Fir de Festival kann een d’Corvette E-Ray live am Showroom gesinn.

Allweather-Corvette

Och Chevrolet kënnt net derlaanscht a spréngt mat der Corvette E-Ray op den Hybrid-Zuch op. Nujee, net ganz – offiziell schwätzt Chevrolet vu grousse Virdeeler bei der Traktioun a virun allem vun engem Sportswon deen an alle Joreszäite fuere kann – mat engem zousätzlechen E-Motor un der viischter Achs gëtt d’Corvette nämlech zum Allrad-Sportler.