Mercedes-AMG CLE 53 4MATIC+ Coupé
Autoe mat enger Coupé Linn hu sech an tëscht rar gemaach, mee et gëtt si nach. Bei Mercedes beispillsweis mam CLE.
AMG – dräi Buschtawen, déi weltwäit fir Automobil Héichleeschtung, Exklusivitéit an dynamesche Fuerspaass stinn. Zu Affalterbach bei AMG, do ginn déi Mercedes-Modeller nach eng Kéier nogeschäerft. A genee esou en AMG, den CLE 53, dee war elo an der Automag-Redaktioun ukomm. A wien huet dierfen testen? Déi Kéier de Christian Schmit.
Mir haten eis bei der Presentatioun zesumme mam Cabrio op Teneriffa scho kuerz kennegeléiert. Elo dann op Lëtzebuerger Makadamm ënnerwee. Optesch an technesch weess deen AMG CLE sech ofzesetzen an ze begeeschteren. Bon bei 3000 Kubik, feine 6-Zylinder BiTurbo Hybrid, 449 PS an 250 km/h kënnt gutt Laun op. Wann da mol d'Verkéierssituatioun oder eng Radarfräi-Zon et zouléisst. Ganz selbstbewosst säin Optrëtt, ouni vill Gedäisch, einfach souverän.

Interieur
Bannenan sinn et d'Armature vun der C-Klass, allerdéngs mat vill Individualitéit ugepasst. D'AMG-Sportsëtzer sëtze wéi ugegoss. Di hënnescht Sëtzrei ass just fir kleng AMG-Fans op kuerzen Distanzen eng Freed.

Alles ass prima verschafft, an um Touchscreen muss a kann esou vill agestallt, justéiert, an optiméiert ginn, do brauch een Zäit fir eens ze ginn. Burmester Sound dréit och nach zum Wuelfille bäi. Genee wéi d'Sproochassistentin, déi op Commande "Hey Mercedes" séier a präzis de Wënsch vum Chauffer nokënnt.

Op der Strooss
Bon wa mir den AMG starten, da fält op, dass dee Sound sech diskret zeréckhält. Och di klengste Beweegunge mam rietse Fouss gi vehement a Vitesse ëmgesat. D'9-Gang Automatik + Allrad Traktioun assistéiere wonnerbar.

D'Fuerverhalen mat vill Réckmeldung fir deen hannert dem Volant passt. Jo zu Affalterbach bei AMG kenne si hiert Handwierk. 8,5 Liter Verbrauch op 100 sinn dran, awer och eng Consommatioun am zweestellege Beräich, jee no Temperamentswënsch.
Präisser
Dat Kapitel ass keen esou en agreabelt, fir di meescht vun eis. Bon bei 91.500 Euro geet et lass, mee och bei AMG kann ee sech an der Oppräis-Lëscht defouléieren, an Exemplaire vu wäit iwwer 100.000 Euro sinn do spilles méiglech. Mee eent ass sécher, den AMG CLE 53 huet elo schonn de Potential e Klassiker ze ginn.
