Virun e puer Méint, huet VW den ID.Polo als sougenannte Sneak Preview presentéiert. D’Kriticke vun de Journalisten op de klengen elektreschen Auto vu Wolfsburg waren duerchaus positiv. Elo huet VW den ID. Cross och als eng gewëssen Sneak Preview der Press presentéiert. Fir eis war de Rich Simon aus eiser Automag-Redaktioun mat dobäi. Rich, fir dech war et een déjà-vu....
Dat ass effektiv wouer, well ech war och beim ID. Polo mat dobäi a genee wéi deen, war och nees den ID. Cross verkleet. Dat gëtt gemaach, fir den Auto net an all sengen Detailer ze presentéieren. Baussen ass dann eng Folie iwwer d’Karosserie gepecht a bannen ass zum Deel, den Tableau de Bord mat Teppecher bedeckt. Soss ass den Auto awer praktesch identesch mat der finaler Versioun, déi dann an den nächste Méint, dem Grand-Public presentéiert gëtt.

Apropos “Grand"; Wéi grouss ass dann den ID. Cross?
Et ass a sech de grousse Brudder vum ID. Polo. Et ass een SUV aus dem B-Segment. Dat sinn Autoen, déi sech queesch duerch all d’Marken duerch d’Bank gutt verkafen. An op deen Zuch hofft och VW mam ID. Cross kënnen opzesprangen. Dat ass batter néideg, well zu Wolfsburg lecke se sech ëmmer nach d’Wonnen, vu beispillsweis dem ID.3, deen alles anescht wéi gutt bei de Leit ukomm ass.
Kann dat dann an dengen Ae geléngen?
Ech géif mengen Jo. Genee wéi beim ID. Polo, geet een och nees beim ID. Cross op de Wee, fir vum haarde Plastik nees ewech ze kommen an anstännegt Material, bannen am Auto, ze verschaffen. Dat ass schonns emol een décke Pluspunkt.

Den Auto huet eng Längt vu 4 Meter a 15 Zentimeter an eng Breet vu 1 Meter an 81 Zentimeter. An déi gi ganz gutt ausgenotzt. Engersäits hues de fir een Auto aus dem B-Segment wierklech gutt Plaz, anersäits ass d’Mall mat 475 Liter normal an 1.340 Liter mat ëmgeklappte Sëtzer, wierklech grouss, fir dat Segment.
Wann een den Auto vun der Säit kuckt, dann ass fir mech, eng gewëssen Ähnlechkeet an der Silhouette mat de Range Rover Modeller ze erkennen. Allerdéngs am klengen.

Du hues elo vill iwwer den Design a.s.w. geschwat. Wéi verhält sech den ID. Cross dann op der Strooss?
Den Test war ronderëm Amsterdam. Firwat soen ech dat? Ganz einfach, well dat net déi beschte Stroossen a Strecke sinn, fir een Auto ze testen. Et ass Schued, datt et nach ëmmer Marke ginn, déi sech aus iergendwellechen Iwwerleeungen fir esou Teststrecken decidéieren. An awer war mäi Feeling fir den Auto, genee wéi schonns beim ID. Polo, positiv. D’Lenkung ass präzis, besser wéi een dat aus enger Partie vu chineesesche Modeller kennt an och d’Suspensioun ass ass gutt.

Duerch de ville Stop & Go, op den hollännesche Stroossen an och der ze kuerzer Teststreck, verzichten ech drop hei de Verbrauch unzeginn. Dee géif sécherlech net der Realitéit entspriechen. Ech hat d’Top-Versioun, mat den 211 Päerd ënnert de Rieder. Fir mech ass et och déi, déi am meeschte Sënn mécht, fir ze kafen.
Wéi eng Batterië stinn dann iwwerhaapt beim ID. Cross zu Verfügung?
Dat sinn déi selwecht Aggregater wéi beim ID. Polo. Eng Batterie vu 37 kWh, mat 116 respektiv 135 PS an dann och nach een Akku mat 52 kWh an 211 PS. Wat déi genee WLTP-Norme sinn, konnt VW nach net genau matdeelen, well et een Auto ass, deen zum Deel awer nach an der Pre-Konfiguratioun ass. Mam klengen Akku soll een 312 Kilometer wäit kommen, mat deem méi grousse sollen eng 436 Kilometer méiglech sinn. Méi genee ass een awer mat der Vitesse, mat där den ID. Cross ka geluede ginn. Jee no Akku mat Gläichstroum tëscht 80 an 105 kW an doheem un der Wiesselstroum-Steckdous, mat de gewinnten 11 kW.
De geneeë Präis ass och nach net bekannt. An der Basis, soll den ID. Cross awer schonns fir 28.000 Euro ze kréie sinn. Mëtt Juli gëtt den Auto als Weltpremière gewisen. Ufank Dezember soll en dann an de Showrooms stoen.
