Nach ni eppes vun Astara héieren? Ma si këmmeren sech drëms, dass Marke wéi z.B. Hyundai, Suzuki oder KGM, fréier SsangYong, hire Wee op Lëtzebuerg fannen.

Hire Portfolio hu si a kuerzer Zäit enorm vergréissert an eng Partie vun hiren neie Modeller de Lëtzebuerger Journalisten zu Girsterklaus virgestallt. De Paul Origer war fir eis an den Oste gereest.

Automag: Wat gëtt et Neies bei Astara?

Wien genee ass Astara a wat maache si?

Astara ass ee Mobility Provider aus Spuenien a këmmert sech fir de belschen a Lëtzebuerger Autosmarché ëm den Import an d’Verdeele vun antëscht 7 Autosmarken. Bescht bekannt sinn dorënner aus Korea Hyundai a KGM, fréier bekannt als SsangYong. Awer och déi japanesch Marken Isuzu a Suzuki gi vun Astara an Europa verdriwwen. De Focus réckelt neierdéngs awer och op Marken aus China. MG ass do scho méi laang derbäi, e bësse méi frësch ass Maxus.

A Maxus huet hir Gamm elo och mat Persouneween vergréissert?

Richteg, deen een oder aneren Utilitaire hate mer schonn ënnert dem Hënneschten, ma bei der Presentatioun zu Girsterklaus waren direkt 3 Modeller vertrueden. Ugefaange beim MIFA9, engem zimmlech luxuriéisen an elektresch ugedriwwene Van. 245 PS leescht en a soll 440 km laut WLTP packen. Mat 5m20 Längt ass et nawell e grousst Gefier, de Präis bleift mat ronn 67.000 Euro awer nach ënnert der viséierter Konkurrenz.

Mam Präis lackele soll och de kompakten a vollelektreschen SUV eUNIQ6. Fir ronn 35.000 Euro solle keng Wënsch opbleiwen. 354 km Autonomie sinn zwar elo net d’Welt, dofir ka sech d’Mall mat gigantesche 754 Liter bretzen. Nees a Richtung Utilitaire geet den net grad klenge Pickup T90 EV – iwweregens deen eenzege mat Elektroundriff an Europa.

RTL

Komme mer elo bei déi wuel bekanntste Mark aus dem Astara-Programm?

An dat ass ouni Zweiwel Hyundai. Allerdéngs hate si elo net terribel vill Neies zu Girsterklaus ze bidden, dofir awer e ganz wichtege Modell: de Kona. Als Elektro oder Hybrid stoung de populäre Koreaner bereet.

RTL

Aner Neiegkeete wéi d’Facelift-Modeller vu Bayon, Tucson an Ioniq 5 wäerte lues awer sécher am Showroom opdauchen. Genee wéi d’Highlights: den Ioniq 5 N an de komplett neie Santa Fe.

Eng Mark gouf dann och viru kuerzem ëmgedeeft!

Jo, SsangYong ass dout a KGM feiert hir Première an der Autoswelt. D’Modeller sinn awer gréisstendeels aus SsangYong-Zäite bekannt, Tivoli, Musso a Rexton goufen opgefrëscht. De Star vun der Gamm ass de fuschneien Torres, deen och schonn hei op der Antenn virgestallt gouf an deemnächst als Elektroversioun EXV kënnt.

RTL

A wa mer vu Marke schwätzen: MG huet jo virun net allze laanger Zäit a chineesescher Hand Comeback gefeiert. An zënterhier gi se gutt Gas, pardon, Stroum. Mäi perséinlechen Highlight war den ultrasportlechen MG4 XPower mat 435 PS an engem Sprint op 100 ënner 4 Sekonnen.

RTL

Mee domat net genuch, d’Gamm gëtt weider ausgebaut. Am Segment vu Polo a Co start am Mee de Fullhybrid MG3 an esouguer an der Kategorie Dreamcar wëll MG Fouss faassen: den nawell sexy designte Roadster Cyberster soll am November mat 340 respektiv 544 Elektro-PS lackelen. An och do ass nach net Schluss: IM fir Intelligent Mobility heescht de Plang vun MG fir mat enger Luxusmark Fouss ze faassen. Um Salon zu Genève goufen d’Modeller L6 an LS6 presentéiert a sollen an 8 Méint kommen.

Eng kleng Avantpremière hat awer och de Wee an den Oste gepackt

Effektiv! Fir de Festival hat en et net gepackt, mee hei konnte mer deen neie Suzuki Swift schonn emol kucken, wann och nach net fueren. Déi komplett nei 4. Generatioun soll nees Spaass um Autofuere bidden a krut dofir och een neie Motor esou wéi eng verbessert Sécherheet. Fir de Rescht bleift et bei de Modeller Swace an Across, déi ee Facelift kréien. De Vitara dierf natierlech och net an der Gamm feelen. Äddi heescht et dogéint fir den Ignis an den Jimny, 2024 lafe si aus. A last but not least si mer bei Isuzu ukomm; schonn éiweg gëtt et just 1 Modell bei hinnen, dat ass de Pickup D-Max. Nei Modeller, dorënner och mat Elektro-Undriff, ginn awer versprach.