• De PLUS

    • Navi an Infotainment
    • Alldagstauglechkeet
  • De MINUS

    • Autonomie
    • Veraarbechtung kéint méi héichwäerteg sinn

Haut fuere mer am Automag nees elektresch, dëst mat engem Auto, dee mer iech zejoert schonn emol virgestallt haten.

Dee kënnt aus dem Haus Mercedes, an den Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun huet direkt zwou Versioune konnte probéieren.

Automag - Mercedes EQB

Rieds ass vum Mercedes EQB. Zejoert war den Akim Schmit schonn emol kuerz mat deem Auto bei der Presse-Presentatioun ënnerwee an hat och hei am Automag schonn éischt Impressioune dozou mat iech gedeelt. Noliesen an nolauschtere kënnt dir dat an eiser Rubrik “Autotester” op auto.rtl.lu.

Elo war den Auto dann och an zwou Versiounen an de Fuerpark op Lëtzebuerg komm, an ech hat d’Geleeënheet déi zwee Modeller ze probéieren.

Interieur
Et war dat an enger éischter Phas den EQB 300 4Matic AMG-Line, an elo viru kuerzem den EQB 250 Luxury Line. Ech muss soe vum EQB 300 AMG-Line war ech net wierklech iwwerzeegt. Wann een AMG am Numm vum Modell stoen huet, dann erwaart ee sech a mengen Aen e bëssi méi en héichwäertege Modell. Vun AMG hat ee bei deem Testauto awer net wierklech vill gespuert, respektiv gesinn. Den Auto war ganz a schwaarz gehalen, mat e puer Aluminium-Elementer am Cockpit an engem AMG-Logo ë.a. an den Teppecher oder op de Felgen. Dat huet zwar sou u sech gutt ausgesinn, ma et huet awer iergendwéi eppes gefeelt. Wat d’Veraarbechtung an d’Haptik ugeet am Auto, war dat elo net schlecht, dat kann ee sou net soen, ma sou wierklech e Bezuch zu AMG huet een net gespuert. Do hätt ech mer méi erwaart.

Op der Strooss
Mat der 66,5kWh-Batterie bei 228 PS Leeschtung soll ee bis zu 418km wäit kommen, wa se da voll gelueden ass. E Verbrauch vun 18.3 kWh/100 km gëtt uginn. Zwar sinn ech och alt emol mat ëm 17,8 kWh gefuer, ma nodeems ech fir op d’Schaff vill Autobunn-Undeel hunn, mat och dem engen oder aneren Héichtemeter, dee muss iwwerwonne ginn, louch d’Moyenne um Enn bei 23,1 kWh op 100km, dat nodeems ech ronn 620km domat gefuer sinn.

Wéi gesot war och nach den EQB 250 Luxury Line an de Fuerpark op Lëtzebuerg, a well ech dem EQB nach eng Chance wollt ginn e besseren Androck bei mir ze hannerloossen, sinn ech och deen e puer Deeg gefuer. Obwuel dee Modell an der Ausstattungsgamm eigentlech ënnert dem AMG-Line läit, huet dee mer vum Interieur hier besser gefall. Ech kann et net un eppes spezifeschem festmaachen, ma ech hu mech op alle Fall méi wuel an deem gespuert.

E war gutt equipéiert, mat ënnert anerem schwaarze Lieder-Sëtzer, déi elektresch verstellbar waren an och eng Memory-Funktioun haten. Déi hënnescht Fënstere ware getéint, wat gutt gepasst huet bei de roude Bausse-Lack mat der Bezeechnung “Patagonie”. Eng 360° Kamera, den Innovation MBUX-Package an de Premium-Package hunn dat ganzt dann nach ofgeronnt.

Den EQB 250 huet 190 PS, an deemno sollt e bei selwechter Batterie och eng besser Autonomie hunn. Rieds ass vu bis zu 467km, wat allerdéngs Theorie bleift. Ech ka bestätegen, dass ech méi spuersam mam 250er gefuer sinn. No eppes iwwer 600 gefuerene Kilometer louch mäin Duerchschnëttsverbrauch bei 19,0 kWh pro 100km, géintiwwer 23,1 mam EQB 300. Deemno ass et hei och éischter realistesch a Richtung 400km mat enger voller Batterie ze kommen.  
Ech hu mam Mercedes EQB dann och den 350 kW-SuperCharger um Kierchbierg probéiert. Et soll een d’Batterie mat bis zu 100kW luede kënnen. Bei mengem Versuch war de maximum awer just 80kW, wat duerch de Kabel gefloss ass. 46 Minutten huet et gedauert fir 42,35 kWh ze lueden.  
 
Präisser
Lass geet et beim klengsten Modell bei ronn 58.000 Euro. Eise konfiguréierten EQB 250 Luxury Line loung bei knapp 64.500 Euro, an en AMG-Line geet lass bei 67.000 Euro, virun Optiounen.