• DE PLUS

    • Fuerleeschtungen
    • Chassis & Stroosselag
    • kann och Confort
  • DE MINUS

    • Alibiplazen hannen
    • Automatik am Sportbetrib
    • Präis & Wäertverloscht?

Wien e 470PS-Coupé fir Individualiste sicht, kinnt säi Gléck mam Cadillac ATS-V fannen. De Pascal Becker huet de Power-Amerikaner probéiert.

Et gi Klischeeën. Vun deenen et schwéier ass, sech ze léisen. Klischeeën, déi aspären. Fir Cadillac ass dësen Auto esou eppes wéi “Prison Break”. Fort vun de Puddingsamortisseuren vun engem Pimpmobil. A riicht op de Ring, oder op d’mannst op d’Autobunn. De Cadillac ATS-V huet hei a senger schäerfster Form 470 Päerd a rennt knapp iwwer 300. Méi wéi e BMW M4. A méi wéi eng Corvette.

Et ass elo net besonnesch schwéier den Turbodrock eropzeschrauwen. Mä brutal Performance mat Luxus an Alldagsconfort ze mixen, ass scho méi schwéier. A Cadillac huet sech do richteg Méi ginn. D’Schuelesëtzer si confortabel, d’Steiertrader mat Daim amplaz Lieder ganz agréabel. Et feelt hei net un Équipement. Vum nëtzlechen wéi den Head-Up-Display bis zum verspillten wéi d’Geheimfach fir Handyen. Wat mir vun der Corvette kennen. Grad ewéi den Navi, deen hei kloer Ergonomiefortschrëtter gemaach huet.

D’Finitioun ass net schlecht, awer eng Grimmel ënnert där vun däitschen oder japanesche Premium-Konkurrenten. Mä déi hu keng Selfiefunktioun! De Cadillac ATS-V huet näämlech eng fest agebaute Kamera, déi d’Strooss oder de Circuit ka filmen, an dat op eng SD-Kaart ophëlt. Op d’Bild vun der Strooss kann een Donnéeën wéi Vitesse an Accélératioun ablenden. An dat ganzt kann een esou astellen, dass d’Kamera automatesch filmt, wann een engem säin Auto léint. Wann een zum Beispill esou onvirsiichteg wier, engem Tipp wéi mir de Schlëssel ze ginn.

Mä fir d’éischt nach e bëssen amerikaneschen Humor. Dat hei ass e 4-Sëtzer. Fir hannen eranzeklammen, brauch een awer eng Woch Congé an d’Verzweiwlung vun engem syresche Flüchtling. De Congé well den elektresche Sëtz extrem lues ass, an Verzweiwlung well esou kee Mënsch sëtze wëllt.

Wien sech spiert wéi den Donald Trump, kann och 541 Euro ausginn fir gëllefaarweg Bremsen. Si bremsen dofir net besser. Mä si si gëllen. Amerikaner si vill méi positiv agestallt wéi mir negativ an depressiv Europäer. Esou gesäit e Mallentest “made in USA” aus. Si ass grouss, a gro. Gutt.

Endlech komm mir bei den agréabelsten Deel vun all Test: Fueren! An dëse Cadillac geet wierklech gutt. Den 3.6-V6 kritt vun zwee Turboen gehollef. A wann een dat dann dierft, ass een a manner wéi 4 Sekonnen iwwer 100.

D’USA hunn eng Dragster-Kultur. Wat allerdéngs méi iwwerrascht ass de Chassis. Dëse Cadillac war an déi beschte Schoulen an ass e Weltbierger. Magnetoreologesch kléngt wéi klingonesch. Et beschreift just den Amortisseursueleg. Do sinn Eisepartikel dran. Mat Elektromagnéite kann een esou d’Flëssegkeet a Sekonnebrochdeeler méi zéi maachen, an d’Fiederung méi haart. Fir direkt duerno erëm confortabel Knuppen ofzefiederen. Déi Adaptiounsfähegkeet funktionéiert exzellent, den ATS-V ass sportlech präzis ouni iwwerdriwwen haart ze wierken. An och d’Steierung schafft ouni Spill a mat gudder Réckmeldung. Hei as de Cadillac um Niveau vun de beschten Europäer.

Dat schwächste Glitt an der Ketten ass menger Meenung no d’Boîte. Déi 8-Gang-Automatik funktionéiert wuel am Alldag ganz gutt, mä bei sportlechem Fueren am manuelle Modus setzt se d’Ueder vum Chauffer einfach net zackeg genuch ëm. Dat kinnt besser sinn.

Wann ee sech dann emol bis calméiert huet, beherrscht de Cadillac och dat gemittlech Cruisen iwwerraschend gutt. Mat esouguer engem Verbrauch, deen dann ënnert 10 Liter ka krauchen.

Déi Polyvalenz kennt net zum Discount-Präis. Sécher en 2-Liter-Basis-Coupé gëtt et vu ronn 40’000 Euro un. Déi Vollfett-Biturbo-V6-Premium-Versioun läit e puer Optioune knapp iwwer 80’000 Euro. An dat ass eng Präisgéigend wou et un talentéierste Konkurrenten net feelt a wou Argumenter wéi Wäertverloscht heiansdo méi Gewiicht kréie wéi Fuerspaass. Leider...

Cadillac ATS-V
Wien e 470PS-Coupé fir Individualiste sicht, kinnt säi Gléck mam Cadillac ATS-V fannen. De Pascal Becker huet de Power-Amerikaner probéiert.