Renault Rafale
-
De PLUS
- Design
- Finitioun
- Präis-Leeschtung
-
De MINUS
- Knäppche vun der Mall verstoppt
- Klimaanlag zitt
- Speziellt Fuergefill duerch de 4Control
E kéint dat neit Flaggschëff bei Renault ginn. Rieds ass vum Rafale.
Ma ob den SUV-Coupé och am Alldag iwwerzeege kann, huet den Akim Schmit aus eiser Automag-Ekipp probéiert erauszefannen.
Dass e schéinen Auto net onbedéngt praktesch ass, dierft mëttlerweil gewosst sinn. Dëst gëllt besonnesch fir SUV-Coupéen, ze deenen och de Renault Rafale zielt. Abee, an dësem Fall probéiert Renault de Spagat ze schloen, d’Basis ass nämlech déi vum Renault Espace. Richteg, dem kultege Minivan deen eis zanter den 80er Jore begleet, an ewell och als SUV dohier kënnt.

De Rafale gesäit ee jo mëttlerweil op eise Stroossen, dofir schwätze mer manner vum Design. Mee komm, mir klammen eng Kéier eran…
An do fält op, wéi gutt den Design vum Rafale ass. Wierkt e vu baussen nach wéi e Coupé, dee sech op 'dStrooss duckt, mierkt een eréischt bannen, wéi grouss den Auto am Fong ass. Mat senge 4,71 Meter ass e just 1 Zentimeter méi kuerz ewéi den neien Espace an de Radstand vun 2,74 garantéiert genuch Beefräiheet op der Réckbänk. An déi 3 Zentimeter déi e méi niddreg ass, mierkt een net.

An och bei der Mall muss een trotz Coupé-Silhouette keng Ofstréch maachen: 627 Liter (bis 1.914 Liter) passen eran, héchstens déi héich Luedkant an de gutt verstoppten Knäppchen, bei deem ee sech d’Fanger gär knaschteg mécht, muss een a Kaf huelen.
Renault wëll mam Rafale an der Premium-Liga spillen. Wéi stinn d’Chancen an dengen Aen?
Den Testauto war als „Esprit Alpine“ mat allem ekipéiert, wat Renault am Moment ze bidden huet. E gudde Krittär ob en Auto sech Premium ufillt, sinn d’Finitiounen, an déi si gutt. Gefall hu mer d’Kontrastnéit an de Faarwe vum franséische Fändel, déi propper ausgekleeten Dieren, déi beliichten Alpine-Logoen an de Sëtzer an dat Stéck Schifer am Amaturebried op der Bäifuerersäit. Alles Saachen, déi keng Funktioun hunn an den Auto net méi séier maachen, mee et ass eppes, wat een net all Dag gesäit.

Dobäi kënnt d’Ergonomie, wou Renault gutt Aarbecht geleescht huet. Praktesch ass do z.B. eng Zort Schubhiewel an der Mëttelkonsol, déi just als Oflag fir den Aarm déngt, wann een um Ecran e Knäppchen erwësche muss. Eng einfach a praktesch Léisung.

Einfach a praktesch ass e gutt Stéchwuert: wéi mécht sech de Rafale dann am Alldag op der Strooss?
Einfach trëfft et am beschten: de Rafale gëtt et just als Vollhybrid mat 200 Päerd Leeschtung. Deemno muss ee sech net drëms këmmeren, dass d’Batterie gelueden ass. De Rafale kënnt gutt aus de Féiss, an d’Automatik-Boîte krut wuel zanter der Virstellung am Mee zu Sevilla en Update a reagéiert elo méi spontan.
Vum Fuergefill géif een net soen, dass ënnert der Motorhauw en 1,2 Liter Dräizylinder stécht… Fir den dynameschen Androck suergen d’Fuerwierk, wat mat Momenter e bëssen ze sportlech ofgestëmmt ass a Stéiss net gefiedert kritt, an d‘4Control-Lenkung un der hënneschter Achs. Déi soll fir méi Handlechkeet an der Stad, a méi Stabilitéit op der Autobunn suergen. Bon, ech si kee Fan dovun.
Am Resumé huet de Rafale e gudden Androck hannerlooss. Wéi gesäit et da mam Präis aus?
Lass geet et bei 42.500 Euro, als „Esprit Alpine“ wéi ech en am Test hat sti 46.300 Euro op der Rechnung. A wie méi Leeschtung wëll, sollt sech nach bis Enn vum Joer gedëllegen: da kënnt nämlech de Plug-In Hybrid mat 300 Päerd, Allrad Undriff an engem Präisschëld vu 55.000 Euro.
