Sneak Preview, dat kennt e jo éischter aus dem Kino. Mee och an der Automobil-Branche gëtt op esou Eventer invitéiert, fir Modeller ze weisen, déi deemnächst op eise Stroosse rullen.
Esou och bei Skoda, wou e klengen Elektroauto d’Gamme soll verstäerken. De Christian Schmit war op där Presentatioun a Portugal dobäi.
An do geet ëm den neien Epiq, an dorëms en Elektroauto aus europäescher Produktioun fir 25.000 Euro ze lancéieren, fir d’Attraktivitéit fir d’Elektromobilitéit virun ze dreiwen.
Laang huet ee sech jo am VW Grupp Zäit gelooss, mee dëst Joer dann d’Offensiv mat gläich 4 Modeller op där selwechter Plattform. Zwee vu VW, ee vu Cupra an eben och Skoda.
Den Epiq, kompakt vu baussen, grouss bannenan, eng Autonomie, déi fir déi Klass Auto passt, an en attraktive Präis sollen den Erfolleg bréngen.

Fir de Start am Summer 2026 geet et mat der grousser Batterie a 55kw an 155kw Leeschtung lass.
Fir de “City Walk” duerch Porto an Ëmgéigend war ee mam Epiq a senger Tarnkleedung ënnerwee. Esou faarweg an originell, dass een d’Blécker op sech gezunn huet.
Déi éischt Fuerandréck ware positiv. Typesch Skoda: kloer Design-Linnen, kee Schnick-Schnack ass ze erwaarden, an och kee Retro Look. Sober robust an héichwäerteg, esou wäert en am Summer an de Showroom kommen.

Am Mee fält dann definitiv de Voile op der internationaler Presentatioun, an och do ass den RTL-Automag mat um Rendez-vous.