Automag - Richteg "getest"Škoda Kodiaq RS 4x4

Andy Brücker
Net fir näischt ass de Kodiaq e Bestseller bei Škoda, dat huet e beim Test iwwer vun iwwer 2.300km bewisen.

An dësem Automag huele mer iech mat op d’Rees, wann een et emol sou nenne kann. Den Andy Brücker hat de Škoda Kodiaq am Test, an huet dat mam “testen” dann och wierklech ganz genee geholl.

Automag: Škoda Kodiaq RS (26.3.26)

Sou ass et... et ass elo schonn 2 Méint hier, ma ech hat vun der Geleeënheet profitéiert, fir Enn Januar mam Kodiaq eng Rees op de Rallye Monte-Carlo ze maachen. Et sinn net manner wéi 2.360km zesummekomm, do huet een da scho Geleeënheet den Auto besser kennenzeléieren, wat bei aneren Tester net wierklech ëmmer de Fall ass.

© Andy Brücker

Vill Plaz

Nee, well dat war nämlech och ee vun de Grënn, wisou sech deen Test sou ugebueden huet. Mir sinn zu 3 am Auto dohinner gefuer, an op der Plaz sollten nach emol 3 Leit dozou stoussen. Deemno wollt ech e 7-Sëtzer, an déi Optioun hat de Kodiaq. Fir d’Rees dohinner hu mer konnte vun der grousser Mall mat 910 Liter Volume profitéiere fir eis Wallissen, Schong asw ënnerzebréngen.

© Andy Brücker

Sur place konnte mer déi drëtt Sëtzrei mat an den Asaz huelen. Allerdéngs ass dat just eppes fir kuerz Distanzen, oder wa Kanner an der drëtter Rei sëtzen, well wierklech Beefräiheet huet een do net. D’Mall ass och als 7-Sëtzer nach ze gebrauchen. Wann ee sech géint eng drëtt Sëtzrei entscheet, gewënnt een nach emol vill Plaz an der Déift.

© Andy Brücker
© Andy Brücker

Um Enn ware mer just zu 5 am Auto ënnerwee, an do war de Kodiaq eng gutt Transportléisung mat genuch Plaz, och wa sech déi 3 Hären an der zweeter Rei natierlech méi no komm sinn.

Huet ee “just” Kanner hannendran, da si sou Saache wéi den optionalen Handy- oder Tabletthalter och eng flott Méiglechkeet, dass dës op engem méi laangen Trip zum Beispill och emol e klenge Film kënne kucken. Dëse gëtt hannen um Sëtz einfach ageklickt. Wann een en net méi brauch, ass Plaz an der Mall dofir.

© Andy Brücker

Eng flott Léisung hunn ech och kleng Poubelle fonnt, déi an der Dier kënnen installéiert ginn, mat klengen Tuten dran. Virun allem op méi laange Reesen, wou dann awer och emol eppes genaschelt gëtt, ass dat praktesch, fir dass den Dreck herno net einfach sou iergendwou am Foussraum oder an den Dier-Fächer verschwënnt.

© Andy Brücker

Motorisatioun

Well et ebe sou vill Kilometer waren, dann nach op e Rallye, wou bekannt dofir ass, dass do gär och emol Schnéi an Äis eng Roll spillen, war et mer wichteg, dass et en Allrad ass, an am léifsten och keen Elektro, well ech net ze vill länger Pause wollt aleeë fir ze lueden. Mir perséinlech wier dat nach egal gewiescht, well dat mëttlerweil och Deel vum Alldag bei Autotester ass, ma ech wollt meng Passagéier net dozou zwéngen, sech deementspriechend och musse mat mir ze gedëllegen. Eng aner Inconnu war fir mech de Reseau un Elektrobornen an de Bierger ronderëm Gap a Frankräich. Deemno sollt et schonn e Verbrenner sinn. Ech hat de Kodiaq RS mat engem 2 Liter Bensinner an 265 PS, dëst wéi gesot am 4x4. Et soll sech erausstellen, dass dee Choix méi wéi richteg war.

© Andy Brücker

Wourop bezitt sech déi Ausso?

Domat war den Allrad gemengt, well mir haten deels massiv verschneite Stroossen, an do konnt den RS sou richteg seng Schockelassäit weisen. E groussen Undeel haten och d’Wanterpneue vu Bridgestone, déi phenomenal gutt funktionéiert hunn. Fir dee wou et interesséiert, et war de Bridgestone Blizzak 6 Enliten, an de Moossen 235/45/20. Op engem 2 Tonnen SUV funktionéiert e wierklech gutt am Wanter.

© Andy Brücker

An de Bierger ronderëm Gap kéint ee mengen, dass d’Awunner gutt equipéiert si fir sou Wieder, ma ech muss soen, mir ware wäit iwwerleeën. Egal a wéi enger Situatioun, mir sinn iwwerall immens gutt a sécher duerchkomm, och wann et mol méi rutscheg war, respektiv d’Strooss vu Schnéi net méi z’erkenne war. Deels hunn ech mech musse bremsen, fir net z’iwwerhuelen, well ech hu gemierkt, dass den Auto méi konnt, wéi dat wat ech vun em gefuerdert hunn. Et huet ee sech zu all Ament sécher gefillt an och meng Passagéier ware méi wéi erstaunt, wéi gutt de Kodiaq dat gemeeschtert huet. E puer Situatiounen op klenge Feldweeër mat Äisplacke war do scho méi kriddeleg, ma ëmmer nees huet den Allrad z’iwwerzeege gewosst an huet eis net am Stach gelooss.

© Andy Brücker

Wéi huet e sech da geschloen op déi méi laange Faarten?

Och do konnt e Punkten. Mäi Réck ass net méi dee gesondsten, ma ech hat zu kengem Ament Réckwéi. D’Sëtzer kënne sech an all Richtungen astelle loossen, si sportlech an zugläich awer och bequeem a gutt verschafft.

© Andy Brücker

D’Iwwersiicht am Kodiaq ass gutt an d’Manipulatioun vum Infotainment ass intuitiv. Dozou kommen nach eng ganz Partie Astellméiglechkeete fir de Fuermodus, respektiv d’Klimaanlag, déi iwwer Dréi- an Dréckknäppercher funktionéieren. Deels kann een déi och nach personaliséiert beleeën, wat nach méi User-frëndlech ass.

© Andy Brücker

Wéi fält däi Fazit dann aus, a wat kascht de Škoda Kodiaq RS?

Mäi Fazit ass duerchaus positiv. Et ass en alldagstaugleche Familljen-SUV, dee souwuel Fuerspaass bitt, wéi och och vill Plaz an e sëllege clever Léisungen, wat jo ëmmer eng vun de Stäerkte vu Škoda war. Do erwänen ech zum Beispill den Afëllstutze fir d’Wëschwaasser nozefëllen. Mir wëssen all, dass do gäre mol déi eng oder aner Schlupp dolaanscht geet, wann een dësen ouni Triichter afëllt. Škoda huet heivir den Deckel vum Afëllstutzen esou geformt, dass een en ëmklappe kann, sou dass eng Zort Triichter entsteet. Sou simpel, awer och sou clever.

© Andy Brücker

Scho méi laang huet Škoda jo och schonn entweder e Prabbeli oder e Schnéibiesen an de Chaufferdieren integréiert. Bei eisem Testauto hate mer dann och nach en Äiskrazer am Tankdenkel, wat och definitiv eng praktesch Léisung ass.

A propos Tankdeckel... De Verbrauch wärend mengem Trip hat sech bei 9,3 Liter op 100km agependelt. Deels war ech bei 8,2 Liter. Et kann een awer och problemlos e Verbrauch vu 7,xx Liter hunn, wann ee manner Autobunn fiert, net stänneg Biergstroossen am Schnéi eropkraxelt an dobäi nach zu 5 Maanskärele mat Gepäck ënnerwee ass.

© Andy Brücker

Präislech geet et fir e Kodiaq lass bei ronn 45.000 Euro. Eisen Testauto am RS mat Allrad, Panoramadaach, Standheizung, Attache remorque an nach e puer weider Optioune koum op 68.860 Euro.

© Andy Brücker

INTERNET: Škoda Kodiaq
CRASHTEST: Škoda Kodiaq

Back to Top
CIM LOGO