowatt Akku. Am Prinzip géif dat och largement duergoen. Allerdéngs net bei engem Auto  deen awer bal 1.600 Kilo op d'Wo bréngt. Fir de Klassiker vun 0 op 100 brauch den XV laang 10,7 Sekonnen a wann een de Champignon "kickdonwt" da muss een de Radio schonns anstänneg opdréien fir den Text vu sengem Liblingslidd ze verstoen. Serieméisseg ass CVT Boîte déi eng anstänneg Aarbecht mécht. Zeréck nach eng Kéier bei de Elektroundriff. Deen ass just do fir dat gutt Gewëssen ze berouegen. Esou richteg Bensin spuert een duerch deen net. Reng elektresch leeft den XV praktesch just, wann een an d'Parkplaz era fiert. Beim anhale vun allen Vitessereglementatiounen stoungen um Enn 8,2 Liter op 100 Kilometer zu buch. An een décke Liter méi, wann ee bësse méi sportlech ënnerwee war. Dat si keng Topwäerter.

Fuerspaass

Ofgesinn, dat et dem XV e-Boxer e bëssen u Power feelt, ass den Auto awer gutt ze fueren. Duerch d'Boxertechnik läit de Schwéierpunkt vum Auto déif, wat der Stroosselag entgéint kennt. De 4 X 4, fir dee Subaru nach ëmmer bekannt war an ass, vermëttelt engem och bei méi héije Vitessen an de Kéieren, Sécherheet. Géint d'Bremsverhalen ass näischt ze soen. Déi verschidde Modusse, wéi Schnéi a Bulli, konnt ech net teste, well wärend den Testdeeg keng Drëps gefall ass. Géif een awer emol Tout-Terrain fueren, wat déi allermannst awer mat engem Crossover maachen, da sinn déi 22 Zentimeter Buedemfräiheet sécherlech net vun Nodeel. Déi kommen engem och entgéint beim eran an eraus klammen.

Interieur

Am Subaru huet ee bannen gutt Plaz a bequem Sëtzer. Eng Famill mat 2 Kanner kann, ouni op vill Bagage mussen ze verzichten, an d' Vakanz fueren. D'Mall huet 340 Liter a wann een de Récksëtz ëmklappt kennt een op 1.193 Liter. Dat ass gutt. Wat de Cockpit ugeet esou wierkt dee e bësselchen old shool. Woubäi och d'Knäppercher, mat den eenzelen Funktiounen, net ganz logesch placéiert sinn. De Schalter vum Spuerassistent ass zum Beispill ënnert dem Dag ubruecht. 8 Zoll huet den Touch Screen Display mat Navigatioun, Apple Carplay an Android.

Ee Subaru XV 2.0i e-Boxer kritt ee vun 30.450 Euro un. An deem Präis sinn 3 Joer Garantie mat dran an och den Allrad. An dat ass sécherlech ee Pluspunkt, vis à vis vun der Konkurrenz. Do gëtt et den Allrad just an der Optioun, wou een dann och nees bësse méi op den Dësch muss leeën.