Mazda MX-30 R-EV
-
De PLUS
- Flotten Design
- Gutt verschafft
- Praktesch keng Vibratioune vum Motor
-
De MINUS
- Net vill Plaz op der hënneschter Bänk
- Héije Bensinnsverbrauch
- Technik aus Wankelmotor an Elektresch ass just op kuerze Strecke gutt
Mazda schwëmmt gäre géint de Stroum, wat se och nees mam MX-30 beweisen, an deem e Wankelmotor fir den Hybridunfriff an den Asaz kënnt.
Am Automag vun haut presentéiere mir iech de Mazda MX-30 e-Skyactiv R-EV. De Rich Simon stellt eis dëse klengen SUV vir.
Am Hierscht hat ech Geleeënheet den Auto bei der offizieller Presentatioun ze testen. Elo hat ech de Japaner wärend enger Woch bei eis am Land an da kann een dach e bësse méi intensiv testen. Et ass och schonns Villes iwwer den Auto erzielt ginn. Trotzdeem erklären ech d'Technik nach eng Kéier kuerz. Eng kleng Batterie ass agebaut mat där een eng 85 Kilometer ka fueren. Dat ass elo net onbedéngt ganz wäit. Dobäi kënnt dann awer nach ee Bensinnsmotor. An dat ass ee Wankelmotor. Esou versprécht Mazda eng Autonomie vu 680 Kilometer.

Ass dat da realistesch?
Jo. Awer ech muss et trotzdeem nach bëssen erklären. Du hues verschidde Modussen am Auto. Deen een ass reng elektresch, een aneren ass d'Kombinatioun vun elektresch a Bensinn. Dat heescht, datt wann d'Batterie just nach 40 Prozent huet, spréngt de Motor un a bedreift eng Generatrice. An déi fiddert d'Batterie nees. Dat ass de groussen Ënnerscheed zu engem normalen Hybrid, bei deem d'Rieder direkt ugedriwwe ginn. Hei eebe just d'Batterie. De Wankelmotor huet, am Géigesaz zu engem konventionelle Motor, praktesch keng Vibratiounen. An dat mécht d'fueren extrem relax. Lo kënnt awer ee klenge Bemol. Ee Wankelmotor brauch relativ vill Bensinn. Dofir huet dee sech och ni esou richteg duerchgesat.
Wann's du sees relativ vill. Wat ass relativ?
Also wann's du am Hybrid Modus fiers an d'Batterie relativ vill iwwer Generatrice geluede gëtt, da brauch den Auto gären 9 Liter Bensinn op 100 Kilometer. Dat ass net näischt. An deem Modus bass de awer praktesch just op der Autobunn ënnerwee. Dat ass awer sécher net den Terrain de prédilection fir de Mazda e-Skyactiv R-EV. Dofir soll ee sech elo och net vun deenen 9 Liter ofschrécke loossen.

Et soll ee ganz einfach probéieren d'Batterie vum Auto op e Maximum auszenotzen. Dat heescht net onbedéngt iwwer de Motor lueden mee ganz traditionell iwwer de Kabel. Et ass eng kleng Batterie vu 17,8 kWh. Mat 36 kW Gläichstroum kann d'Batterie un enger Luedstatioun a 25 Minutten vun 20 op 80 Prozent geluede ginn. Mat 11kW doheem un der Wallbox, vun 0 op 100 Prozent a 90 Minutten an iwwer eng normal Steckdous a gutt 4 Stonnen.
De Mazda e-Skyactiv R-EV ass ee kompakten SUV. Wéi kompakt ass deen dann?
Also vir am Auto hues de wierklech gutt Plaz. Och wann s de Richtung 1 Meter 90 grouss bass. Hanne gesäit dat awer schonns anescht aus. Bis 1 Meter 75 ass et ok, duerno gëtt et awer méi wéi enk. Enk gëtt et och, an dofir muss de net grouss sinn, wann's de wëll's hannen an den Auto eraklammen. Déi hënnescht Dier geet nämlech net normal op, also no vir, mee no hannen. Dat ass ee flotten Eyecatcher, awer net méi. An där Dier ass logescherweis och eng Fënster agebaut, déi awer och just ee Bulleye ass. Dat ass alles gutt gemengt, an der Praxis hues de awer keng Virdeeler, mee éischter Nodeeler. Well richteg vill gesäis de net zu Fënster eraus. Een weideren Nodeel ass och, datt wann's de hanne sëtz an du wëll's erausklammen, da muss och deen, dee virun dir sëtzt erausklammen, soss kriss de d'Dier net op.

Vun deene Spillereie bass du net begeeschtert. Wéi ass den Auto da verschafft?
Do ass absolut näischt Negatives ze soen. Et ass net vill haarde Plastik verschafft. Dofir awer Konschtlieder, Kork a Stoff. Et si bequeem Sëtzer am Auto an alles ass logesch an iwwersiichtlech am Cockpit placéiert. Ier's de mech elo frees wat den Auto kascht, soen ech dir et direkt. 35.845 Euro un. Dofir hues de 170 Päerd ënnert der Hauf, déi de Sprint vun 0 op 100 a ronn 9 Sekonne erméiglechen an eng maximal Vitesse vu 144 Kilometer.

Wéi fält däi Fazit no enger Woch Test aus?
Mitigéiert géif ech soen. Et ass ee flotten Auto, dee wéi ech et schonns gesot hu flott verschafft ass. Wann's de nëmme kuerz Strecke fiers, an den Auto reegelméisseg un der normaler Steckdous doheem opluets, dann mécht déi Technik mam Wankelmotor och Sënn. Wann's de awer méi oder manner reegelméisseg och op der Autobunn ënnerwee bass, da brauch de Wankelmotor einfach ze vill Bensinn. Dobäi kennt, datt dee Motor och relativ vill Kaméidi mécht an dat geet engem mat der Zäit awer bëssen op den Nerv.
