Wéi scho lescht Joer ugekënnegt koumen d’Nouvelle bei Skoda eréischt no der Editioun 2024.

En neien E-Skoda ass den Highlight

Den Enyaq kritt ee klenge Brudder: den Elroq. Natierlech baut och hien op der MEB-Plattform op, zielt mat 4,5 Meter Längt awer zu de kompakten SUV. Nieft dem charakteristeschen Design ka beim neien Elroq besonnesch déi exzellent Aerodynamik vun nëmmen 0.26 an een immens klenge Wendekrees ervirgehuewe ginn.

Fir wann ee Plaz brauch?

Fir grouss Famillen oder Leit mat späeregen Hobbien war de Superb nach ëmmer eng “valeur sûre”. Elo start de groussen Tschech als Fliessheck a Kombi an eng komplett nei Generatioun. An déi behält natierlech déi bewäerte Qualitéiten, wéi ënnert anerem deen immens generéise Banneraum. Déi meescht sëtzen awer nach gäre méi héich a wäerten dowéint warscheinlech éischter zum neie Kodiaq gräifen. Déi zweet Generatioun vum gréisste Skoda-SUV bitt nieft neiem Design och méi Plaz bannenan an nei Features. Wéi zum Beispill déi nei Matrix-Pharen oder dat neit Banneraum-Konzept. Net feelen dierf natierlech och d’Topversioun Kodiaq RS mat den typesche schwaarzen Accenter an 20-Zoll-Rieder. Säin 2.0 TSI-EVO-Bensinner bréngt 265 PS via Allrad op d’Strooss.