Ee vun de wichtegste Modeller fir VW ass laang net méi de Golf, mee schonn eng gutt Zäit den Tiguan.

Den zweetgréissten SUV nom Touareg start elo an déi drëtt Generatioun an déi ass mat allem vollgepak, wat et vun neisten Technologie gëtt. Wéi sech den neien Tiguan am Alldag verhalen huet, dat seet eis elo de Paul Origer.

Automag: VW Tiguan Alldagstest

De Paul war jo schonn op der Presentatioun an hat den Auto schonn emol hei virgestallt, op den Design musse mer net onbedéngt agoen.

Nee, effektiv net, en plus den neien Tiguan och schonn eng Zäitchen zu eisem Stroossebild gehéiert. Wat awer opfält, an dat zemools beim Fueren, dat ass seng Gréisst. Allerdéngs kënnt déi éischter duerch den Design, well vergläiche mer mat der éischter Generatioun vun 2007, do ware mer op ronn 4 an en hallwe Meter an der Längt an 1m80 an der Breet. Haut ass den Tiguan Nummer 3 bei just e puer Zentimeter méi. Dat läit dorunner, dass deemools wéi haut scho vill Wäert op ee geraimege Banneraum geluecht gouf.

RTL

Also kee Manktem u Plaz?

Absolut net. Fans vum SUV komme voll op hir Käschten. Et sëtzt ee schéin héich, mat nach genuch Loft iwwert dem Kapp. Dobäi kommen déi exzellent Sëtzer, déi op Wonsch belëft sinn oder masséiere kënnen. Gutt sëtzen deet een och hannen, Been- oder Kappfräiheet ass keen Thema. Also ideal fir e puer Stonnen ze fueren an Honnerte vu Kilometer ofzespullen. Do mécht definitiv och d’Mall mat, mat 652 Liter sinn der nach emol 37 derbäi komm, dat dierft fir grouss Wallissen duergoen.

RTL

Du sooss, den Tiguan ass elo um neiste Stand vun der Technik – dat mécht sech da warscheinlech am Cockpit bemierkbar?

Richteg, VW huet tatsächlech vill Neiegkeeten installéiert. Déi wuel gréissten Nouvelle ass warscheinlech den Automatik-Wielhiewel, deen elo un d’Steierrad gewandert ass. Anescht wéi z.B. bei Mercedes muss een deen no vir an no hannen dréinen, fir de Gang anzeleeën. U sech eng Saach vun der Gewunnecht. Allerdéngs krut domat de Winkerhiewel d’Funktioune vum Wischer derbäi, wat ech e bëssen iwwerluede fonnt hunn.

RTL

Deem entgéintwierke wëll deen neie risegen Touchscreen, iwwert dee quasi alles gesteiert an domat d’Unzuel vu Knäppercher reduzéiert gëtt. Am Alldag muss ech soen, dass et gutt fonctionéiert. VW gruppéiert optesch alles, wat wichteg ass a Form vu groussen Ikone beieneen. Verschidde Funktioune wéi Heizung, Volume oder Fuerprogrammer hunn hir eege Knäppercher oder een neien Dréidréck-Knapp an der Mëttelkonsol.

RTL

A wa mer beim Cockpit sinn, typesch VW ass de relativ niichteren Design, nuets hu se sech awer ausgetoobt an eng richteg cool Ambiancebeliichtung installéiert.

Vill nei Technik wäert sech och beim Fuere bemierkbar maachen?

Kloer, och hei war den neisten technesche Stand néideg. Vu Fuerassistenzsystemer ass alles u Bord wat et de Moment gëtt an déi hunn och an engem zweeten Testulaf fonctionéiert. Leider och den nervege Vitessewarner an een ëmmer nach ze brüske Spuerassistent. Zum Gléck kënnt ee séier an de Menü, fir se auszeschalten. Relativ gutt fonctionéiert de semi-autonomen Fuerassistent, op laange Strecke war dat schonn e grousse Confortgewënn.

Mee den Highlight am Sënn vum Wuert sinn déi intelligent Luuchten IQ Light. Vollautomatesch gëtt d’Strooss ëmmer optimal ausgeliicht ouni de Géigeverkéier ze blenden, eng flott Funktioun huet ee virun allem op der Autobunn wou d’Spuer virum Auto mat engem breede Carré ausgeliicht gëtt.

RTL

Wat awer och gefält, dat ass dem Tiguan seng Villsäitegkeet; confortabel a lafroueg Laangstrecke cruisen oder awer mol zackeg, mat straffer Fiederung a präziser Steierung iwwert eng Landstrooss flitzen – béides kann de VW-SUV an do ass dat adaptiivt Fuerwierk natierlech net onbedeelegt. Mee och d’Motorisatioun, an eisem Fall den 2-Liter TDI mat 193 PS passt ideal. Lafroueg, dréimomentstaark a mat ënner 6 Liter spuersam ënnerwee. Just d’DSG-Boîte huet awer nach ëmmer hir mini Ufuerschwächt a wierkt beim Zeréckschalten e bëssen ondecidéiert.

Wéi héich muss een déi vill nei Technik dann honoréieren?

Jo, do ass den Tiguan definitiv kee Schnäppche méi. Knapp ënner 40.000 geet et eréischt lass. Wëll een all déi nei Gimmicks, dann dierf een extra bezuelen esou dat eng voll Hütt wéi eisen Test-Tiguan féx iwwer 60.000 Euro lant! Dat ass dee Moment awer schonn zimmlech no um grousse Brudder Touareg!

RTL