Alfa Romeo kann ee ganz sécherlech als Kultmark bezeechnen. D’Italiener stoungen ëmmer fir sportlech Autoen. Dat huet sech an de leschte Joren awer bësse geännert. Et ginn awer nach ëmmer Modeller, déi eng gewësse Power ënnert dem Capot hunn. Oder besser gesot an der Batterie. Am Automag schwätze mir iwwert den Alfa Romeo Junior Veloce. De Rich Simon aus eiser Automag-Redaktioun hat deen ënnert de Rieder.
Mat wéi vill Power war‘s du dann ënnerwee?
Mat 280 fir genee ze sinn. Dat sinn der schonns eng Partie, fir een Auto aus dem Mini-SUV-Segment. An deem ass nämlech de Junior doheem. Dat leschte Joer sinn ech schonns de Junior Hybrid gefuer an eng vu menge Kriticke war, datt et deem e bëssen u Leeschtung feelt. Mam Junior Veloce, ass dat awer net de Fall. De Sprint vun 0 op 100 huet een a sportlechen 5,9 Sekonnen hannert sech.

Ass den Auto da komplett op Sportlechkeet ausgeluecht?
Ech géif mengen Jo! Vu baussen gesäis de schonns déi rout Bremsbaken, déi op deenen anere Versiounen net drop sinn. Bannen hues de Sportsëtzer déi der genuch Halt ginn an och d’Steierrad ass aus Lieder. Och dat ass een anert wéi op deenen anere Junior Modeller.

Dat sinn zum Deel optesch Aspekter. Wéi gesäit et dann op der Strooss aus?
Do huet den Alfa Romeo Junior Veloce 3 Gesiichter: Wann‘s de am Eco-Modus ënnerwee bass, dann ass et éischter eng lam Innt. Am normale Modus eng Int an am Sport-Modus eng wëll Int. Et ass ganz kloer, datt den Auto am Sport-Modus am meeschte Spaass mécht. Hei kennt seng direkt Lenkung perfekt zum Asaz an och seng haart Fiederung, gëtt dem Chauffeur ee gudde Feedback.

Ass een awer elo éischter gemittlech mam Junior ënnerwee, da suergt déi stramm Fiederung dofir, datt een déi eng oder aner Kéier erféiert, wann ee Lach an der Strooss engem ee zolitte Schlag an de Réck gëtt. De goldege Mëttelwee bei der Fiederung, wier villäicht e besseren fir den Auto gewiescht.
Wéi gesäit et da konkret mam Fuerverhalen aus?
Am Géigesaz zu Konkurrenzmodeller, weit de Junior Veloce “nëmmen” 1.590 Kilo. Dat ass fir dat Segment wierklech gutt an dat kënnt dem Auto och zegutt an de Kéieren. Den Auto gëtt, wéi och déi aner Junior Modeller, just mat der viischte Rieder ugedriwwen. Ech hat de Junior Veloce mat Wanterpneuen.

Wann een aus dem Stand de Kickdown gedréckt huet, haten d‘Pneue Problemer fir fest um Buedem ze pechen. Villäicht ass dat mat gudde Summerpneuen, net de Fall. D‘Fiederung, déi ech schonns ugeschwat hunn, ass straff. Dat hunn ech e bëssen, bei de Bremse vermësst. Hei géif ech mir, e bësselche méi Aggressivitéit wënschen.
Wéi gesäit et mam Verbrauch, respektiv dem Präis aus?
Offiziell gëtt Alfa Romeo de Verbrauch, mat 17,5 kWh un. Dat ass awer Wonschdenken. Wann ee permanent am Eco-Modus ënnerwee ass, da kann een op ee Verbrauch vun ënner 20 kWh kommen. Wann ee sech een Auto mat 280 PS keeft, wäert een awer net nëmmen an deem Modus ënnerwee sinn. Mäi Verbrauch louch bei ronn 21,5 kWh. Den Akku huet eng Kapazitéit vu 54kWh, déi versprécht eng Autonomie vun 334 Kilometer. Eng 250 Kilometer sinn et reell. Et ass also keen Auto fir reegelméisseg domadder an d’Vakanz ze fueren.
Wat elo de Präis ugeet muss ee minimum 44.678,99 Euro op den Dësch leeën. Déi einfachst Versioun vum Junior mat Elektroundriff kritt een awer vu 35.976,51 Euro un.

INTERNET: Alfa Romeo Junior