Automag: Avant-PremièreVolvo EX60

Akim Schmit
Andy Brücker
Virun der offizieller Presentatioun konnte mer schonn e Bléck op den neie Volvo EX60 geheien.

Mam EX30 an EX90 huet Volvo esouwuel d’Entrée de Gamme ewéi och d’Premium-Segment zerwéiert. Wat nach feelt, dat ass déi gëlle Mëtt - a genee déi soll den EX60 fëllen. Den Akim Schmit mat den Detailer.

Automag: Volvo EX60

Volvo säin neiste Worf op eng Roadtour duerch Europa geschéckt – a fir een Nomëtteg war den EX60 zu Lëtzebuerg op Besuch. Fueren dierfte mer den EX60 awer nach net, an och kleng Ännerunge wieren nach méiglech, huet et geheescht. D’Produktioun leeft nämlech eréischt un, an den EX60, deen ze gesi war, war e Virseriemodell.

© Akim Schmit

Et ass Volvo also drëms gaangen, den EX60 un ze teaseren. Huet dat da geklappt?

Bis elo war d‘60er Rei – also S, V an XC60 – déi erfollegsräichste Gamme an den EX60 soll genee do uknäppen an d’Success-Story am elektreschen Zäitalter viru schreiwen. Mam neie Modell feiert an engems déi nei Plattform SPA3 („Scalable Product Architecture“) hir Première. Déi ass eng komplett Neientwécklung, 100% op elektresch Gefierer ausgeluecht an esou modular, dass net nëmmen SUV’en, mee och Kombie méiglech wieren.

© Akim Schmit

Bleiwe mer nach kuerz bei der Technik – Stéchwuert Leeschtung, Batterie, Reechwäit?

Gläich 3 Versiounen (P6, P10 a P12) bitt Volvo un an alleguer hu se ënnerschiddlech vill Leeschtung a Batteriekapazitéit. Lass geet et mam P6 mat 275 kW (374 PS), 80 kW/h Akku (netto) a 620 km Reechwäit. Topmodell ass de P12 AWD mat 500 kW (680 PS), 112 kW/h Akku (netto) an enger Reechwäit vu bis zu 810 Kilometer. Alleguer d’Akkue schaffe mat 800 Volt a loosse sech mat bis zu 370 kW lueden. Domat läit Volvo knapp hannert dem BMW iX3 (400 kW) awer nach virum Mercedes GLC (320 kW).

© Akim Schmit

Du hues elo vu BMW iX3 a Mercedes GLC geschwat – ech huelen un, dat si seng Konkurrenten ?

Richteg – den EX60 spillt an der ieweschter SUV-Mëttelklass an ass mat senge 4,90 Meter kee klengen Auto. Beim Design setzen d’Schweeden op déi aktuell EX-Design-Linn. Klassesch Diergrëffer gëtt et keng méi, dofir awer eng Zort Flossen op Héicht vun de Fënsteren.

© Akim Schmit

Bannendran dominéiert den zentralen Ecran, Knäppercher sinn op de Minimum reduzéiert. Domat dierft den EX60 sech éischter un en Technik-affine Public riichten. Fir de Rescht suergen Naturfaarwen a kloer Linnen fir e gutt Raumgefill.

© Akim Schmit

Wéi sech de Volvo EX60 fiert gi mer dann eng aner Kéier gewuer. Mee vläicht nach e Wuert zum Präis?

Am EX60 kënnt déi neist Technik an den Asaz, an déi huet hire Präis: lass geet et bei 61.200 Euro (P6, RWD), de P12 AWD bei ronn 68.000 Euro.

© Akim Schmit

Back to Top
CIM LOGO