• De PLUS

    • Verbrauch
    • technesch interessant Gimmiks
    • Leeschtung
  • De MINUS

    • Spaltmoossen
    • Yoke-Steier"rad"
    • Winkere just als Taster an net als Hiewel

Laang ass et hier, dass mer am Automag e Vertrieder vun der amerikanescher Mark Tesla konnte probéieren.

Dat laang waarden hat sech dann awer fir den Andy Brücker gelount.

Automag: Tesla Model S Plaid

Et war 2016, wéi de Pascal Becker am Automag den Tesla Model S 90d an Norwegen op Schnéi an Äis entdecke konnt. 2017 war et dunn de 7-Sëtzer Tesla Model X, deem e sech ugeholl hat... an zanterhier war et roueg ginn an der Automag-Redaktioun, wat d’Mark Tesla ugeet, bis op eng Ausnam mam Tesla Model S als ëmgebaute Corbillard-Versioun, déi de Christian Schmit virgestallt hat, ma als Testauto géif ech dat elo net bezeechnen. Virun engem gudde Mount dunn hat ech da mäin éischte Kontakt mat der Mark Tesla... an dat direkt mam stäerkste Päerd am Stall, dem Tesla Model S Plaid.

RTL

Wann deen dote Sticker hannen um Model S ze gesinn ass, dann ass et e Plaid! / © Andy Brücker

Wat däerf ee sech dann do drënner virstellen, wann et «dee stäerkste» soll sinn?

Majo ech ka scho mol soen, et ass definitive de stäerksten Auto, deen ech a menger Karriär als Auto-Journalist bis elo hunn dierfe probéieren. De Model S Plaid huet net manner wéi 1020 PS an 1400 NM Dréimoment! Fir déi Leeschtung zesummen ze kréien sinn 3 Motoren néideg, an natierlech Allrad. Eng Spëtzegeschwindegkeet vun 322 km/h sinn uginn. Ma wat virun allem impressionant ass, dat ass de Sprint vun 0 op 100. Heifir brauch de Plaid laut Dateblat just 2,1 Sekonnen. A munch aneren Tester hunn d’Journalisten dee Wäert wollten iwwerpréiwen an do louchen d’Resultater tëscht 2,4 an 2,6 Sekonnen, wat ëmmer nach extrem séier ass.

Ma mech huet souguer nach méi beandrockt, dass déi Beschleunegung och jeenseits der 100 km/h einfach nëmme linear weidergeet... sou wéi wann ee vum Lastik gezunn no vir géif katapultéiert ginn. Ech hat och e puer Leit matgeholl, fir hir Meenung gewuer ze ginn. Kee vun hinnen hat bis dohin esou eng Acceleratioun gespuert, a scho guer net an engem Auto. E kribbelen an den Äerm, respektiv eng aner Gesiichtsfaarf waren d’Resultat.

RTL

© Andy Brücker

Dat heescht mir sinn hei an der Kategorie vun engem Supersportler?

Nee guer net. Also de Leeschtungswäerter no jo, ma am Fong ass et eng einfach Limousine mat 4 Dieren, enger Mall an och nach Plaz vir ënnert dem Capot, wou jo kee Verbrenner muss Plaz fannen. A Plaz ass e gutt Stéchwuert, där huet ee nämlech richteg vill. Iwwer 780 Liter ginn an d’Mall, a wann een déi hënnescht Sëtzrei ëmklappt sinn et iwwer 1800 Liter. Do kritt ee labber e Vëlo ënner, respektiv sou wéi ech waren et labber véier 18 Zoll Felge mat Pneuen, plus nach emol 4 lasse Pneuen.

RTL

© Andy Brücker

Och soss huet een am Interieur gutt Plaz, an d’Veraarbechtung war besser, wéi dat wat ech mer erwaart hat. Do huet Tesla sech iwwert déi lescht Jore verbessert.

RTL

© Andy Brücker

Baussen allerdéngs falen engem schonn déi eng oder aner Plaz op, wou d’Spaltmoossen net wierklech passen. Z.b. beim Iwwergang vun der Mall op déi hënnescht Schëller vum Auto. Do wéilt een am léifsten d’Mall nach emol e bësse bäidrécken, mat dat léisst ee besser sinn.

Du has den Interieur ugeschwat… do gouf et awer och eppes, wat dir net sou gutt gefall huet?

Richteg... ech hat nämlech kee Steier«rad», ma dofir e sougenannte «Yoke». Dat musst dir iech e bësse virstelle wéi sou ee Formel1-Steierrad, also net ronn, ma Véiereckeg, oder e bësse sou wéi dat am KIT, mat deem den David Hasselhoff huet musse ronderëm fueren. Dat ass tiptop wann ee riichtaus fiert, oder just Strecken, wou ee kee grousse Lenkwénkel brauch. Ma wann et awer ëm méi enk Kéiere geet, da gräift een dacks an d’Näischt, well do wou ee beim ëmgräife gewinnt ass nach e Stéck Steierrad ze erwëschen, ass hei d’Chance grouss, dass do eben näischt Gräifbares ass.

RTL

© Andy Brücker

Ech hu mech an de puer Deeg wou ech den Auto hat, net dru gewinnt kritt. Ma ech kann iech berouegen, de sougenannte «Yoke» ass just eng Optioun, fir déi een e Supplement vun 1.000 Euro muss bezuelen. Ech géif déi definitiv ewech loossen. Wou et virun allem komplizéiert gëtt, ass beim Parken. Wann ee gewinnt ass mat enger Hand a beschter Tellerwäscher-Manéier an d’Parkplaz ze manövréieren, da léiert een hei d’Parken nach emol ganz nei.

E Winkerhiewel gëtt et iwwregens och net. Do ginn et just lénks um Steierrad zwee Touchfelder, déi natierlech matdréien, wann ee renkelt, deemno fënnt een déi och net ëmmer do, wou ee se erwaart.

A wa mer scho bei de Kuriositéite sinn, e Ganghiewel gëtt et net. Och dat leeft iwwer e Slider, wou een dann auswielt ob een no vir oder no hanne fuere wëll, respektiv ob en an d’Parkstellung wëll.

Genial ass iwwregens de risege 17 Zoll Ecran an der Mëttelkonsol. Deen ass méi grouss wéi mäi Laptop, an e kann op d’mannst genee sou vill. Sief et als riseg Kaart fir den Navi, sief et fir déi sëllegen Astellungen, déi ech mol net all duerchgaange sinn, oder nach sou Features wéi z.B. d’Méiglechkeet, dass ee kann Youtube, Netflix oder soss Appe kann opruffen, fir d’Zäit doutzeschloen, wann een op enger Luedstatioun drop waart, dass d’Batterie nees geluede gëtt. An der hënneschter Sëtzrei gëtt et iwwerdeems e weideren Ecran, ob deem z.B. d’Kanner wärend der Faart kënnen e Film kucken.

RTL

© Andy Brücker

An eisem Testauto hate mer och e schwaarzen Interieur mat Carbon-Elementer. Den Handy fënnt Plaz an der Mëttelkonsol, wou en dann och direkt opgeluede gëtt, an direkt niewendrun ass d’Plaz, wou ee seng Tesla-Kaart muss hileeën, fir dass een den Auto gestart kritt. En normale «Schlëssel» hat ech net, ma dofir eben eng Schlësselkaart. Fir domat den Auto opzemaachen ass e bëssen ëmständlech, well et muss ee se un e Sensor un der B-Sail halen.

RTL

© Andy Brücker

Do ass e Schlëssel mat Knäppche munchmol méi praktesch, vrun allem wann ee mat den Akafstuten hanne bei der Mall steet, an een déi einfach net opkritt, ouni d’Schlësselkaart mussen nees bei d’B-Sail ze halen. Wann een awer en "eegenen" Tesla huet, dann ass den Haaptschlëssel fir den Auto den eegenen Handy. Wann een da bei säin Auto kënnt, geet en automatesch op oder zou, respektiv gëtt en domat gestart.

Mat sou engem Elektroauto verbréngt ee jo dann och eng gewëssen Zäit, fir d’Batterie nees ze lueden... wéi schléit den Tesla sech dann do?

U Bord huet een eng 100 kWh Batterie mat 400V-Technik. Wann een doheem eng Borne huet a mat 11kW luet, brauch ee 10 Stonnen, fir den Akku vun 0 op 100% ze lueden. Un engem Supercharger kann ee mat bis zu 250 kW Gläichstroum bannent 30 Minutte vun 10 op 80% lueden. Ech war da wärend mengem Test bis op Mënsbech op déi eenzeg Tesla-Luetstatioun gefuer, fir dat auszeprobéieren. Ech war eleng do, an awer si just 75 KW duerch d’Leitung gefloss. Wourun dat loung, weess ech net. Zu Mënsbech sinn am Prinzip bis zu 150kw méiglech.

Ma wärend der Waardezäit hunn ech dunn awer erausfonnt, dass een och sougenannten Arcade-Spiller um Tesla huet, wou een dann mam Steierrad an der Brems kann Autoscourssen um groussen Ecran fueren. Dat gesäit bestëmmt lëschteg aus, wann een engem Tesla-Fuerer vu baussen nokuckt, ma ech kann awer soen, dass d’Zäit vum Lued-Virgang da wéi am Fluch vergeet.

RTL

© Andy Brücker

Wéi géifs du deng éischt Tesla-Erfarung da resuméieren... an d’Fro nom Präis däerf natierlech och net feelen.

Ech war positiv iwwerrascht. De Verbrauch pendelt tëscht 19 an 22kWh, deemno si 500km Autonomie kee Problem. Déi enorm Leeschtung vun 1020 PS ass zwar flott, fir et emol ze erliewen, ma ech mengen dat brauch am Alldag kee Mënsch. Déi méi kleng Motoriséierung geet do sat duer, da geet och d’Autonomie an d’Luucht.

Präislech geet et lass bei knapp ënner 100.000 Euro fir de Model S mat Dualmotor-Undriff. Soll et awer de Plaid sinn mat iwwer 1000 PS, an nach der enger oder anerer Optioun, dann ass ee wéi bei eisem Testauto bei bal 120.000 Euro.

RTL

© Andy Brücker