Dacia ass d’Origine aus Rumänien. D’Mark, déi zum Renault-Grupp gehéiert, huet an tëscht e phenomenale Succès realiséiert. Fir dass dat esou bleift, gouf d’Gamme iwwerschafft. Fir dat ze weisen, gouf op eng international Presentatioun invitéiert. Rendez-vous mat alle Modeller hat fir den Automag de Christian Schmit.
Si waren all mat dobäi: vum Spring, iwwer Sandero, Duster, Jogger bis bei de Bigster.

Effektiv sinn zënter dem Lancement vun der Mark am Joer 2004 10 Milliounen Dacia verkaf ginn. 700.000 Stéck eleng am Joer 2024. Ganz beléift an Europa, an dat net nëmmen an Ost-Europa. Mee et heescht um Ball bleiwen, well et ginn och Modeller, wou d’Zuelen no ënne weisen. Dat erkläert sech duerch de Manktem un Hybrid-Versiounen.

An do gouf elo nogebessert?
Genee, Hybridiséierung heescht dat dann am Fach-Jargon. Bon wëll soen, dass dat dann elo, ausser beim Spring, dee jo reng elektresch ënnerwee ass, ze kréien ass + e liichte Facelift fir si all.
Et hätt een der Clientèle nogelauschtert an elo geliwwert.

Besonnesch opgefall ass eis di Hybrid 155 Versioun fir Bigster an Duster, déi mir gefuer sinn. Dat ass en 1800er Bensinner an 109 PS + 50PS E-Motor zu Säit gestallt kritt + 4X4 Traktioun an Automatik.
Zousätzlech setzt Dacia och nach ëmmer op LPG, also Flësseggas, an esou ass et hei eng Welt-Première. Domat ass een di eenzeg Mark, déi di Kombinatioun proposéiert. Präislech bleift een nawell dee gënschtegsten Offroader-Ubidder.
Domat ergëtt sech eng Autonomie vu wäit iwwer 1.000 Kilometer, an am urbane Beräich ass een dacks reng elektresch ënnerwee.
A fir ze weisen op wéi engem schwieregen Terrain en Dacia ka beweegt ginn, goufe mir op en impressionanten Parcours geschéckt, mat spannende Passagen a Panorama.


An am ënneschte Segment, wat gëtt do Neies?
Do gouf dee klengen E-Auto Spring op de Leescht geholl. Et hätt een, esou Dacia-Ingenieuren, esou zimmlech alles geännert. Batteriepositioun + Aerodynamik Upgrade + Interieur. Mam Resultat, dass een elo an der Extreme-Versioun 100 PS kritt, woumat een de klenge Spring scho ganz viv beweege kann, an de Verbrauch op 12 kW/h reduzéiert gouf. E leeft a China vum Band, a säi grousse Bemol sinn d’Pneuen, déi och vun do kommen. D’Fuerverhalen ass grenzwäerteg, do waren d’Journaliste sech eens.

Interessant, dass e Sandero an der Basis-Ausstattung zum selwechten Tarif vun 12.500 Euro affichéiert gëtt, grad ewéi den Elektro-Spring.
Fir Outdoor-Aktivitéiten ass een och elo prett mam Dacia?
Genee do goufen Zelter an Ekipement gewisen, mat deenen ee mat de Modeller Jogger a Sandero Stepway op Adventure-Tour ka goen.

INTERNET: Dacia Lëtzebuerg
CRASHTEST: Dacia-Modeller