Peugeot 108 & Renault Twingo
-
Peugeot 108
- Stroosselag
- viischt Sëtzer
- sympathesche Motor
-
Peugeot 108
- hannen enk
- méi Kaméidi wéi am Twingo
- Citroën C1 e bësse méi bëlleg
-
Renault Twingo
- Maniabilitéit
- Fuerconfort
- Équipementsméiglechkeeten
-
Renault Twingo
- net vill Plaz fir d'Féiss
- Säitewand-empfindlech
- ESP reegelt fréi an dacks
D'Konkurrenz bei de ganz klengen Autoen ass grouss. De Pascal Becker an de Serge Pauly vergläichen zwee Newcomer, de Peugeot 108 an de Renault Twingo.
Am Bild gesitt Dir zwee Autoen. Mä a Wierklechkeet sinn et der fënnef. De Peugeot 108 ass de mechaneschen Zwilling vum Citroën C1 a vum Toyota Aygo. An de fonkelneie Renault Twingo deelt dat Wesentlecht mam Smart forfour. Dorënner och ee Motor op enger haut ongewinntener Plaz. Dee leschte Renault mat Heckmotor gouf et an de 70er.
De klengen Dräizylinder läit verstoppt ënnert engem Deckel an der relativ héijer Mall. An en hält d’Gepäck am Wanter molleg waarm. D’Sëtzer loosse sech liicht ëmleeën, et entsteet eng glat Luedfläch. A well de Passagéiersëtz och klappt, passt esouguer e Suerfbriet eran.
Obwuel dem 108 säi Motor vir dréint, kann e mat Cargo net Punkten. Et geet manner dra wéi beim Twingo. Mä en huet ëmmerhin en Ersatzrad an e Cric.
Beim Twingo gëtt et keen Ersatzpneu. Oder vläicht ënnert dem viischte Capot? Do ass jo kee Motor. Fir do opzemaache muss een zwee Cachen eraushuelen, ee Schlass opspären, zwee Hiewelen ëmleeën... dat alles fir un d’Batterie ze kommen a Wäschwaasser nozefëllen. Mä e Rad gëtt et do trotzdem net.
An dëser Präiskategorie, esou vun 9’500 Euro un, gëtt et kee Spillraum fir Extravaganzen. Eis béid Kandidate ginn awer kreativ mam obligate Haartplastik ëm. A bréngen et fäerdeg, e bësse Pepp an d’Spuerbéchs ze bréngen, sief et mam Design oder mat den Touchscreenen, déi wéi et sech haut passt, allen zwee bereet sinn, intim Relatioune mat Smartphonen anzegoen.
Dat hei sinn um Pabeier Véiersëtzer. Esoulaang d’Passagéier Kierperkontakt verdroen. Den Twingo gëtt et nëmmen als Fënnefdierer, beim Peugeot kann een tëschent dräi a fënnef Diere wielen.
Raumgewënner mat enger kuerzer Nues ass den Twingo, dee méi laang a méi héich ass. Mä de Chauffer setzt definitiv besser am Peugeot wéi am Renault. De Problem sinn net d’Sëtzer, déi sinn esouguer net schlecht. Et sinn déi grouss Radkëschten, déi dem Chauffer ganz wéineg Plaz fir de lénke Fouss loossen.
Et gëtt allerdéngs e gudde Grond, firwat den Twingo esou grouss Radkëschten huet. Seng viischt Rieder si jo net ugedriwwen a kënnen dowéinst méi wäit ageschlo ginn. Wat en extrem kuerze Wendekrees erlaabt. 8m60 si fir en Auto an dëser Gréisst exzeptionell. An et ass schonn erstaunlech wéi dacks den Twingo ouni extra Manöver auskënnt. De Peugeot ass sécher kee Camion, mä e brauch e gudde Meter méi.
An a propos Brauch a Verbrauch. Eis zwee Kanidate verspriechen en Duuscht ëm déi véier Liter. An der Praxis leien se net wäit vu sechs Liter.
Dass eis zwee Zwergen an der Stad mat gudder Iwwersiicht a liichte Commanden iwwerzeegen, dierft ee jo wuel erwaarden. Mä och kleng Autoe mussen heiansdo eraus. Esouguer bis op d’Autobunn.
Allebéid hale laber de legale Rhythmus. De Peugeot packt laut Prospekt mat senge 70 Päerd Tempo 160, e gläich staarken Twingo 150. Eisen Test-Renault hat awer déi 90 Päerd staark Turboversioun. Kee GTI, mä agréabel. Den Twingo ass hei eng Grëtz méi roueg. Well de Motor hanne läit, méi wäit ewech vum Ouer. An allgemeng schéngt d’Geräichdämpfung e bësse besser am Renault.
De Peugeot ass bannendran e bësse méi haart, awer nach am tolerabele Beräich. Mat béiden Autoe kann ee laang Strecken an Ugrëff huelen ouni gläich Amnesty International unzeruffen. Polyvalent nennt een dat.
Och den 108 gëtt et iwweregens mat méi engem muskuléisen 82-päerdegen 1200er. Woubäi dann, wéi beim Turbo-Twingo, net grad 13’00 Euro fälleg wieren.
Et gëtt, am Pascal sengem Testerhäerz, ganz hannen, eng kleng waarm Parkplaz fir den Twingo II RS mam Cup-Chassis. E wonnerbare Go-Kart. A fir et kloer ze soen: den Twingo III ass net säin Ierwen. A scho guer keng amüsant Rallye-Heckschleider wéi den R8 Gordini. Säin ESP versteet guer kee Spaass a gräift rigoros a fréi an. Sécherheet viru Fun. Den 108 ka béides.
De Peugeot ass bei Autobunnsvitesse méi stabel, méi präzis a manner wandempfindlech. Op Landstroosse da mécht e richteg Spaass an erlaabt och méi Schwong duerch d’Kéieren. E berouegend Gefill.
Zum Schluss vun dësem Vergläichstest soll et natierlech e Gewënner ginn. Wien vill an der Stad ënnerwee ass, kënnt net laanscht dem Twingo säi phänomenale Wendekrees. De Renault huet och dat e bësse bessert Raumgefill an et kann een e bësse méi komplett équipéieren wéi den 108. Leit déi gären e bësse méi energesch ënnerwee sinn, si mam Peugeot senger Stroosselag besser bedéngt. An do sëtzt ee wierklech op laange Strecke besser. Um Präis kann d’Entscheedung net leien, well d’Ënnerscheeder sinn do minimal.