• De PLUS

    • Confort op héchstem Niveau
    • Motorleeschtung
    • Beefräiheet bannenan
  • De MINUS

    • Autonomie wäit ënnert versprachenem Wäert
    • net esou konfortabel Sëtzpositioun hannen

3 SUV an 1 Van bitt Mercedes entretemps an hirer vollelektrescher EQ-Gamm un – si baséieren awer alleguer nach op Verbrenner-Modeller.

Mam EQS gouf deen éischten, komplett als Elektroauto konzipéierte Mercedes presentéiert. De Paul Origer ass e fir den Automag gefuer.

Deen éischte vun Null op als Elektro entwéckelten EQ-Modell start mol direkt bei der Spëtzt – bei Mercedes ass dat de Buchstaw S, Symbol fir dat wat de Moment technesch a vum Design hir méiglech ass a wat deemnächst och an anere Baureie kënnt.

Den Design

Déi klassesch Limousine am 3-Box-Format war emol, den EQS faasst alles ënnert engem groussen, wann och imposante 5m20 laange Bou zesummen. Fir eng beschtméiglech Aerodynamik ginn et nieft dem One Bow-Design och keng Fouen, Néit oder Kanten esou dat den CW-Wäert op nëmmen 0.2 fält. Typesch EQ ass och d’Nues mam esou genannte Black Panel, déi schwaarz zoue Kalander an d’Luuchten déi sech vir an hannen iwwert déi ganz Breet vum Auto zéien.

RTL

© Paul Origer / RTL

Den Interieur

Wëllkomm am Raumschëff EQS. Impressionnant ass natierlech den MBUX-Hyberscreen deen ënnert enger riseger Glasscheif 3 OLED-Schiermer kombinéiert. Wéi et sech fir een S-Modell gehéiert, dominéiert awer och de Luxus a Form vun grousszügeger LED-Beliichtung, confortable Sëtzer an exzellenter Veraarbechtung.

RTL

© Paul Origer / RTL

De gigantesche Radstand vun 3m20 bréngt natierlech Beefräiheet wéi an enger S-Klass Laangversioun. Esou sëtzt een dann och guer net schlecht, allerdéngs suergt den héije Buedem an déi bouförmeg Daachlinn op den hënneschte Plaze fir staark ugewénkelt Been an e bësse manner Kappfräiheet. Och d’Iwwersiicht leid e bëssen ënnert der Form, zum Gléck hunn héich performant Kamera-Systemer déi eng oder aner Schréip konnte verhënneren.

Op der Strooss

Dat ass definitiv dem EQS säin Domaine. An domat mengen ech net iwwer kéiereräich Landstroosse wetzen. Wëll dofir ass den EQS einfach ze schwéier, och wa seng immens efficace Allradsteierung den Auto ëm gefillt annerhallwe Meter schrumpfe léisst. Nee, mat der supersofter, e bësse schaukeleger Loftfiederung sinn d’Passagéier beschtens ënnerbruecht wärend den Elektro-S onhéierbar a mat just e puer Loftgeräischer seng Kilometeren ofspullt. An dat awer och mat Fuerspaass; an der Topversioun 580 4Matic gi 523 PS an 855 Nm quasi 1 zu 1 op d’Strooss iwwerdroen. Onbeschreiflech, mat wéi enger Gewalt déi iwwer 2,6 Tonne schwéier Limousine domat no vir geet, an dat ouni groussen Tapage. Bis op 100 vergi grad emol 4,3 Sekonnen, Iwwerhuelmanöver sinn also egal wéini e Klacks.

Allerdéngs soll een dann d’Batterien am A behalen. Iwwer 650 km gi mam 108 kW-Stonnen-Akku versprach. Bei wanterlechen Temperaturen stounge moies 450 km um Compteur, reell waren et beschtefalls 400. Allerdéngs ass den EQS de perfekte Laangstrecke-Cruiser, also firwat net emol een Aller-Retour op Frankfurt maachen, schliisslech versprécht Mercedes emol bis op 80% lueden an nëmme 15 Minutten.

An der Praxis war dat leider anescht: spillt ee vill mam Hyperscreen, benotzt een déi agreabel Optioune wéi Sëtzheizung a -massage a léisst een déi 385 kW mol méi dacks op d’Rieder lass, da muss een, dank engem Verbrauch vu 25 – 30 kW-Stonnen dacks un d’Borne. Beschtefalls 120 kW konnt den EQS zéien, fir vu Frankfurt nees heem ze kommen waren op d’mannst 40 Minutten néideg, fir genuch Puffer ze hunn.

RTL

© Paul Origer / RTL

D’Präisser

Ronn 156.000 Euro huet eisen Testauto kascht. Mat vill Luxus, awer net allem: eng Sëtzheizung hannen oder déi nei Diren, déi automatesch zou ginn, hat eise 580er net. Et geet awer och scho méi “gënschteg” lass, d’Basisversioun 350 start bei ronn 87.000 Euro.