An dësem Automag geet et ëm dräi nei Modeller, déi zum Deel schonn zu Lëtzebuerg sinn oder ganz geschwë bei eis Première feieren.

Automag: Neies vu Kia, Polestar a Subaru

De Kia EV9 ass zu Lëtzebuerg ukomm. Am nobele Kader vun der Orangerie zu Munneref gouf virun 2 Wochen de groussen Elektro-SUV virgestallt. Dobäi gouf och nach emol bestätegt, wat Kia mam EV9 viséiert. Definitiv ass et d’Flaggschëff vun der Mark a kënnt an engem relativ couragéisen Design, deen, zesumme mat gudder Veraarbechtung an techneschen Innovatiounen, et mat Konkurrente wéi BMW iX, Mercedes EQE SUV oder Tesla Model X ophuele soll. Den ugekënnegte Startpräis vu ronn 72.000 Euro mécht dat och nach emol kloer. Virgestallt krute mer den EV9 schonn am Mee zu Frankfurt, an engem fréieren Automag ginn et dozou méi Detailer. An de Lëtzebuerger Showroom kënnt den Elektro-SUV am November, do virdrun wäerte mer op dëser Plaz dann och scho vun den éischte Fuerimpressioune berichte kënnen.

Ongedëlleg erwaart gëtt warscheinlech och schonn deen neie Polestar 3. Den éischten SUV vun der nach jonker Autosmark huet grad seng Tester an extrem waarme Regioune bestanen. Um Goodwood Festival of Speed gouf et jo schonn een éischten Ausbléck, no de finalen Tester soll d’Gamm dann am éischten Trimester 2024 mat den zwee neie Modeller Polestar 3 a 4 erweidert ginn. Sech ukucke kann een den 3 schonn, am Lëtzebuerger Showroom, grad ewéi a 27 weidere Polestar Spaces uechtert d’Welt ass ee Prototyp ausgestallt.

RTL

© Andy Brücker

RTL

© Andy Brücker

Subaru lancéiert den neie Crosstrek an domat den direkten Nofollger vum XV. Zenter 2011 huet dee sech an Europa gutt verkaf an den Image vu Subaru nei etabléiert: Sécher, flott ze fueren an zolidd – mat dësen dräi Begrëffer hunn d’Besëtzer hiren XV resuméiert. Deen neie bleift dann och traditiounsgeméiss beim permanenten Allrad-Undriff, dee Subaru nees un en 2-Liter-Boxer koppelt. Wéi an anere Modeller kritt de Mild-Hybrid nach elektresch Hëllef, seng Kraaft iwwerdréit eng CVT-Automatik. Iwwerdeems gouf d’Subaru Global Plattform iwwerschafft an 10% versteift. Wat awer éischter an d’A stécht, dat ass den neien Design, esou wéi vill nei Sécherheetsfeatures. Enn 2023 soll deen neie Crosstrek am Lëtzebuerger Showroom stoen.

RTL

© Subaru