Mir ginn an d'Kategorie vun den Dramautoen. E schicken neie Cabriolet gouf bei summerlechen Temperaturen op Teneriffa presentéiert.

Dat war de Mercedes-Benz CLE, an de Christian Schmit wosst dat ze genéissen.

Automag: Mercedes-Benz CLE

Jo d'Lëscht vun de Cabriolet-Modeller gëtt ëmmer méi kleng. Nëmmen nach e puer Marken hunn e Cabriolet am Programm. Bei deene wou een zu 4 dierf ënnerwee sinn, sinn et der nach manner.

Och bei Mercedes ginn elo aus 2 Modeller een. C-Klass an E-Klass Cabriolet kréie kee Successeur, deen neien heescht elo CLE, souwéi de Coupé, dee mir an der AMG-Versioun och hunn dierfe probéieren. Mee dozou méi spéit.

Ass dee Neien dann optesch och nees gelongen?

Ganz kloer jo! Aus all Bléckwénkel mécht dësen eng gutt Figur, an egal wou mir mam CLE geparkt hunn, goufe mir drop ugeschwat an et goufe Fotoe gemaach.

Op 4m85 gëtt et eng elegant Design-Linn, an no 20 Sekonnen verschwënnt di gutt gefiddert Kaputz aus Stoff, an dem frësche Loft-Feeling steet näischt méi am Wee.

RTL

A wiem déi Lëftchen dann vläicht awer ze staark bléist, fir dee bleift de bekannten Air Scarf, eng Heizung fir d'Nuque am Programm. An och de Wandschott iwwer der viischter Glace, an den hënneschte Sëtzer, hëlleft dobäi d'Loft ze deviéieren an d'Frisur intakt ze loossen.

Jo bei Mercedes huet en Erfarung mat Autoen ouni festen Daach, an och déi Kéier goufen am Wandkanal nach eng Kéier d'Käpp beienee gestreckt, fir nach manner Wandgeräischer am Interieur ze hunn.

RTL

Den Interieur

Hei ginn et keng grouss Surprisen. Quasi 1:1 den Tableau de bord aus der C-Klass. Interessant ,de groussen Touchscreen-Ecran an der Mëttelkonsol léisst sech an der Neigung verstellen. Esou gesäit een och nach eppes, wann d'Sonn iwwert engem steet.

RTL

D'Veraarbechtung ass top, Info-, Navi an Entertainment um leschte Stand. Mercedes behaapt och zu 4 kéint et vun der Plaz hir op den Tour goen. Bon den Accès op di hënnescht Sëtzrei setzt eng gewëss Gewiewegkeet viraus, mee soss ass een do fir en Ausfluch passabel opgehuewen.

RTL

Zu 4 op d'Rees dat geet och éischter schlecht, wéinst der Gréisst vun der Mall. Eng Rallonge ass awer dran, wann d'Sëtzer ëmgeluecht ginn.

Ënnert dem Capot

Do ass d'Moteure-Palett breet opgestallt. Ugefaange mam CLE 200, 2000 Kubik mat 204 PS bis erop bei de faméisen 3 Liter 6 Zylinder an 381 PS. Déi béid konnte mir beweegen a wäerten och de Gros bei eis ausmaachen. Schued, dass op d'Hybrid-Versioun huet misste verzicht ginn, dat wär aus Plazgrënn wéinst dem elektresche Verdeck net méiglech gewiescht.

A punkto Fuerverhale gëtt et näischt ze meckeren. Souverän huet den CLE di Honnerte Kéieren op Teneriffa gemeeschtert. Lenkung, Bremsen, Fiederung, alles op gewinnt héijem Niveau. Allebéid e Genoss, just den CLE 200 trëfft akustesch net den Toun, deen zu där dote Kategorie Auto passt. 4Matic, d'4-Rad-Traktioun ass och méiglech. Kloer op elo 4 oder 6 Zylinder, bon um Enn eng Prestige- oder Budgetfro.

RTL

Apropos, wat muss dann investéiert ginn?

Ënner 69.000 Euro leeft näischt. A wie scho mol bei Mercedes an hirem Configurateur aktiv war, weess dass sech do nach vill Dausender addéiere loossen. Och wann de série dach scho villes u Bord ass.

Eriwwer dann nach bei den ugeschwate Coupé CLE vun AMG 

AMG steet jo fir di nach méi sportiv taréiert Modeller mat Stär, dat da vun Affalterbach. Hei ginn dann elo mat Feintuning 450 PS gebueden. Méi eng breet Spuer loossen deen da nach méi sat op der Strooss leien, top Fuerleeschtunge souwisou.

RTL

Am Race Modus dann am Beschte just op engem Circuit oder fräien Autobunnspassagen ouni Tempolimit genéissen. Och optesch, de Star op all Boulevard, an et gëtt ee beneit, deen hannert dem Volant ze sinn.

RTL

Jo an alles dat huet säi Präis. 90.000 Euro op d'mannst, an op deen CLE 53 AMG dann och nach als Cabriolet dierf untrieden schéngt jo dann och elo decidéiert ze sinn. Éischt Biller zirkuléiere jo schonn..

RTL