An dësem Automag komme mer op e chineesesche Modell ze schwätzen, deen awer och scho seng Wuerzelen hei an Europa virweise kann. Rieds ass vum XPENG G9. Den Andy Brücker hat dëse rezent am Test.
Mat de Wuerzelen an Europa hues de Recht, well mëttlerweil ginn de G6 an de G9 vun XPENG och zanter 2025 an Éisträich bei Magna Steyr zu Graz gebaut gëtt. Mir kucken an dësem Test da méi genee op de G9, bei deem et elo eng Partie Updates gëtt.
Gëtt et dann do een Update, dee besonnesch erausstécht?
Jo, do géif ech op alle Fall d’Vitess beim Lueden ervirsträichen. Mir haten et nach net gesot, ma de G9 ass e groussen Elektro-SUV. Et ass en Auto, dee sech ubitt fir och emol länger Reesen ze maachen. Do spillt d’Autonomie dann eng grouss Roll, an an deem Zesummenhang och d’Fäegkeet ze lueden. Déi gouf beim neie G9 nach emol däitlech verbessert, Dank der 800V-Technologie. Technesch soll et elo méiglech si mat 525 kW ze lueden... jo 525kW.

Wann ech mech net ieren, hu mer aktuell hei am Land mol keng Elektroborn, déi dat kéint bidden. Borne vun 350kW ginn et schonn eng Partie... 400kW hunn ech och scho mol begéint. Bei voller Leeschtung soll et méiglech sinn, bannent just 10 Minutte vun 10 op 80% ze lueden.

Wéis de scho sos, ass d’Autonomie do och e wichtege Faktor. Wou leie mer dann do?
Déi ass no WLTP ugi mat tëscht 500 a 585 Kilometer... jee nodeem, fir wéi ee Modell ee sech entscheet. E flotte Feature ass hei, dass een d’Autonomie am Display kann upassen tëscht “WLTP” an “Dynamesch”. Deemno kritt een zimmlech genee ugewisen, wéi wäit ee mat sengem Fuerstil kënnt.

Bei mir waren dat bei wanterleche Konditiounen a vill Autobunn gutt 400km, dat an der Performance-Ausféierung, wou 540km no WLTP ugi sinn.

Dat si jo awer schonn Distanzen, wou ee sech och mol kéint op e längeren Ausfluch trauen. Ass de G9 dat richtegt Gefier dofir?
Dat kann ech mat engem klore “Jo” beäntweren. Ugefaange beim Interieur, dee wierklech héichwäerteg verschafft ass a wou ee sech direkt wuel dra spiert. Fir länger Faarte méi angeneem ze gestalten, huet ee Massagesëtzer, déi bal keng Wënsch onerfëllt loossen.

D’Loftfiederung ass ganz effikass, ouni ze schwammeg ze wierken. Dat Fuerwierk ass iwwregens och an der Héicht astellbar an engem Beräich vu Plus oder Minus 50mm, woumat souwuel méi e sportleche Look a Fuerverhale méiglech ass, grad ewéi Offroad-Fäegkeeten.


Et ginn awer och Punkten, déi net sou positiv waren...
Leider jo, an do ass et wéi sech dacks d’Elektronik, respektiv d’Sécherheetsfeatures. Stänneg gëss de am Display ugemeckert, dass de d’Steierrad solls unhalen, obwuel een op d’mannst eng Hand drun huet. Dat mam Lane Assist klappt quasi guer net, d’Vitess vum Tempomat upassen ass eng Konscht fir sech an d’automatesch Luuchte provozéieren dacks rose Reaktioune vun Automobilisten, déi engem entgéint kommen oder virun engem fueren. Do muss XPENG defintiv nach bei der Software nobesseren.

Wéi géif dann däi Fazit ausfallen, nodeems de ronn 400 Kilometer domadder gefuer bass?
Alles an allem ass et wierklech gudden Auto, mat engem Design, dee vill Leit positiv usprécht. E fiert sech wierklech komfortabel, den Infotainement ass gutt, et huet ee vill Plaz an d’Veraarbechtung ass op engem ganz héijen Niveau.
Präislech geet et lass bei knapp 60.000 Euro, wat fir sou vill Auto net ze vill ass, wann een et mat Konkurrenzproduite vergläicht. Als Allrad-Performance-Versioun sinn et op d’mannst 72.600 Euro, wat ganz raisonnabel ass, wat Präis-Leeschtung ugeet.
